Roude Léiw, kräisch net ...schonn erëm!

Dat hu mär dach, wann ech mech net iren - ma dofir ass meng mémoire als  Schreiwer nach emmer weider vill ze gud - dach schon eng kéier héieren a materliewt, an elo koum, wéi et schengt  deen alen hit erem am neie Stadion zu Eieren…!

„Roude Leiw huel se“ klengt eis och elo nach no  60 Joer  (oh freck, wéi d‘Zéit vergeet) an den Oueren wéi wann et eréischt gescht gewiescht wir…!  Am Hierscht 1963, hat Letzebuerger Nationalequipe ennert der Leedung vum déitschen Trainer Robert Heinz Konschtsteck ferdegbruecht Holland  ze éliminéieren a stung duerno no engem zwémolegen  Gléichspill géint Dänemark virun engem alles entscheedenden Spill géint de selwechten Géigner.

Um Spill stung néischt manner wei Qualifikatioun fir di zwét Oplag vun  der Europameeschterschaft vun de Natiounen 1964 a Spunien! Ganzt Land huet dem sougenannten „Testmatch“ entgéintgeféiwert, a mir ergong et net anescht, well ech luch mat enger schlemmer Erkältung dohéem  am Bett.

Stemmung no deenen „sensationnellen“ Superleeschtungen  géint Holland an Dänemark war regelrecht euphoresch, an dat dierft nierwt  der eigentlecher Performance vun der Equipe virun allem och nach de Verdingscht  vun engem eenzelnen, bestemmten Mann, an der Persoun vum Pilo Fonck, dem démolegen RTL Radioreporter gewiescht sin…  Mir haten die zeit eigentlech, sou ze soen gléich zwee Piloen  bei de roude Léiwen, de Louis Pilot vum Standard, deem sei Graw mär regelmässeg zesummen mat deem vun eisen Elteren um openen St.Jousef  Kirfent zu Esch besichen , an de Pilo Fonck vum Verluerekascht… an donirwt nach zwee Bizzien - de Konter an de Klein - an de Schnuck(i) May als Kapitän,  den talentéierten, viru kurzem verstuerwenen Camille Dimmer,  ouns den athleteschen Ady Schmit mat de Licos Schong vu Sochaux ze vergiessen.  Um schwarzwéiss  „Fernseh“ gouwen zwar och schon zu där Zéit Brochstecker vu Matcher méi schlecht ewéi recht iwerdroen, ma meeschtens gouw dobéi esou grotteschlecht gefilmt, dass dest , wéi mär haut soen géiwen,  en absoluten „ no go“ fir all  seriösen  Footballsfrend  war. De Pilo awer huet  et mat sengem onvergléichlechem Mondsteck, allez, senger  „Schness“  respektiv sengem ongespillten Enthousiasmus  a sengen Direktiwerdrohungen färdeg bruecht, seng égen  Begéschterung op „Nolauschterer“  am vollen Senn vum Wuert ze iwerdroen an d´Leit doheem regelrecht vun de Still oder der „Kusch“ ze rappen…! Hie war nach besser wie de  belschenLuc Varenne oder dee chauvinisteschen Thierry Roland.  Mat senger Stemm an sengem iwerschwenglechen Jargon a Gejéitz, huet hien esou guer die fanatesch-sympathesch a folkloristesch kolumbianesch Kollegen vu „Radio Caracol“ am Tour de France iwerdubert!  „herrlech“! „gud Lou, gud gespillt Jong“,  „ oppassen, dat doen si Maetzercher die können an Aen goen“,  „de Fernand Brosius, an heijen Kappbäll net ze schloen“,  „de bletzschnelle Klein‘s Jang, eis nominell riets Band“, “allez hop, Brenner, Brosius, Konter an Hoffstetter, elo gelt et schnell  matenaner erauszereckelen, fir de Géigner an Abseitsfal lafen ze loossen“ ! De Pilo war eenzegarteg ma net „inimitabel“, a mir hun eis dann och  eng Freed draus gemach fir hien op enger 45ger längst vergrafener Vinyl Schallplak mat dem Titel „Pilofonken“ an de siwenzeger Joeren mat engem net onbeträchtlechen Erfoleg ze parodéiren, ma och, éierlech gesot, gleichzéiteg ze éieren, och wann hien dat deemols dierft leider net esou empfond an zum Deel kromm opgeholl huet!  Nationaléquipe huet demols nämlech en 4:2:4 System gespillt , an Abseitsfal huet meeschtens funktionéiert, bis op die Kéieren wou enner anerem den Arbitertrio net matgespillt huet, oder mir iwerlaf gouwen …well „bal ass nach lang keng Maus an der Fal“, an da war de Misär do, an eise Keeper mat der Kap, de Nico Schmit vum Pilo senger Union war geschloen an huet missen hannert sech greifen. „En domme Goal“ huet de Pilo da bedauert, “d´Bier ass geschielt“ -  „t‘ass pilo“ soot hien zwar net, ma dobei  awer de Mut  trotz allem net verluer.

Eng ganz Reih vu Paralellen  mat haut sin esou flagrant, datt  kén se  ofstreiden kann, och wann Stemmung an den Zesummenhalt weitaus besser wie haut dierft gewierscht sin - an et ass scho bal wéi e Fluch datt et och dess kéier op e neits op eng ähnlech Manéier, an no engem grad esou frustranten Szenario, knapp net durgoen sollt fir sech fir “Europa“ ze qualifizeieren.

Fir den Entscheedungsmatch, hat CFL een Extrazuch agesat, mat dém e pur honnert letzebuerger passionéiert Supporter a „Patrioten“ vun der Stad aus, voller Hoffnung an a beschter Stemmung op Amsterdam gerullt sin,  an ennerwee, wie könnt et anescht sin, navel vill Beier gedronk  a mat stolzer Broscht „roude Leiw huel se “ gesongen hun. Mei Frend a Matschuler,  de Logelin’s Vic vun der Quinta am LGE war och mat gefuer, a wie hien kleng a gréisslech mat engem verfréihten Stemmbroch zreck an d´Schoul koum, do huet och nach, wie mir eis gud drun ze erennere wessen, zu allem Iwerdross  eisen Engleschprof ,  de brutalen „Max“, béis de Geck mat dém  arme Jong gemach! Dohannen sollt et dann awer  leider net klapen, an et war nees de selwechten dänesche Spiller, an der Persoun vum  Centerstiermer Ole Madsen -  de spéideren Profi  bei Feyenoord an spéiderhin Gedrenksdépositär zu Arhus, war net nemmen dem Pilo Fonck seng „bête noire“, mais déi vun eis all. De Madsen, den Doudegriewer vun all eise schéinsten Dreem, hat eis e Strech durch Rechnung gemach an alles vermasselt! Eng enorm Enttäuschung un där mär all lang geknat hun . Et konnt é scho bal verzweifelen, wann é bedenkt datt  et én an  dé selwechten verflixten Ole Madsen war, dén och an desem alles entscheedenden Match de winninggoal geschoss huet, nodeem hie schon an deenen zwee Gléichspiller virdrun  als eenzege vun senger Equipe all kéiers die wichteg Goaler géint eis markéieren konnt (ganzer sechs am Total)! Mat 0:1  gouw et eng knapp an Kescht, genée wéi vrun e puer Deeg géint die rauh an ziemlech ongehuwelt Slowaken, an dat trotz eisem Paradéisfull senger guder Prestatioun , dem onbändegen Gerson Rodrigues, dén se exta fir déi zwee wichteg Matcher ausnahmsweis rem genee wie den Oli Thill aus der „éiweger“ Verbannung erausgeholl haten…! Wé weess,  vléicht hätt hien esugur ee Gielchen iwerecht kritt wann hien  eis dén Owend mat och nemmen engem eenzegen Goal weiderbruecht, an gléichzéiteg sengem Trainer sei Posten domader definitif gesechert hätt…! Fazit: Mir hun zwar gud gespillt, ma mir sin esou gud…wei eliminéiert! Och die Kéier huet roude Leiw, deen se aus der Wurlitzer vintage „Jukebox“ erausgekropt haten, missen  seng zwee Schwänz béizeihen a kleng béi gin. Hie koum am Käfeg, hannen verstaut  am Gepäckwon  zesummen mat sengen Unhänger béis zerzaust zereck op Letzebuerg. An Zweschenzéit hat eise schiele „Clarence“ et op ee kitscheg nationalistesche Fuendel gepakt, mat deem mir eis per force vun deem holläneschen  ofhiewen wollten, ma vun deem  een seit dem Offlauen vun der Schleckhysterie am Tour de France 2011, wat kee schued ass, e beschen vill manner geséit.  Aus dem verweegenen Slogan,“ Roude Leiw huel se, deen ee besgen un den „haalten de Bass“ vu nach virdrun erennert, gouw deemols wie haut  ganz schnell ee  méi vernünftege, ma résigniéirten „ Roude Leiw, komm mir gin een huelen“ , mat deem Letzebuerger sech séit jéhir ze tréischten woussten,  woubéi di flott aal bekannte Kultreklam vun der Mousel’s Brauerei spontan an Praxis emgesat gouw, op där een de béis duschtregen Léiw aus dem Wopen eraus no engem Humpen gréife geséit. Ee Béier wie fréiher  mat  dach engem batteren Nogeschmach no, respektiv ennert all deem villen verzaptenen Schaum vu virdrun uewendrop op senger wéisser Kréinchen…!

Guy van Hulle