Mat dësem oppene Bréif, géife mir eis gären zu Wuert mellen, fir e puer Punkten a Bezuch op eis multidisziplinär Aarbecht bei der Betreiung vu Jugendlechen, déi duerch eng ‘mesure de garde’ am CSEE ënnerbruecht goufen, ze verdäitlechen. Mir hunn eis zesummegesat fir Iech matzedeelen, datt mir eis net an Ärer Beschreiwung vum CSEE erëmerkennen an datt et keng Erwänung vun der Energie-opwenneger Aarbecht gëtt, déi mir all Dag leeschten.

Mir sinn eng multidisziplinär Ekipp am CSEE, déi aus Professionelle besteet, déi direkte Kontakt mat de Jugendlecher hunn, an zwar esou wuel an de Beräicher wéi Educatioun, psychosozialem Déngscht, Infirmerie, wéi an de Beräicher vun der Technik, Informatik, Kichen an Administratioun täteg sinn.

Dëse Bréif ass net nodroent, mä dréckt e Gefill vun Ongerechtegkeet aus, déi bei eis ausgeléist gouf, no der Lektür vun de verschiddenen Artikelen. Mir sinn iwwerrascht iwwert den Inhalt vun den Artikelen déi iwwerhaapt net d’Realitéit vun eisem dagdeeglechen Engagement a vun eiser dagdeeglecher Aarbecht mat de Jugendleche reflektéieren.

"Zemools Dräibuer ass mëttlerweil wéi e Quartier vu Marseille", eng onbeléifte Plaz mat grousse Mängel - dëst entsprécht natierlech net dem CSEE oder senge Professionellen. D’Artikelen op RTL.lu baséiere sech haaptsächlech op Erzielunge vu Mataarbechter déi net méi bei eis schaffen, déi et virzéien anonym ze bleiwen. Déi Artikelen hunn näischt anescht wéi eng Karikatur vum CSEE geschafft!

Éischt Interrogatioun: Firwat dës Anonymitéit? Wéi mir all wëssen, generéiert Anonymitéit ominéist Verhalen, a bréngt mat sech, dass dës Persoune sech manner responsabel am Bezuch op hir eegen Handlunge fille kënnen a manner dozou geneigt sinn, hir Aussoen ze assuméieren.

Sidd verséchert, dëst wäert fir eis net de Fall sinn.

Befiert mir weiderfueren, wéilte mir e wichtege Punkt ervirhiewen: d’Aweisung vu Jugendlecher an den CSEE ass eng Protectiounsmesure, déi vum Jugendgeriicht ausgeet. Op Grond vun dësem rechtleche Kader, si mir eng Schweigeflicht agaangen, déi dovun ausgeet, datt mir déi gesammelt Informatioune vertraulech behandele mussen. Mir si gewëssenhaft an halen eis vollstänneg un dës Schweigeflicht.

"Sex a Relatioune ginn et net nëmmen tëscht de Jonken, mee déi lescht Jore soll et ëmmer rëm zu Interaktiounen tëscht dem Personal an de Pensionnaire komm sinn."

Den CSEE karikaturistesch op Sex, Drogen a Rock & Roll ze reduzéieren, ass eng vereinfacht Duerstellung ouni Inhalt. An e puer Abschnitter gëtt an deem Artikel betount, datt den CSEE ënnert engem onmoralesche Charakter leit. Dësen Artikel erwäänt eng Situatioun, déi de lëtzebuergesche Parquet mobiliséiert huet, an dëse Cas gouf ouni weider Mesure klasséiert.

"A wa mir se gesinn, solle mir se einfach gewäerde loossen. Looss e fëmmen, war dann d’Reaktioun vun uewen. Alles nom Motto ‘all Konfrontatioun ze evitéieren", huet en aneren Ex-Employé deklaréiert.

Den Artikel léisst keen Zweiwel drun, datt den Drogekonsum beim CSEE promovéiert géif ginn an datt d’Institutioun mam Drogekonsum iwwerfuerdert wier an näischt dogéint maache kéint. Dës Aussoe sinn absolut falsch an éischter als Sensationalismus ze bezeechnen.

Droge sinn eng net ze ënnerschätzent Erausfuerderung, déi mir mat aller Kraaft bekämpfen. D’Ekipp, déi sech ëm dësen Domaine këmmert, besteet aus kompetenten a verantwortungsbewossten Aarbechter, déi déi vum CSEE ausgeschaffte pedagogesch an therapeutesch Protokoller ausféieren.

Bei de Jonken, déi an der Lag sinn, sech selwer a Fro ze stellen, suergt eis Ekipp dofir, si an d’Richtung vu méi spezialiséierten Ariichtungen ze begleeden. Mir berécksiichtegen déi individuell Besoinen an d’Perséinlechkeet vun all eenzelem Pensionnaire an handelen deementspriechend. Mir hëllefen hinnen, sech selwer ze verstoen an alternativ Léisungen ze fannen, bei deene si hir ënnerlech Spannungen ofbauen an hiert Selbstvertrauen zeréckgewanne kënnen, zum Beispill duerch Sport, Konscht oder kachen. Et ginn entspriechend Moossname geholl, fir déi Jugendlech vum Drogekonsum ofzehalen, déi bis zu enger temporärer Isolatioun goe kann, awer nëmmen ënner Berécksiichtegung vun hire Rechter an ouni physesch a psychesch Gewalt.

"Wann Direktioun bis weess, dass déi Saache beim Personal zirkuléieren oder et wierklech handfest Beweiser ginn, kréie mir e Mail vun der Direktioun, dass et e Virfall gouf an dass si informéiert sinn. Am Mail gëtt dann ëmmer rëm och un eis Schweigeflicht erënnert an dass mir no baussen net doriwwer schwätze sollen."

Mir sinn net nëmme qualifizéiert Professioneller, déi op Basis vu strenge Krittären ausgewielt ginn, mä mir verkierperen och eng moralesch Integritéit. All Virfall gëtt vun de Professionelle vum CSEE schrëftlech festgehalen. D’Ekippe vum CSEE schaffe mat dem Tribunal de la jeunesse et des tutuelles zesummen, domat dëse sech sou no wéi méiglech un den Ereegnesser orientéiere kann. Et versteet sech vum selwen, dass mir zu kenger Zäit Instruktiounen oder Drock vun der Säit vun eiser Direktioun kritt hunn, d’Wouerecht ze verschweigen. Am Géigendeel, mir schaffen enk zesummen, mat Transparenz, Respekt an Interessi um Wuelbefanne vum Jugendlechen.

Iwwer den CSEE op dëser Aart a Weis ze schwätzen, entlarvt och eng Onkenntnes vun eisen Aufgaben, e Mangel un Analysen an eng Respektlosegkeet géigeniwwer eise Beruffer. Et läit eis um Häerz, eis Meenung ze äusseren, am Interessi vun de Jugendlechen, déi mir betreien, hire Familljen an och eiser Integritéit.

Als Sozialaarbechter, déi sech fir dësen eedele Beruff engagéiert hunn, géife mir gär d’Bedeitung vun eiser Aarbecht kloerstellen. Eist dagdeeglech Aarbecht berout op staarke Wäerter wéi Bereetschaft, Verantwortung a Matgefill, déi an eiser multidisziplinärer Ekipp representéiert ginn.

Eis Approche ass eng grondleeënd Aarbecht, déi sech op laang gezunnen unhalend Changementer am Verhale vun eise Pensionnairë bezitt, andeems mir bei hinnen den Apprentissage, d’erzéieresch Relatioun, d’perséinlech Entwécklung an d’kritescht Denke fuerderen. Dës Aarbecht cibléiert d’Ursaache fir d’Verhale vun de Jugendlechen ze verstoen an d’Schwéierpunkte festzeleeën. Am Respekt vun der Gesetzeslag, schaffe mir zesumme mam Jugendleche. Dëst ass eng Viraussetzung, bevir de Projet vu Reinsertioun an d’Gesellschaft op eng positiv Aart a Weis weiderverfollegt ka ginn. Awer, mir kënnen eng jorelaang Identitéitsbildung net an e puer Méint nei ajustéieren.

Et ass wichteg ze verstoen, datt all Fall eenzegaarteg ass an datt den individuellen Hannergrond, vergaangen Traumaen an hir Erausfuerderungen, deenen déi Jugendlech géintiwwerstinn, berécksiichtegt musse ginn.

Fir dëst ze erreechen, deele mir eist Wëssen, eis Erfarungen an eis Praktiken, esou datt mir eng ganzheetlech a koherent Begleedung ubidde kennen.

Eis individuell Ënnerscheeder sinn op kee Fall als Source vun enger Spléckung ze verstoen, mee villméi als eng Beräicherung, déi eis Fäegkeet stäerkt, komplex Situatiounen an eisem Beruffsalldag unzegoen.

An déi Widderspréch, déi dorausser entstinn, sinn Zeie vun der Meenungsfräiheet, déi am Häerze vun eiser Institutioun ze fanne sinn.

Näischt géint Kritiker, mee sidd Iech bewosst, dass eist Agéieren duerch e gemeinsaamt Zil an dem Interessi vun alle Bedeelegten determinéiert gëtt an net duerch eis individuell Ënnerscheeder.

Et handelt sech ëm eng laangfristeg Aufgab, déi e Bäitrag vun alle Bedeelegten erfuerdert an eng héich psychesch Belaaschtung mat sech bréngt.

D’Friichte vun eiser Aarbecht sinn net onbedéngt kuerzfristeg siichtbar, mee mir sinn dovun iwwerzeegt, dass se awer mëttel- bis laangfristeg siichtbar ginn.

Jo, den CSEE ass net perfekt a wéi all Institutioun huet och den CSEE verschidde Pannen an ‘onglécklech’ Eenzelerliewnësser, déi mir aus professioneller Siicht a moralesch kollektiv ofleenen. Jo, Droge sinn no wéi vir eng Realitéit, déi mir net verdrängen dierfen. Et ass e gesellschaftleche Phänomen a keent wat sech just innerhalb vun de Mauere vum CSEE ofspillt. Mir all setzen eis am Kader vun eisen erzéiereschen, pedagogeschen an therapeutesche Méiglechkeete géint dëse Mëssstand an.

Mir hunn d’Méiglechkeet, ënner enger Direktioun ze schaffen, déi zougänglech ass, nolauschtert an hir Verantwortung wouer hëlt. Eis Direktioun verfollegt eng kloer Linn a mir schenken hir eist vollt Vertrauen.

Mir bleiwen entschloss, eis Aufgabe mat Integritéit, Verantwortung a virun allem mat enger moralescher Probitéit ze erfëllen.

Mir soen de fréiere Mataarbechter an den Artikele Merci, dass se eis et erméiglecht hunn, déi weesentlech Punkten ze klären. Mir wäerten ëmmer d’Ethik vun eisen Aufgaben a Funktiounen, vun eiser Institutioun, mee och d’Grondwäerter vum ëffentlechen Déngscht, déi eist deeglecht Handele begleeden, verdeedegen.

Dës Episod huet eis gestäerkt a motivéiert fir eis momentan an zukünfteg Erausfuerderungen, wéi d’Schoulrentrée, eise pedagogesche Bauerenhaff, d’Ouverture vum ambulanten Déngscht an aner Projeten, déi sech nach an hirer Entwécklung befannen, unzegoen.

Dëse Bréif gouf vun 92 Mataarbechter vum CSEE ënnerschriwwen.