Oh mei, ech wosst net, datt d'Personal aus dem Finanzberäich an anerer sou aarm sinn, datt si an der Course vun der Prekaritéit nach virun de Clienten vun Caritas an Croix-Rouge rangéieren. Des läscht mussen nämlech an den épiceries sociales, nodeems si een Sozialcheck duerchgelaf sinn, teschend 3 a 5 Euro bezuelen fir een Artikel ze kafen deen 15 Euro am Geschäft kascht.

Dank der Ëmsiicht vun der Finanzministesch brauchen déi dausenden vun Salariéen, déi vun de chèques-repas profitéieren, vum 1.1.2024 un, nëmmen 2,80 Euro ze bezuelen fir een Artikel vun 15 Euro ze kafen, an dat obschonns déi 2,80 Euro vun hirem Loun als avantage extra-légal och nach manner besteiert gin. D‘Finanzministesch argumentéiert mat engem Inflatiounsausgläich - dee betrëfft déi sozial schwaach Leit wuel net sou staark well hir Pai méi kleng ass - a mat der Nofro vun der Horeca - déi verzichten wuel drop deenen sozial Schwaachen och nach e Mëttegiessen ze spendéieren.

Dat nennt een ee sozialen Skandal an et bleift ze hoffen, datt am Parlament sech Deputéiert fannen, oder an der Gewerkschaftszeen e puer Mandatairen erwächen, déi de Courage hunn dee Skandal ze devoiléieren  an unzekloen, oder de ganze System Chèques-repas an déi Poubelle ze geheien, wou e schonns laang higehéiert. Wann schonns net de Conseil d‘Etat op déi Iddi kënnt.

Gaby Urbé