Esou gutt fir den Här Schoulminister wéi säin ‘Decisiounspersonal’ hunn ech Respekt, souguer Frëndschaft ; dat verhënnert ower net, datt ee verschidde Meenunge kann hunn; apaart wann ee selwer (natierlech ënner anere Populatiouns-Ëmstänn) 6 Joergäng ‚alphabetiséiert’ an och an d’Franséischt erageféiert huet.

Et ass jo net fir d’éischt, datt dee Gedanken dorëmmer an doruechter wibbelt. Elo soll et dann eescht domat ginn; esou op d’Manéier: Mir mussen emol eppes Neies maachen. Mä, ass dat Neit dann ëmmer gutt? Daacht dat ‚Aalt‘ näischt (méi)?

Mengerwärreg näischt géint d’Franséischt; ower hu mir da bei eise villen ‚Auslännerkanner‘ nëmme Francophonen? Misste mir dann net och u Lusophonen, Hispanophonen, Anglophonen, Slavophonen asw. denken? Wéivill Bustawe ginn dann an deene verschiddene Sprooche ganz anescht geschwat wéi am Franséischen… wou der jo och nach eng déck Partie geschriwwen, ower net ausgeschwat ginn; huelt emol den duebelen ‚L‘, den ‚X‘ an dann d’Duebellauter/Diphtongen… an d’Saach mat den Accentën. Da bedenkt dir an deem Sënn dee ganze Kuddelmuddel bei x-verschiddene ‚-phonen‘ an deerselwechter Klass, brrr!

Ass et net e bëssen ‚dënn‘, wa mir äis bei deem Gemoschters iwwer Alphabetiséierung op Europaschoule mat hirer zimlecher ‚Apaartheet‘ beruffen… aplaz emol fir déi schrecklech wichteg Fro un eng Ëmfro bei eisem ‚normale‘ Léierpersonal ze denken, dat jo an deerselwechter Klass plazeweis mat alle vun deene ‚Spriecher‘ vun hei uewendrun ze dinn huet? Loosst äis hei emol d’Noperschaft vun eiser Nationalsprooch mam Germaneschen op der Säit loossen.

Gewëss, et gëtt bei deer kriddeleger Affär un d’Hëllef vun ‚deenen doheem‘ geduecht… mä dat ass och alt emol sou eng Saach. D’Alphabetiséierung, d’Liesen an d’Schreiwe ginn zu 90% an der Schoul geléiert/ initiéiert. Bei engegermoossen ‚oppene Käpp‘ an deer néideger Geschéckerlechkeet vun deenen ‚um Pult‘ ass de Problem net ze grouss.

Wannechglift, Dir Dammen an Dir Hären, Kolleginnen a Kollegen, passt op, wat Dir maacht!

Lex Roth