Lëtzebuerger, léiert Lëtzebuergesch

Dësen Titel ass wuel e bësse räissereg, mee wuel gewielt. Nodeem en Är Opmierksamkeet erreegt huet, liest e gär weider.
„Eis Sprooch ass amgaang, auszestierwen“, „Geschwë schwätze mir hei kee Lëtzebuergesch méi“, „Eis Sprooch verkënnt ëmmer méi“. Dat héiert een dacks aus gewësse politesche Kreeser, dat liest een dacks a sozialen Netzwierker als Bäitrag an an de Kommentarer, dat kritt een an Diskussioune mat der Famill, Frënn oder Bekannten ze héieren. Dobäi ass grad de Contraire de Fall.
Als Enseignant fir Lëtzebuergesch gesinn ech dagdeeglech, dass et immens vill Leit an eiser Gesellschaft gëtt, déi dorun interesséiert sinn, Lëtzebuergesch ze léieren. Déi eng packen dat méi séier, déi aner brauche méi Zäit, mee den Effort ass ze gesinn. Dat gesäit een un den Aschreiwungen an de verschiddenen Institutiounen an Entitéiten (Coursen am INL, Owescoursë vun de Gemengen, privat Sproocheschoulen). An dat si souwuel Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, wéi och déi, déi all Dag iwwer d’Grenzen an d‘Groussherzogtum schaffe kommen. Natierlech ass et méiglech, dass een en Noper oder en Aarbechtskolleeg huet, dee schonn eng gewëss Zäit zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft, an awer just d’Standardwierder versteet a schwätzt. Mee bei iwwer 47 % Auslännerundeel an der Populatioun an engem Auslännerundeel vun iwwer 70 % bei der schaffender Bevëlkerung bleift dat net aus.
Fir dass déi auslännesch Communautéit awer Lëtzebuergesch léiert, ass et néideg, dass sech och d’Lëtzebuerger selwer mat hirer Sprooch auserneesetzen. Dir hutt et vläicht scho selwer erlieft, dass Dir e Message krut, deen dir zwee oder dräi Mol hutt musse liesen, well Dir en net direkt verstanen hutt, oder Dir hutt eng Äntwert geschriwwen, déi déi aner Persoun dann nees net verstanen huet, well se net am richtege Kontext war.
Net just deen Eenzelen, mee och déi ëffentlech Acteure si concernéiert, virun allem déijéineg, déi dagdeeglech oder partiell op Lëtzebuergesch kommunizéieren – awer an enger anerer Hisiicht. D’Schwätze fält dëse Leit liicht, well et hiren Job ass, mee si misste sech mol mat de richtege lëtzebuergesche Wierder an Adjektivdeklinatiounen auserneesetzen – virun allem bei weibleche Wierder. Zum Beispill ass et net „ déi éischte Kéier“, mee „déi éischt Kéier“, oder net „déi beschte Méiglechkeet“, mee „déi bescht Méiglechkeet“
Virun allem d’Medie spillen als ëffentlech Acteuren hei eng wichteg Roll, well si indirekt d’Sprooch falsch vermëttelen. Lëtzebuergeschenseignantë kréien am Cours méi wéi eng Kéier d’Fro gestallt, ob dat déi richteg Adjektivdeklinatioun wier, déi de Moderator benotzt huet. Den Enseignant muss dann zouginn, dass déi Persoun an deem Fall e Feeler gemaach huet a seet meeschtens als Explikatioun, dass d’Lëtzebuerger hir eege Sprooch selwer net richteg kënnen, well si se ni an der Schoul behandelt hunn.
Dobäi ginn et genuch Méiglechkeeten, d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Applikatioune wéi LOD.lu, LLO.lu oder Internetsitte wéi Spellchecker.lu, verben.lu oder den Ortho-Trainer vum ZLS (Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch) bidde genuch Moyenen, sech mat der Landessprooch ze befaassen. Dozou zielen och den ZLO-Cours vum INL oder d’Ortho-Owenter vum ZLS. Donieft bidde selbstänneg Enseignanten a privat Sproocheschoulen och Coursen un, fir d’Lëtzebuerger Sprooch an Orthografie an der Bevëlkerung ze festegen.
Laang Zäit war d’Lëtzebuergescht an der Schoul d’Stéifkand a gouf ni wierklech geléiert – et huet als Puffer fir aner Fächer gedéngt. Dat huet sech zënter der Rentrée 2021/22 am Lycée geännert. D’Schüler hunn op der 4e méi Kontakt mam Lëtzebuergeschen, wat eng gutt an néideg Entwécklung ass, mee eng Stonn pro Woch a just wärend engem Joer geet net duer. Et brauch e kontinuéierleche Kontakt mam Schreiwen a Liesen, soss bréngt och d’Verréckele vum Lëtzebuergeschcours vu 7e op 4e näischt, well et ass definitiv net evident, Lëtzebuergesch ze léieren an ze schreiwen.
Et gi ganz vill Leit, déi sech awer fir dës Erausfuerderung motivéiert kréien, egal ob Kanner oder Erwuessener. A wat Kanner kënnen, kënnen hir Elteren och. Also Lëtzebuerger, léiert Lëtzebuergesch. Wann d’Lëtzebuerger hir Sprooch net richteg kennen, wéi sollen et dann eis auslännesch Matbierger kënnen.
Yannick Glod, Rodange