Eng Wal vun der Vernonft?

Entgéint dem weltwäit beobachten Trend an den demokratesche Rechtsstaaten, schéngen sech d'Lëtzebuerger Wieler nach ëmmer vun der Vernonft leeden ze loossen a wéineg op "populistesch" Angschtmaacherei, Auslännerfeindlechkeet an onhaltbar Verspriechen eranzefalen. Ech weess, dass dat Wuert "populistesch" en onkloren an net-zefriddestellende Begrëff ass, mä bei eis geet et nu wierklech nach net duer, fir no dësem Walresultat vun engem Rietsrutsch vun eiser Gesellschaft ze schwätzen, "riets" am Sënn vu rietsradikalem an autoritärem, also anti-demokrateschem Gedankegutt. Ech woen ze behaapten, dass dat Gedankegutt zu Lëtzebuerg nach ëmmer staark minoritär ass, am Géigendeel zu eisem Nopeschland Däitschland wou et scho säi Wee bis an d'Mëtt vun der Gesellschaft fonnt huet. Kuckt duerzou d'Leipziger Autoritarismus Studie 2022 ënner dem Titel: "Autoritäre Dynamiken in unsicheren Zeiten. Neue Herausforderungen - alte Reaktionen", besonnesch d'Kapitel 6 "Demokratie und politische Kultur" ab S. 185.
Wat och ganz positiv ass, dass d'regierungsfäeg Parteien um gudde Wee sinn, fir sech ze erneieren, mat jonken, dynamesche Kandidat-innen, an dass dat och vun de Wieler_innen honoréiert gëtt.
Mä Lëtzebuerg ass keng Insel, a bei eis gëtt et och eng Partie Leit, déi sech eben net oder net nëmme vun der Vernonft an de Fakte leede loossen, mä vun alternative Fakten a vu Ressentimenter, déi sech leider och zu Lëtzebuerg um politesche Plang haaptsächlech géint gréng Politik riichten an um gesellschaftleche Plang géint Minoritéiten. Vill vun deene Stëmme sammelen sech riets vun der CSV, sinn awer ëmmer nach staark minoritär, mindestens emol an hirem elektoralen Ausdrock.