De CGDIS mellt am ganzen 3 Accidenter e Freideg den Owend bei deenen en Auto an e Bam gerannt ass.

An der Gäichel an tëscht Riedgen an dem Schléiwenhaff ass dobäi jeeweils eng Persoun verwonnt ginn. Tëscht Bartreng an der Gréiwelsser Barrière blouf et beim Materialschued.

Dat war och zu Schwéidsbeng de Fall, wou e Motorrad um Samschdeg kuerz virun zwou Auer gebrannt huet.