Gutt eng Woch no de Kommunalwalen sinn erëm déi selwecht Diskussiounen amgaang, wéi viru 6, 12 asw. Joer. 2029 dierft et leider och net vill anescht sinn.

D’Interpretatioun vum Wielerwëllen duerch déi nei an al Gemengeréit schléit wuel sou munchem béis op de Mo.

Op der enger Säit hu mer déi, déi net vun der Muecht ewech wëllen. Op der anerer Säit déi, déi endlech aus der zweeter Rei eraus an déi éischt wëllen, och wann d’Walresultat et eigentlech net esou hiergëtt. Anerer wénken direkt Rauten, nodeems se gutt ofgeschnidden hunn a wëllen näischt mat engem Buergermeeschter- oder Schäffenposten um Hutt hunn. Nujee, et hätt ee jo vläit awer kinnten domat rechnen, datt een gewielt gëtt an ee gudde Score mécht. De Wieler, dee séi Vertrauen an déi Kandidaten gesat huet, seet Merci a kuckt no, wéi deen dann een aneren zum Buergermeeschter mecht. Hätt am Flyer gestanen «Wielt w.e.g. mech, mee mengt awer elo nëmme net, datt ech Buergermeeschter oder Schäffe wëll ginn.», hätt een et sech vläit anescht iwwerluecht.

Zum Schluss bleiwe nach déi iwwreg, déi trotz engem gudde Resultat net laang gefrot ginn. Si kréien relativ schnell matgedeelt, datt een ouni si plangt. Och do seet de Wieler Merci.

Dat nennt een da wuel Duerfpolitik «par excellence».

Ännere kann een do leider näischt. Luewenswäert sinn do dann awer Politiker wéi z.B. de Jean-Paul Schaaf (Ettelbréck), deen net laang versicht huet Buergermeeschter ze bleiwen, mee deen d’Zeechen vun der Zäit erkannt an de Wielerwëllen respektéiert huet.

Reng theoretesch kinnt souguer dee lescht Gewielten zum Buergermeeschter gemeet ginn a keen kinnt eppes dergéint soen. Feelt u sech just nach, dass Gewielter extra demissionéieren, fir dat ee kann noréckelen, deen et da gëtt. Mat eisem aktuellen Walsystem dierft dat iergendwann esouguer eng Kéier de Fall sinn. Majoritéit ass ebe Majoritéit. Op dat d’Vertrauen an d’Politik stäerkt? D’Äntwert kennt der.

Fir all deem aus dem Wee ze goen gëtt et eng Léisung : de Buergermeeschter gëtt direkt gewielt.

An de Proporzgemengen stellt all Partei- a Biergerlëscht ee Kandidat op, deen et och definitiv wëll ginn. Deen déi meeschte Stëmme vum Wieler kritt, ass automatesch Buergermeeschter. Seng Schäffen ginn dann op Gronn vun de «Muechtverhältnisser» am Gemengerot designéiert.

An de Majorzgemengen ass et automatesch den Eischtgewielten.

An de Gemengen, an deene sech der just genuch oder net genuch gemellt hun, gëtt trotzdem gewielt, fir eng Reiefolleg dran ze kréien.

Dat Ganzt setzt natierlech Ännerungen un eise Walgesetzer viraus.

A fir datt de Wieler no de Walen keng béis Iwwerraschung erliewt, wär et och net schlecht, wann all déi, déi vu vir era souwisou wëssen, dat se net am Schäfferot wëlle setzen, dat vun Ufank uns och matdeelen. So eng Zort Stempel «Stëmmefänkert fir meng Lëscht» niewt der Foto an de Brochüren asw. wär da net schlecht ;-)

Bettendorf Marc