Nom Accident mat der bekannter Standseelbunn zu Lissabon sinn antëscht all d'Doudesaffer identifizéiert.

Et handelt sech ëm 5 Portugisen, dräi Britten, zwee Kanadier, zwee Südkoreaner a jeeweils een Doudesaffer aus der Schwäiz, der Ukrain, Frankräich an den USA. Een Däitschen, deen am Ufank vun der portugisescher Police och als dout gemellt gi war, konnt e Freideg vu sengen Elteren schwéier blesséiert an enger Klinik zu Lissabon fonnt ginn. D'Eltere ware virdru scho geruff ginn, fir en Doudegen z'identifizéieren, deen hire Jong sollt sinn.

Déi bekannten Touristenattraktioun "Elevador da Gloria" war e Mëttwoch wuel wéinst engem futtisse Seel ongebremst déi géi Strooss erof gerannt, entgleist an um Enn widdert ee Gebai getippt. 16 Persoune si gestuerwen, 21 deels schwéier blesséiert ginn.

Eng vun de Froen, déi sech stellen, ass op d'Maintenance vun der Bunn ëmmer adequat gemaach gouf.