No all Lännermatch geschitt daat nämlecht an den Online-Kommentarspalten: Egal wéi de Match ausgaangen ass, et get emmer vun den

selwechten Leit drob an dowidder géint d'Equip gehetzt!

Geint eng méi staark Equip:

Bei enger Néierlaag: "Nees um Bueden geland, sie kënnen eben naischt" "An fir den Aarmut brauchen wir en neie Stadion?!"

Bei enger Victoire: "Just Gléck, de Géigner huet de Match net eescht geholl"

Geint eng vermeintlech méi schwaach Equip

Bei enger Néierlaag: "Trainer direkt erausgeheien"

Bei enger Victoire: "Geint esou eng Equip ass et net schwéier ze gewannen. Schwaach Leeschtung, Trainer direkt erausgeheien" asw

De Luc Holtz polariséiert ouni Zweifel heiansdo mat sengen Entscheedungen an Aussoen, mee och de schärfsten Kritiker muss unerkennen, wéi staark sech d'Nationalequip entwéckelt huet, sait hien Trainer ass. Net nemmen vun de Resultater, mee och spilleresch. Mir schéissen vill méi Goler, trieden mei selbstbewosst op an gewannen opmannst een Match pro Kalennerjoër. An elo kruten mer souguer 17 Punkten!! Dat alles war fréier ondenkbar!

Ech suivéieren elo sait 1990 ons Nationalequip an et war - mat Ausnahm vum legendären 10-Punkte-Joer 1995 - ganz normal, eng WM/EM- Qualifikatioun mat 0 Punkten an engem Golverhältniss vun 2:26 ofzeschleissen. Tëschend Enn 1995 an Ufank 2007 gouf et während 12 Joër (!) keng eng Victoire an just e puer Glaichspiller an Frëndschaftsmatcher. Fir de Rescht nemmen Néierlagen, 2004/05 esouguer 9 um Stéck mat opmannst 4 Géigentreffer (dorënner och dat desastreist 0-4 géint Liechtenstein).

Jo, d'Qualitéit vum Kader ass elo eng aaner an mir spillen lo bal just nach mat Profien, mee trotzdem wärte mer emmer eng kleng Natioun bleiwen. Wann ech déi Kritiker blären héieren, kéint een mengen, Lëtzebuerg wär amtéirenden Weltmeeschter, den all Geigner misst a Grond a Buedem spillen. Mir sollen eben einfach nëmmen frou sin, momentan esou eng staark Equip um Terrain ze hun, wou et Spaass mescht hinnen nozekucken. Et gout eben Zeiten, wou d'Equip sech mat 10 Mann hanendran gestallt huet, trotzdem 0-4 verluer huet an nemmen eng eenzeg Golchance as ganzen Match hat...an dat war dann en verzweifelten Waitschoss aus 35m, den 20m dolaanscht gong! A géint aaner kleng Natiounen wéi Zypern oder Liechtenstein hu mer och emmer kloer verluer.

Dofir: Einfach mol dankbar sin fir daat, wat mir déi lescht Joeran vun den Jongen gebueden kréien.

Marc Schwalen