Ech als politesch interesséierte Bierger suivéiere reegelméisseg déi verschidden Optrëtter vun de Kandidate fir d’Chamberwalen, a liesen hei och déi verschidde Walprogrammer. Et ass méi oder manner flott an interessant wat hei alles gesot an erkläert gëtt. Awer wat mir am Beräich Logement am Zesummenhang mat dem Ëmweltschutz opgefall ass, datt hei ganz oft méi dogmatesch Usiichte vertruede ginn, dëst besonnesch vun ‚Déi Gréng‘.

Datt mir dem Ëmwelt- a Klimaschutz hei mussen als eis allergréisst Herausfuederung ugesinn, ass fir mech méi wéi kloer. Mir liewen an enger Klima Kris déi ville Mënschen, an och fir d’Natur op eisem Planéit, ganz negativ Konsequenze wäert hunn. Ëmweltschutz betrëfft och eis Logements Kris, déi fir ganz vill Mënschen hei am Land, an net nëmmen zu Lëtzebuerg, aktuell dee gréisste perséinleche Problem duerstellt.

Dofir fannen ech et ëmsou méi fatal wann an de politeschen Debaten hei villes vermëscht gëtt, an de politesche Kontrahent quasi diffaméiert gëtt. Ech hunn dëst e puermol erlieft un engem konkrete Beispill. Am Naturschutzgesetz ass agefouert ginn, datt z.b. op ausgewisenem Bauland och verschidde Kompensatioune musse gemaach ginn, wann hei drop gebaut gëtt an dofir Beem oder Hecken z.b. ewech geholl musse ginn. Wann dann z.b. den Här Frieden dëst als een Element thematiséiert a kritiséiert wou administrativ Hürden an och finanziell Konsequenze mat de sougenannten Öko Punkten op de Bauhär duerkommen, gëtt hien dann direkt beschëllegt géint den Naturschutz ze sinn. Hei esou erlieft vum Här Kox zu Iechternach an der Walversammlung, déi vum Lëtzebuerger Wort organiséiert ginn ass, oder och nach vun der Mme Tanson an der sougenannter Elefanteronn op der Tëlee. Hei sinn dann Aussoe gemaach ginn, déi absolut näischt mat dëser Problematik ze dinn haten, wéi déi ëmmer méi néideg ‘Begrünung’ vun eise Stied, oder d’Biodiversitéitsproblematik oder och nach datt dëst eng réckwäertsorientéiert Politik wier. Ech fannen et traureg, wann net ‘sachbezunn’ hei ee Standpunkt kann diskutéiert ginn, mee direkt de grousse Klima Hummer rausgeholl gëtt.

Kee kontestéiert datt et absolut néideg ass vill méi Natur och an eis Stied a Wunngebidder mat ze integréieren, awer wat huet dat domat ze dinn, wann op bestoendem Bauland e puer Beem ewech geholl musse gi fir een Haus ze bauen, an dann op dësem Terrain dann erëm ee Stéck Natur entsteet a Form vun Hecken oder och Beem, déi dann ugeplanzt ginn. Ech perséinlech fannen et kontraproduktiv hei net dem Bierger ze vertrauen, datt hien op sengem eegenen Terrain niewent sengem Haus och ee Stéck Natur erëm schaaft. Et braucht ee just, hei natierlech besonnesch am ländleche Raum, sech ëmzekucken, an da kann ee feststellen, datt vill méi wäertvoll ‘Natur’ op bebautem Terrain entstan ass wéi virdru wou dat Bauland nach broochlouch.

BODEN Jean