Cannabis Legaliséierung

Elo ass jo eng éischt Etapp fir ee gesetzleche Kader bei der Legaliséierung vu Cannabis fir ‘récréatif’ Zwecker an der Chamber gestëmmt ginn. Mir ginn hei dem Zäitgeescht no, a wann ee sech ukuckt, wéi hei déi ganz Entwécklung vun esou engem gesetzleche Kader bei der Regierung an deene leschte 5 Joer war, kann ee just de Kapp rëselen. Ech perséinlech hale vun dëser spezifescher Approche net ganz vill, well heimadder sech näischt beim Schwaarzhandel vun Droge wäert änneren. Déi ganz Droge Problematik ass sécher komplex, a menger Meenung no, och esou net an de Grëff ze kréien. Ass och bis elo néierens op der Welt fäerdeg bruecht ginn. Dëst och net bei ‘legalen’ Droge wéi Tubak an Alkohol. Ech hunn och keng Wonnerléisung hei a weess och datt eng reng ‘repressiv’ Aart a Weis och net funktionéiert. Fir vill Mënsche sinn Drogen eng Äntwert bei verschiddene Situatiounen am Liewen, awer an deenen allermeeschte Fäll ee falschen an oft fatale Wee.
Heimat schafe mir ee gesetzleche Kader vun deem mir wëssen, datt en net kontrolléierbar ass vun de staatlechen Autoritéiten. Elleng déi Approche, datt een exklusiv nëmmen doheem am private kiffen däerf, an dëst ouni datt ee Mineur dobäi ass, ass lächerlech genee wéi déi Limitatioun doheem 4 Cannabis Planzen däerfen unzeplanzen, well net kontrolléierbar an ëmsetzbar. An doriwweraus ass déi Zuel vu 4 komplett arbiträr, ouni eng valabel argumentativ Basis. Wat fir ee Signal gi mir domadder fir ons Gesellschaft, wa mir hei Gesetzer stëmme vun deene mir vun Ufank u wëssen, datt se net esou ëmsetzbar sinn. Och d'Altersgrenz ass vill ze niddereg, well et wëssenschaftlech erwisen ass, datt bis zum Alter vu Mëtt 20 Joer déi potentiell negativ gesondheetlech Konsequenzen immens grouss kënne sinn. Datt mir méi Präventioun maachen, ass absolut richteg an noutwenneg. Muss och verstäerkt gemaach ginn, besonnesch an de Schoulen. Dëst awer fir all Form vun 'Drogen'. Hei och dann den Ënnerscheed bei de Wierkstoffer vun der Cannabis Planz fir medezinesch Zwecker erkläre par Rapport zu deene Wierkstoffer mat deenen ee sech zoudröhnt. Vun all deem ofgesinn, bleift de Cannabis awer och eng Drog déi definitiv fir de Mënsch a senger Gesondheet, souwuel der physescher wéi der psychescher, negativ Konsequenzen huet. An dobäi och souwäit ka goen, datt een hei ofhängeg gëtt.
Hei kann ee sech och froen, wéini déi nächst 'Drog' (z.b. Heroin, etc.) mat änlechen Argumenter esou 'legaliséiert’ wäert ginn.
BODEN Jean
Gonnereng