Während dem Covid, si vill Politiker an och vill aner Leit sech bewosst ginn, wei wichteg et ass gudd a genuch Leit am Gesondheetswiesen ze hunn. Et ass geklappt ginn a Luef ausgeschwat ginn. Hir Aarbecht ass oft schwéier. D ‘Unerkennung vun der Aarbecht di geleescht gëtt, bleift oft aus. Gehälter sinn net esou schlecht. Duerfir kommen vill Leit aus dem Ausland heihinner schaffen. Di materiell Aarbechtskonditiounen sinn och net déi schlechts, wann een se mat aneren Länneren vergläicht.

Trotzdem musse mir eis Fro stellen wei eng Wäertschätzung de Gesondheetsberuffer vun den verantwortlechen Politiker an Organisatiounen (Parteien, Syndikater, Ententen, etc) entgéint bruecht gëtt.

En éischten Punkt betrefft d ‘Attributiounen vun den Gesondheetsberuffer. Laut enger Décisioun vum 4 Juni 2021 vun der Cour constitutionnelle mussen alleguer d ‘Attributiounen, Missiounen, etc di bis elo als Règlement grand-ducal geschriwwe waren ugepasst ginn. Dat heescht d ‘Regierung muss dorauser een oder e puer Gesetzer maachen. Eis Constitutioun gesäit vir dass alles wat Gesondheet betrefft, muss iwwer Gesetz geregelt ginn. De Staatsrot huet dat an e puer Avisen séit 2014 widderholl. Elo ass et dringend, well an der Décisioun vum 4 Juni 2021 steet och en Datum dran wou des Reglementer ongülteg ginn. Den 30 Juni 2023! Dat ass elo gläich. Eis Regierung huet et just virum Datum (haut Donneschdes den 29.6.2023 gëtt en an der Chamber gestemmt!) wahrscheinlech gepackt dass et keen Vide juridique fir Gesondheetsberuffer gëtt. Mä de Wee dohinner war schwiereg an stresseg, fir Beamten vum Gesondheetsministère an och alleguer Leit aus den Gesondheetsberuffer. Wann Beruffer wichteg sinn, da soll een nët op de läschten Moment et drop ukommen loossen.

En zweeten Punkt deen an der Fro vun der Wäertschätzung muss uschwätzen ass d ‘Ausbildung. Wann ee kuckt wéivill leit hei zu Lëtzebuerg ausgebilt ginn, dann entsprécht dat just zu engem klengen Deel dat wat gebraucht gëtt. Eis politesch Responsabel missten dat schonns séit Joren wëssen. Et weess een wéivill Leit a Pensioun ginn, wat den Turn-over ass, an et weess een wéivill leit all Joer aus der Formatioun fäerdeg ginn. Des 2 Chifferen klappen séit Joren net iwwereneen. Et sinn wéineg Efforten geholl ginn dat ze änneren. Promotioun ass vernoléissegt ginn. Finanziell Moyen sinn an aner Projeten gestach ginn ouni d ‘Basisformatiounen opzewäerten. Et sinn Klasse geschaf ginn fir dass di Jonk weider studéieren kenne goen awer wou den Ofschloss net erlaabt am Gesondheetssecteur ze schaffen. Et gëtt elo dovunner geschwat nei Beruffer ze kreéieren. Ech froen mech wei sie d ‘Leit wëllen duerfir begeeschteren wann dat schonn net bei deenen aneren de Fall war. Fro di een sech muss stellen ass fir wat Leit et net wëlle maachen oder firwat se ophalen? En neien Beruff léist de Problem net am Fong!

Eng Rei Reformen sinn zwar ugestouss ginn, awer oft ouni d ‘Realitéit vum Secteur ze beuechten. Virun 2 Joer war eng Étude lancéiert ginn iwwert Gesondheetsberuffer fir se un d ‘Realitéit unzepassen an ze förderen. Leider ass des Reform an Stocken geroden. Niewebäi muss een och soen dass eng Réi Professionneller net frou sinn, wei mat hinnen do ëmgesprongen gëtt. Och d‘Informatioun, Transparenz an den respektvollen Ëmgang mat den Gesondheetsberuffer kann eng Wäertschätzung sinn.

En 3ten Punkt betrefft den Conseil Supérieur de certaines professions de santé. Och des Instanz soll reforméiert ginn. E Projet ass ausgeschafft ginn. Eng Wäertschätzung hei wier och dëser Institutioun déi Moyen zur Verfügung ze stellen fir dass sie hir Missiounen kann erfëllen. Vill Leit kommen do benevol dohin, a mussen schwéier Gesetzestexter liesen. Dat hellt vill Zéit eweg. Wann een dann nach wëllt dorop reagéieren, dann ass oft di gesamt Fräizäit di drop geet. Ass dat eng Wäertschätzung vun de Leit di sech wëllen fir hiren Beruff engagéieren an di sech Gedanken maachen wei een dat kann verbesseren. Et feelt hei un Personal fir Aarbecht ze meeschteren, materiell Konditiounen fir et gudd ze maachen (Säll, Accessibilitéit zu den Dossieren an eng Unerkennung fir dat wat een mécht (Avis schreiwen, Präsenz bei Reuniounen, ...)

En 4ten Punkt betrefft alles war ronderëm eis Aarbechten geschitt: d ‘Aarbechtskonditiounen (Méiglechkeet vun der Garde vun de Kanner, Récupératioun vun stresseger Aarbecht, Formation continue, Supervisioun, ...) Speziell fir Gesondheetsberuffer sinn verschidden Situatiounen extrem ustrengend well ee mat Mënschen schafft. Et ginn Situatiounen wou d ‘Nerven extrem strapazéiert ginn (Doud, Urgencë fir Liewen ze retten, mënschlech Reaktiounen op Informatiounen di d ‘Liewen vun de Leit staark beaflossen, ...)

Och hei kennt d ‘Regierung an di betraffen Institutiounen sech Gedanken maachen, wat ee ka verbesseren. Et muss net bei all Beruff datselwecht sinn.

5ten Punkt: all Gesondheetsberuff brauch eng Autorisation d’exercice vum Gesondheetsministère. Et muss ee feststellen dass des Konditioun wéineg kontrolléiert gëtt an de Ministère sech och wéineg Moyen gëtt dat ze maachen. Bei iwwer 10.000 Leit di wahrscheinlech am Secteur schaffen sinn et vläit 2-3 Leit di dat iwwerwaachen. Des Beamten maachen niewendrun wahrscheinlech nach eng rëtsch aner Aarbechten. Fro ass wei kann een dat verbesseren? Wei kann een dat iwwerwaachen? An enger rezenter Kontroll ass festgestallt ginn dass Leit net ageschriwwen am Register deen um Ministère ass. Et war jo och schonn erstaunlech dass se Leit aus dem Gesondhietwiesen beim Ministère hu misste mellen wei den Covid komm ass. Eigentlech hätt de Ministère des Informatiounen missten hunn. N.B Déiselwecht Ausso hu se jo och rezent zu den Pédiateren gemaach, wou se net wëssen wéivill Leit do schaffen! Duerch méi personell Moyenen a méi Drock an Informatioun bei den Patronen kéint een dat an de Grëff kréien An doduerch Wäertschätzung vun de Beruffer förderen.

6te Punkt: Am Gesondheetswiesen ginn et e puer Kollektivverträg. Et wier gudd wann d ‘Leit méi einfach kéinte vun engem bei deen aneren wiesselen ouni eppes an der Paie ze verléieren. Méi Méiglechkeeten verhënneren dass d ‘Leit Flemm kréien an ophalen. Des ass just méiglech wann hiert Privatliewen finanziell net drënner ze leiden huet.

7. Punkt: Méiglechkeeten schaffen fir Passerellen. Bei den Gesondheetsberuffer muss et och méiglech sinn sech eropzeschaffen wei z.B vum Aide soignant bei den Infirmier oder vum Infirmier zum Infirmier gradué. Opstiegméiglechkeeten sollen eng Perspektiv sinn fir Leit mat hirem Wëssen ze halen. Och dat ass eng Wäertschätzung

Et ass dringend dass elo eppes geschitt!

Dir musst elo handelen. Gitt di reell Problemer un! Fänkt domadder un d ‘Basis vun der Gesondheet ze stabiliséieren. Dat fänkt beim Personal un an der Wäertschätzung dei hinnen entgéint bruecht gëtt, fir dass se am Beruff bleiwen, fir e Burn-Out ze verhënneren oder och fir jonk Leit fir des Beruffer ze begeeschteren.

Marc Meyers