Kand sinn zu Esch

Constitution du grand duche de luxembourg section 3 libertes publiques art 15 alinéa (5):
Dans toute décision qui le concerne, l'intérêt de l'enfant est pris en considération de manière primordiale. Chaque enfant peut exprimer son opinion librement sur toute question qui le concerne. Son opinion est prise en considération, eu égard à son âge et à son discernement. Chaque enfant a droit à la protection, aux mesures et aux soins nécessaires à son bien-être et son développement.
Des Sätz stamen aus der Verfassung déi 4 Parteien virum Summer dëst Joer no laangem hin hir festgehale gouf. Eng mei wei iwwerfälleg Saach.
Wann een da mengt déi Parteien hunn et Ratifizéiert sou ze soen, da misst een och dovun ausgoen dass dat an den Alldaag mat iwwer geet an déi Leit déi Entscheedungen Treffe lo nach méi hirer Flicht bewosst sinn.
Lo ass et awer leider sou dass dëst net onbedéngt de Fall ass.
Mir liewen an enger Zäit wou ee fill iwwert Emotional Wäerter , Mobbing ,a psychesch fragiliséiert Kanner mat Risiko vun Suicide schwätzt ,Mir erliewe säitdeem eis Kanner hei a Schoul gi ganz desaströs
Entscheedungen an Kommunikatioun as, eventuell och op béide Säite ganz bescheiden dat gin ech zou.
Bei allem Respektan wann een och nëmmen e bëssen um Emotionale Wuelbefanne vun de Kanner intresséiert ass, keen héiert gären dass säin Kand een Eenzelfall ass , et geet ouni Weideres rëm un den normalen Ordre du jour.
An sengem kuerzen Liewen huet mäin 11 Järegt Meedchen scho mussen mat 6 Joer schoul wiesselen well op iirgendengem Büro ee gemengt huet et wier sou besser.Do sin him scho all Ressourcen an Bindungen einfach esou ewech geholl gi.an et as emotionslos wei 1 Excel fichier einfach versaat gin
Elo war et da 5 Joer mat der selwechter Klass zesummen,an där se zu 14 waren.Um Ënn vum Schouljoer ass da gesot gin dass quasi d´halschent muss an déi nei Schoul op Wobrécken.Aus deene selwechten Argumenter déi ech uewen genannt hunn, hunn Elteren sech agesat dass hir Kann dierfe bleiwe fir de wichtege cycle4.
No Interventioun bei der Gemeng, war et natierlech net ugeholl gi, op eng eng Aart a Weis déi bei deenen Elteren e batteren Nogeschmaach léisst.Souguer en Asaz vum Ombudsmann ass an de Buedem gedréckt gi. Argumenter hätt een nach kenne guttheesche mee Erstaune war grouss um éischte Schouldag, wei mäin 11 Järegt Meedchen a Schoul gaangen ass, a si sinn zu 7 an hirer Klass.Mäin Meedchen ass dann och nach als eenzegt Meedchen iwwreg bliwwen. Mat 11 Joer ass hat elo fir di nächst 2 Joer eleng mat senge „Meederchersproblemer" di et wäert kréien, eleng am Vestiaire, eleng mat sengen Emotiounen...
Natierlech wäert et eens gi mee ,natierlech wäerten Jongen och mat him Leif sinn,an Léierpersonal hat ënnerstëtzen.
Mee wat ass mat dem Emotionale Volet,dobäi sinn seng zemols weiblech Frënn mat deenen si vu klengem un zesummen sinn ouni dass een och nëmme konnt Fair doriwwer diskutéieren an eng aner Schoul gesat gi mat onverständlech Argumenter...
Ech muss soen mir maan eis als Elteren Gedanken em die Emotional Entweckleung ,die hei einfach op Spill gesaat get.
An wann een dann lo rem heiert das net mei speit wei geschter en 14 järegt sech d´Liewen geholl huet dann get eis nach mei Baang!
,Pour information, dei wou "versat" gi sinn, setzen elo zu 22 an der Klass...
Vergiess ass nach ëmmer net dee Saz deen ech virun Joren vun enger Responsabel op der Gemeng gesot krit hun...Kanner sinn Excel Fichiere an mir beweegen se wei mir dat fir gutt fannen!Op des Decisioun elo Politesch geholl gi ass sief dohi gestallt a bei allem Respekt, wann ee Politik mécht huet ee Leit gären oder gi mol dovun aus mee och dëst hun ech leider scho oft genuch anescht erlieft.
A wann een sech an der Schoulpolitik engagéiert huet ee selwer Kanner oder zumindest ass een Empathesch vis a vis vun de Kanner an hiren Bedürfnisser, mee dëst gëtt wierklech an dësem "Eenzelfall" vermësst.
Wier do wierklech engem een Zack aus der Kroun gefall wann een eng iwwergangsleisung fir di nei Reegelung fonnt hätt,Betreff der neier Opdeelung.
Gëtt ee Gefill net lass dass dat just schlechte Wellen ass...wat wier gewiescht wann déi "Eenzelfäll" nach bëssen zesummen bliwwen wieren...?
Wënschen Iech weiderhin eng Flott Rentrée
Claude Soricelli
Carole Hutmacher