Majoritéitswiessel – Politikwiessel? Den Virgänger-Gemengerot vun Déifferdeng, mat sengem Schäfferot, hunn zënter 2021 eng Affaire betreffend den neien PAG oprecht gehalen, ouni Rücksicht op Gesetz an politeschen Anstand. Leider kéint bis elo keng hëllefräich Reaktioun vum Inneministère, der Autorité de Tutelle vun den Gemengen. Déi nei Gemengeféierung ass dann elo weider och mat dësem Dossier konfrontéiert, mee et schéngt leider och fir si net méiglech des Affaire korrekt ze klären. Sinn si awer elo net grad dobäi, mat dem Inneministère, grad elo eng eemoleg Geleeënheet ze verpassen des Affaire korrekt ze reegelen? E puer essentiel Punkten:

Ass et normal, dass an engem Memoire vum Affekot vun der Gemeng Déifferdeng fir d’Verwaltungsgeriicht (Affaire 47938), nieft aner erwisen Verdréinungen, asw..., carrement Ligen stoen kënnen?  Wéi kann een weiderhin behaapten, dass den 2.an 16. Juni 2021 an  den netëffentlechen Seancen keng Deliberatiounen a  keng Decisiounen geholl ginn wieren, wann een an den Rapporte vun dësen Sëtzungen liest, dass z.B. fir iwwert 80 Punkten (Patrimoine)  eng “Analyse cas pour cas avec vote subséquent” waren? Dovun ass an der ëffentlecher Sëtzung den 29.06. just nach  iwwregbliwwen: „Do ass d’Demande, fir eng gewëssen Unzuel vu Gebaier aus dem Patrimoine communal ze huelen. Do ass et esou, dass der zum Deel erageholl ginn, anerer erausgeholl ginn. » ! Dann heescht et an dësen Rapporte och z.B. : le conseil communal partage l'avis du collège… , le conseil communal se rallie…, les conseillers présents retiennent…, il est décidé d'un commun accord…

Ass et normal, dass an Äntwerten op Questions Parlementaires falsch Saachen stinn, wou d’Ministesch sech anscheinend nëmmen op nogefroten Informatiounen bei der Gemeng baséiert? “Op Nofro hin huet d’Gemeng Déifferdeng mir matgedeelt, dass et sech bei de Sëtzunge vum Gemengerot am Mount Juni 2021 ëm informell Aarbechtssëtzunge gehandelt huet, wärend deene keng Décisioune geholl gi sinn,… » Goufen d’Rapporte vum 2. an 16. Juni 2021 net um Ministère gekuckt?!

Ass et normal, dass eng Affaire par force op d’Verwaltungsgeriicht gedréckt gëtt, obwuel schonn eng kloer Jurisprudenz vun dësem Geriicht zu dem Thema vum Artikel 21 vun der Loi communale (Ëffentlechkeet vun den Gemengerotssitzungen)  virläit ? D’Jurisprudenz TA39964 : “A l’exception des hypothèses où la séance se tient à huis clos dûment décidé, le caractère public des séances du conseil communal est donc une condition substantielle de la validité de ses délibérations”. Hei muss een och nach mol kloer d’Definitioun vun “délibérer” kucken. Een Beispill: “Dictionnaire.lerobert.com: e.a. Discuter avec d'autres personnes en vue d'une décision à prendre…” Also, « Délibération » heescht net einfach nëmmen « Decisioun » ! Och stinn an den Memoirë vun der Gemeng absolut abenteuerlech Interpretatiounen vum Gemengegesetz, ouni déi geréngsten gesetzlech Basis.

Leider schéngt et wei wann op der Déifferdenger Gemeng an um Inneministère nach ëmmer Leit mengen et géif elo hei um Verwaltungsgeriicht just em 1 Persoun mat 1 Reklamatioun goen. Dat ass awer definitiv net den Fall! Et geet em iwwert 160 Reklamatiounspunkten zum PAG, déi an der ëffentlecher Sitzung den 29.06.2021 gréisstendeels onprezis, ontransparent an zuguer mat falschen Angaben gestemmt goufen; mat Referenz op déi netëffentlech Seancen vum 2. an 16. Juni 2021, déi net-konform zum Gemengegesetz stattfonnt hunn. D’Gesetz kennt z.B. keng “séance de travail non-publique du conseil communal”, an et kennt och keng Spezifikatioun wéi “séance décisionnelle du conseil communal” oder netëffentlech “informell Aarbechtssëtzungen” vum Gemengerot. Art. 12 : Le conseil communal se réunit toutes les fois que l’exigent les affaires comprises dans ses attributions…, an Art. 21:  Les séances du conseil communal sont publiques….

Kann jo awer net sinn, dass eng Gemeng bei hiren Deliberatiounen an Decisiounen d’Gesetzer (Loi communale, Loi sur l’administration transparente et ouverte) einfach ignoréiert, an dat mam Accord an Seegen vun der Autorité de tutelle, dem Inneministere!? Wann dat legal esou méiglech wier, kinnt jo all Gemengerot sech gesinn wéi hien wëllt, an just eng ëffentlech Sitzung halen fir déi néideg Votten ze huelen. Zu Déifferdeng sinn dann och weiderhin nach Transparenzproblemer: z.B. den 14.07.2023 beim Punkt 11 : Dixit Schäffen Ulveling: “an der rue Pierre Gansen, wou virun Joeren en ganzen Koup Haiser ënnen gebaut sinn ginn“ oder „Dat eent ass déi Plaz wou elo déi Parkingen sinn wann een eran fiert fir op Recycling ënnen an der rue Gansen an dat annert ass déi Plaz tëschent deenen 2 Gebaier, deenen ënneschten Gebaier…“. Prezisiounen wou an wéini genannt?? Parzellennummer?!

Dir Dammen an Hären vun der Déifferdenger Politik an vum Ministère de l’Intérieur; ass et dat wat vun der Politik ënnert Demokratie, Rechtsstaat an Respekt virum Bierger verstanen gëtt ? Dat wier zimmlech schlëmm!  Dir leescht der Demokratie domat keen Déngscht! Verpasst net hei eng Chancë fir Demokratie, an Respekt virum Bierger an Rechtsstaatlechkeet; dëst ouni mussen d’Geriichter ze beméien. Et kann een et dréinen wéi een wëll; et besteet eng kloer “violation de lois”, an esou eppes muss nun emol an engem Rechtsstaat gekläert ginn: ob mat oder ouni Geriicht. Dass et awer och anescht kann goen, also dass  een eng Saach net laang schleefen léisst an bis op d´Geriicht  kommen muss loossen, huet jo wuel eisen Sportsminister d’lescht Joer gewisen. (Affaire héichen Fonctionnaire um Sportsministère.). Dat amplaz dass zuguer, wéi zu Déifferdeng, nach en offiziellen Courrier vun der Gemeng carrement Ligen enthält, an en Procès-verbal heiran erwisenermoossen manipuléiert gouf! (19.11.2021 Courrier un d’Inneministesch betreffend d’Gemengerotssëtzung vum 27.10.2021)

Dir Dammen an Hären Politiker, gitt endlech déi Léisungen un, déi sech opdrängen ugesiichts den kloren Fakten, ouni op Verwaltungsgeriicht an engem Joer ze waarden. Gidd beim Déifferdenger Dossier mam gudden Beispill vir!