Haalen d‘Richter sech un Gesetzer?

Solidariteit mat den 4 Polizisten dei elo seit drei Meint an Untersuchungshaft setzen ass grouss. Et freet een sech firwaat setzen des Leit nach an Untersuchungshaft? Firwaat get et iwerhaapt esou eng Untersuchungshaft, an firwaat ass des Untersuchungshaft zu Letzebuerg esou en grousst Thema ? A firwa stellt de Public sech déi selwecht Fro net bei deenen 150 anren déi zu Suessen sëtzen ?
Bei der Ouverture vum Suessemer Prisong haaten mer als Eran, eraus... an elo? zesummen mat der Richtung 22 bei eisem Streik dofier gewarnt, dass den neien Prisong net zu méi Secherheet beidreet, mais dass Leit nemen nach mei seier agespaart gin. Wei den kirzlech veröffentlechten Rapport vum Comité de la prévention de la torture, waat en Organ vum Conseil de l'Europe ass, ennerstreicht, war desen nemen e puer Meint no senger Eröffnung schon zu 75% ausgelaascht - traureg!
Op alternativ Mesuren, wei e Bracelet électronique (Foussfessel) get konsequent net zereckgegraff! Nach mei traureg ! "Von der Politik gewollt, von der Justiz ignoriert!"
Zereck zu eisen 4 Polizisten an Untersuchungshaft, dei sin demno net alleng do mais nach mat 150 aaner Untersuchungshäftlingen, dei zu Suessem setzen d'Luucht auszekuken!
All Jurist kennt och den Prinzip, dass den Freiheetsentzuch d’ultima ratio- dei allerleschten Meiglechkeet sollt sin! Eis Untersuchungsrichter huelen et domadden, wei aus dem Rapport erfier geet net esou genau! Vun dohier kruuten sie och doweinst vum Conseil de l'Europe op Fangeren geklappt! Richteg esou!
Eent soll kloer gesoot sin, desen Bréif geht ganz bestëmmt net em d’Verherrlechung vu Gewalt respektiv Policegewalt . Et geht drëms dass et net der Untersuchungshaft hier Aufgab ass d'Leit dei am fresch gebauten Prisong zu Suessem, vierob, ouni fairen Prozess ze bestroofen, andeems een hinnen hier Freiheet eweghellt!
Och fier sie, wei fier all aaneren gellt Onscholdsvermutung, daat heescht et ass een esou laang onschelleg bis en offiziellt Gericht den Geigendeel etableiert huet, an een vun desem veruerteelt gouf. Klappt dës Onscholdsvermutung am Aan vum Public och nach wann een de Stempel huet vun deem dee 4 Méint an enger Untersuchungshaft sutz?
Dei zwou Institutiounen dei fier des Untersuchungshaft zoustänneg sin, sin den Untersuchungsrichter an 'Chambre de Conseil'. Weder dei eng nach der aanerer hier Aufgab ass et ze bestemmen op an weini een schelleg ass, an opgrond vun deser Iwerzeegung angesperrt ze loosen.
Dem eischten seng Aufgab ass et ze ermettlen an Wourescht ersuszefannen. Woubai der zweeter hier Aufgab et ass, ënner anerem, ze bestemmen op d'Conditiounen nach emer erfellt sin fier desen provisoreschen Freiheetsentzuch/Untersuchungshaft oprecht ze erhaalen. An genau do happert et.
D'Conditiounen vun denen ech schwetzen stin am Artikel 94 vun eiser Stroofprozessuerdnung, an dei wieren, Verdonklungsgefor - den Risiko Beweiser ze vernichten. Fluchtgefor - den Risiko sech senger Verantwortung ze entzeihen an net vierun Gericht opzetauchen oder seng Stroof, nodeems een veruerteelt gouf, net unzetrieden. An drettens, Widerholungsgefor, den Risiko erem eng Strofdot ze begoen. Schold respektiv Onschold dierft streng geholl nemen ganz begrenzt eng Roll spillen.
Analyseiren mier des Conditiounen, unhand vum Beispill vun den 4 Polizisten, an vun deenen Informationen déi ee sech aus der Presse kann zesummeraien, an wéi se an enger Logic vun enger Enquête kéinte sin. Verdonklungsgefor: Zeien esou wei Affer goufen geheiert kënne mer ons firstellen, soss wieren d’Polizisten net op Mandat verhafft gin. Beweiser sin gesammelt an den Dossier zesummengestallt. Des Conditioun ass also ecarteiert. Fluchtgefor: Polizisten sin jonk letzeboier Staatsbierger mat Famill hei am Land, wou sollen se dann fortlaafen? Net ze schwetzen vun den scheinbar onausschöpflechen Moyen'en vun der Justiz wei z.B en europäeschen oder internationalen Haftbefehl, sie keinten sech demno neirens mei op der Welt blecken loosen, sie missten hier ganz Existenz hannert sech loosen. Quid Widerholungsgefor - dest get och schwiereg emmerhin sin des Herren suspendeiert.
Sierf dobäi gesoot dat di Conditiounen vun engem Maintien an enger Untersuchungshaaft alternativ sin, sudat a priori wann eng vun de Geforen déi uewen opgelescht sin, neméi gin as, mist d’Untersuchungshaft opgehuerwe gin, entwer ganz, oder ennert conditiounen.
In dubio pro reo - dest ass Latein an heescht am Zweifel fier den Ugeklooten. Daat heescht och wann Zweifel bestinn op des Conditiounen net sollten respekteiert gin, missten des Zweifel zum Benefice fier den Ugeklooten ausgeluecht gin.
Daat selwecht gelt leider net, fier déi di keen « festen » Wunnsëtz hun zu Lëtzbuerg, fier dei gellen aaner Regelen. Fier des gellt nämlech niewt der Onscholdsvermutung eng aaner Vermutung, an zwar dei dass se op guerkeen Fall werten zur Gerichtsverhandlung optauchen nodeems se provisoresch freigeloos goufen. Zur Erennerungen, wann et em Auslänner ansperren geet, dodran sin mier ganz fier mat derbai!
Eis Untersuchungsrichter, dei d’Meiglechkeet hun eng Untersuchungshaft opzehiewen- et awer quasi nie machen, wann een et net besser weisst keint een baal mengen sie geifen sech kategoresch weigeren eng Untersuchungshaft opzehierwen, genau esou wei, mier erenneren eis, se keng Alternativmesuren wei Foussfessel uwenden.
An eis 'Chambre de Conseil' dei mecht Copie/Paste Aarbesch, do kritt all Untersuchungshäftling dei selwecht Äntwert, dei all Afekoot ausweneg opzielen kann. "Il existe des indices graves de culpabilité.... En vue de la peine ... " Heinsdo gëtt et e Contrôle judiciaire, heinsdo eng Caution. De Bracelet électronique as et nach ni gin am Kader vun der Untersuchung. Dat stellt och de Comité de la prévention de la torture a séngem rapport op de Säite 45 a 46 fest.
Daat schlemmst ass awer, dass zu Letzebuerg iwer 90% vun den Gerichtsuerteeler op Bewährung ausgeluecht sin. Daat heescht dass vun 10 Leit dei fierun Gericht erschengen, der mei wei 9 keen festen Prisong kreien! Daat heescht dass an den meeschten Fäll den Richter den fier Stroof zoustänneg ass, der Meenung ass dass keng Prisongsstroof ubruecht ass. Daat geif heeschen dass dei zwou iewegt genannten Institutiounen, den Richteren hier Decisiounen ennergruewen, befier dass sie des iwwerhaapt geholl hun. Et soll een an deem Kontext och net aus den Aan lossen, dat eng Untersuchungshaft KENG virgesate Stroof (am Jargon : eng peine anticipée) ass.
An dest ass net mein Gefill alleng, mais mir wessen, dass och zB Affekoten déi Meenung vertrieden.
Gregory Fonseca
Eran, eraus….an elo?