Am Kader vun der sougenannter „mobilité douce „ an uerg agressiven Zeiten…

Meng Geschicht mat dem TICE, alias dem „Titschee", wéi maer LGE Schüler den interkommunalen Bus deemols genannt hun, geet an déi fréih sechzeger Joeren zereck - och wann ech mech als nach ganz klengen Buew respektiv „ Escher Jong", nach vaguement un sei Virleefer, den Minettstramm erenneren kann, deen sech durch Neiduerf gemitlech de Käler Poteau erop geschlängelt huet. Dee wuar bannenan kabeneesfuarweg gring ugestrach, an als eenzeg Reklam, weess ech mech un chat noir's Kaffiskatz ze erennen... A propos an als keng schlecht Idée geduecht, wéi wär et wann den TICE oder den CIGL, dat halef zerfalen a vandaliseiert Tram'sheisgen uewenaus um Poteau, kurz vrun der Haptkreizung erem geiw „à moindres frais" opbauen loossen...? Et könnt vir dat een och haut nach ee puer deer ganz aler Minetts Däpp soen heiert „ mär huehlen den Tram, „ woubéi se awer eigentlech deen heitegen Bus mengen, an och den Tram's -schapp huet sech als solchen, an ennert deer Bezeechnung, an der Emgangssproch nach bis op den heitegen Dag erhalen, a get z. b. am Bus 2 fir op Deifferdeng, och op dess Tour ugekennegt! Mat 14 Joer, weess ech nach, wéi ech op mengem demi-course Velo, engem „Louison Bobet", deem vollbeluedenen M.A.N. Schülerbuss , deen de Poteau erop geschlach ass, mat ouni all ze grousser Méih, direkt hannendrun gefuer sin ... Dat wuar dee leiwen, nach mat der" Stupsnues" an den Fändelstangen vir op de Seiten, e besgen vill schwach op der Broscht well ouni déi neideg PS, aus deem senger henneschter Fensterkescht maer meng Remelenger Schoulkomeroden dann zougewenkt a mech ugefeiert hun! Hautgesdags rappen déi stark motoriseiert Omnibussen bal méi schnell un wéi eng Mettelklass " Luxmaschinn", wat verschidde jonk Chauffeuren munchmol derzou verleet am Dengscht dermat ze renne wéi mat hirem privaten G.T. I. Ma ennert deenen entretemps gudd 300 Chauffeuren get et der vun allen Charakterzorten an zum Gleck navell och deer déi , sech trotz deem seit 1 puer Joer agefuerten Chrono System, deen potentiell „accidentogène" ass, an se derzou verleed Risiken anzegoen fir zum Beispill a Scheffleng de Limit vun 30 ze iwerfueren, well se quasi, trotz roude Luchten a Stau, am Minett op Minutt mussen den horaire anhalen, sech trotzdem net hetze loossen! An da get et der och déi ganz lässeg-cool mat nemmen enger Hand um Steier dat tonneschweier a strubbelvollt Gefier , an esu guer die 15 Meter lang „Ziehharmonika" bei Geígeverkéier durch Gaassen bewegen a gleichzeiteg mat Frenn a Freindin kilometerweit um Freihandhandy converseiern. Durch den Zeitplang presséiert, ähnlech wéi anerer vun der Kadenz um Lafband an der Fabrek, ma och munchmol , keint ee bal mengen et wier express, warde verschidde Chauffeuren keen Ableck, kennen keng Gnod a fuehren engem vrun der Nues fort, wann een dem Bus nemmen e puer Meter hannendru gelaaf kennt, oder am Haisgen , wou anzweschen Femmverboutopkliewer all erof gerapt guwen..., dee Moment net grad vum Handy opbleckt, oder och nemmen ee besgen a Gedanken ass...! Sin se freiher oft esou abrupt gestart , dat Leit die kaum erageklomm, an sech nach net konnten setzen, riskeiert hun durch de Gang ze fleihen, wann se sech net reflexarteg nach am leschten Moment konnten un der Rettungsstang festhalen, sou huet dat sech no internem" briefing „ anzweschen deitlech gebessert! Och do spillt den Zeitplangdrock eng nefast Roll well anerefalls nämlech virauser eng nerveg roud Luet ugeet, déi se dorober hiweist dat se a Verspéidung sin, an sie dann vun der Regie „Panz gerapt kreien"! Ee System, deen " ins geheim" en etlechen vun hinnen fatzeg op de Wecker geet , an sie sech net stressen loossen, fir z. b. de Poteau mat der 5 esou schetzeg an Neiduerf erof ze preschen, fir sougenannt „verlueren „ Zeit opzehuelen, dat engem als Passageier bannenan " Dronken Ellen" ausginn an een och totz deenen enorm starken Bremsen um modernen Bus, seng Bedenken kann hun! Zu Treier, wou ech mech contrairement zu villen Letzebuerger, nemmen een bis maximal zweemol Joer hi bewegen, ass eis positiv opgefall dat Bussen do vill mei gemellech ennerwee sin, net esou schetzeg rennen, an awer mat Zeit a manner Hektik iwerall gudd ukommen... Hei bei eis setzen ech mech meschtens gleich vir an de Bus, do ass een,grad ewéi an den CFL Iwerlandbussen, vrun allem geint der Owend mei secher opgehuewen..., wann net grad dee leiwen Escher Marco, deen gidereen seit eiweg kennt a respekteiert, do scho nirwt dem Chauffeur, platz besaat huet, a sech oft gleich, ee puer mol am Dag, mat bis op den Terminus an zereck kutschéieren leisst. Ech ka mech nach drun erenneren wéi nach kurz vrum Gratistransport verschidde Leit wéider virauser brav bezuehlt hun, während déi allermescht sech schon schnell hanneneran gestuehl hun. An gudder Erennerung bleiwen mer och Chauffeuren, dei kurz vrum Terminus am 13 beim Diderich, vum obligaten Stop virun der rouder Lut profiteiert huet, fir schnell Menz anzesammelen, woubei ech dat Gekleckers vun deenen puer Euro- Groschen déi an den Metallbecher erofgefall sin, nach bis haut an den Oueren klengen heieren...! Dodurch datt ech munchmol eng Kaap mat Sturz, an am Wanter eng Mutz mat dem TICE -Emblem drop un hun, déi ech-die eng- vun engem freiheren Schüler a jetzegem Chauffeur, an déi aner vum Steve Arendt, deem rezenten a leider anzweschen invalidiséierten Direkter en personne geschenkt krut, halen verschidden Leit mech fir ee pensioneierten Chauffeur oder "Kontroller". Dat mecht mer richteg Spass, wann verschidde Passageier an net nemmen déi ..., dorober erafalen. Doriwer eraus awer, an am Moment nach méi wéi wie schon virdrun, woell ech heimader meng Sympathie a Solidaritéit mat eisen TICE- Chauffeuren ausdrecken a betounen, déi sech lescht Woch bei engem „piquet de protestation" , a form vun enger allerleschter Warnung vrun engem Streik, virun der Escher „Guar" zesummefond haten, fir mat Nodrock geint déi Gewalt an Gemengheeten ze demonstreieren, deer si all Dag ausgesaat sin, ouni dat hinnen bis elo vun der Escher Gemeng, respektiv hiren direkten Noperen... der CFL a vrun allem der Police, bis elo méi wie nemmen halefherzeg geholef gie wär...! Während déi eng sech dem Eescht vun der Situatioun effektiv net bewosst ze sin schengen, versichen déi aner Lag ze miniméieren, weisen absoluten schlechten Wellen a verbleiwen mat Absicht am " déni „! Weder mat de bellege Wahlverpriechen vun deenen eischtgenannten , nach mat deenen üblech iwerflächlecher Berouhegungsversich vun den Uniformeierten, déi de Wieder, grad wéi an der Uelzechtstrooss, wou se sech bis dato nach net getraut hun, hirem Generaldirekter sengem nerveg an agressiv Velo-fuehrenden „Nevi" ee „Protekoll" ze machen..., keng kohärent Taten follegen loossen, wöllen TICE -Leit sech net mei ofspeisen an zessen loossen, wéi hiren Spriecher , den Komerod Theo Schickes an senger remarkabler Brandried an aller Offentlechkeet mei wéi deitlech huart gesoot a gewarnt huet, ! Am Bus setzen der vun allen Zorten, an aus allen Länner a Kulturen, mat der tescht och nach e puer äler verschotert Letzebuerger Koppelen déi den nationalen Provenzpolitiker, déi wuehl den „transport en commun „ pridegen, ma selwer eleng an hiren „Luxmaschinen" an oft iwerdimensioneierten trendegen „Knubberdullessen", deenen, vu mier sou genannten „Suffen" ennerwee sin, brav nogelauschtert, an entretemps op hire Privatwon verzicht hun...!" Volleksvertrieder", déi Problematik, déi un sie elo verstärkt erugedroen get, just vun heieren reklaméiern an protesteieren kennen a sech kee Bild vun der eigentlecher Situatioun machen kennen, well sie selwer, nie de Bus huehlen an ee just emol hei an do de " grengen „ Turmes am Zuch op Esch konnt erblecksen, deen als eenzegen vun hinnen, an ouni show ze machen, mat dem gude Beispill vir gefuehr ass! Zum groussen Deel awer, sin et Leit deenen een den Armut ofgeseit, ennert hinnen och vill mannerbemettelt Letzebuerger, déi zwar frouh sin gratis op de Bus zereckgreifen ze können, mais sech awer dofir nach lang net all emmer erkenntlech weisen, ganz am Geegendeel esou wéi wann dee Privileg, deen eis am Ausland net gin ass, hei ganz selbstverständlech wär...! Do sin der drenner déi dobei och nach heich Usprech stellen, wat den horaire betrefft, a sech oft äusserst ongedelleg respektiv onziviliseirt verhalen, an dobei absolut keen a neischt respekteieren! Wann de Chauffeur sech dann erkingt , wéi dat em zousteht , sie „ op Platz ze setzen", an se bied Feiss vum Setz ze huehlen, kennt et an der lescht emmer méi oft fir , dat Situatioun schnell eskaleieret. Ennert hinnen get et der nämlech déi, ugedronk oder net, verbal agressiv an a leschter Zeit esuguer emmer méi oft handgreiflech gin an draschloen. „Mobilitée douce, tu parles Charles", soen an esou engem eenzegen Fall hir franseisch Kollegen, a gin dagsdrop, wie schon oft gesin a geliest, direkt resolut an de Streik! Guwen 2022 ganzer 25 Agressiounen gemeldt, sou huet sech dess Zouhl det Joer bis elo schon verduebelt! Fir deem beizekommen, an nach vill schlemmeres ze vermeiden, wär Direktioun vum TICE vleit och gudd beroden zou verschiddenen Stonnen erem Kontrolleren anzesetzen, keng deer aler halefpensioneierter..., déi wéi feiher de Billet rappen an op „Aboen" kucken, ma intern Secherheetspersonal, wat eleng schon durch seng Präsenz, grad ewéi am Zuch, Passageieren ofsechert an Delinquenten vun allen Zorten, vu vier eran am Aa behält a „kontrolléiert" . Et siew hei drun erennert dat de 5. Juli 2020 zu Bayonne ee Chauffeur, de Philippe Monguillot, vun zwee Typen doud geschloen guw, well hien just gewoot hat sie op Maskepflicht am Bus hinzeweisen ! Wann den Dreck Mescht get, da get hie gär gefouert" huet meng Boom, déi zu Zetteg ufanks vum 20.ten Joerhonnert, déi allereischt „Kutschen ouni Pärd" rulle gesin huet ,schon ganz freiher gesoot, woubei ech perseinlech awer politesch korrekt bleiwen a selbstverständlech nemmen de Pobeiergedrecks , Red Bull an Beier Bechsen mengen, die am Bus trellen an déi an de Keieren schepperen wann se iwer de Buedem hin an hir schlidderen an eekleg pecheg saeweren ...! Ee vun de Chauffeuren dee maer mueres bei hirer „manif" interviewt hun, huet mir uvertraut dat et grouss Probleemer mat, greisstendeeels de Schüler aus de Lyceen vu Lalleng a Raemeech geiwen gin, an dat schon ab siewen Auer mueres. Do geif ganz ongeneiert gekifft, gedealt an randaleiert .No der Schoul wär et an der Lescht emmer rem zu uergen Kläppereien um quai koum, woubei och TICE Leit, déi schlichte wollten, blesseiert guwen! Ähnlech wie Gemeng an Police, loossen Schouldirekteren sech net blecken- dat schengt enner hirer Würde ze sin..- weisen sech seier weineg kooperativ a bezéihen keng Stellung wat Behuehlen an Strofdoten vun hire Schüler betrefft, dest wuehl fir de „gudde" Ruf vun hirem Gebai, oder wat nach dervun iwregbleiwt..., nemme net ze schiedegen... De Spos, grad wéi Enseignanten am Fach Civique hirerseits, schengen trotz hire Bemeihungen, weider keen nennenswerten positiven Afloss op ee grousen Deel vu Schüler an potentiell Dreibuerkandidaten ze kreien, déi awer wuehl wessen an aus dem cours op manst dat geleiert hun, dat sie enner 18 Joer net vill méi wéi, a wann iwerhapt, ee „coolen" séjour am sougenannten... „centre socio-éducatif" am Miseler Hannerland riskeieren ! Wéi een an de Bus rifft, esou schalt et erem, op den Toun kennt et un, an dat gellt fir déi eng wéi fir déi aner..., a wann ee beim TICE leiw a fein ufreet, dann ass esu guer 1 faveur dran, wie maer dat leschte Sondeg bei Geleenheet vum Schefflenger Cyclo-Cross feststellen konnten, wou den Organisatoren gleich e Mercedes „ Hors Service" Bus, allerdings mat lafendem Motor, op der Arrivée zur Verfügung gestallt guw , vun, an aus deem, déi Offiziel bequem an iwersichtlich Konkurrenten chaperonéieren a klasséieren konnten! Domat hun sie zu deem Zweck, deen traditionnellen Beiercamion mat der Bâche driwer, deen bis dato emmer als Pressetribün gedengt huet, schon bis elo drei mol getopt! Ma elo genug dees gudden, alles" tempi passati" , schéin nostalgesch Zeiten, un déi maer eis emsou mei stuark erenneren*, well et hautgesdags, respektiv ronderem TICE Bussen beis „ rupp-Esch" a kriminell rauh zougeht, a maer eis als regelmässegen Passageier, deem als opmierksamen Pressekorrespondent an Autor, verschidde vun deenen Messstänn scho zech mol selwer opgefall sin, maer eis deen Dag spontan solidaresch gefillt, an eis ausnahmsweis emol rem eng keier fir Demo op Escher „Guar" deplaceiert hun, genee dohin op de quai , wou Bussen, „du moins à mon goût", mescht eng deck Grimmel vill ze seier erageschoss kommen, grad ewéi sie die sellegen Haltestellen ennerwee, bis op ee puer Meter virdrun nach, mat onugepasster Vitess usteieren, fir kurz derno ferm ze bremsen, am platz wéi mei Frend, de Pannacci's Marc hinnen zu Colmar am Kompaktkurs recommandeiert hat, hire „poids lourd" dach op eng mei soft Tour an mat ee bessen mei Fuhrgefill progressiv-präventiv ze „entschleunegen" . Och det soll gesoot sin, well et ass nämlech net well ech mech an desem kruzialen Moment absolut solidaresch-solidaresch mat engem scharfen S virauser ausgeschwuat, wuehlbemirkt! - mat den Ugestallten vum TICE bekennen, dat ech maer anererseits net erlabe geiw verschiddenes un hinnen weiderhin- positiv- ze kritizeieren a fir verbesserungsfäheg ze halen , well, "qui aime bien, châtie bien „ seet de Fransous, an de „scheine" Marchais gung nach méi weit, an mat sengem elegant formuleierten Satz „ sans liberté de blâmer, il n'est point d'éloge flatteur" huet hien Mett 18.Johrhonnert den Nol op de Kapp getraff a Geschicht geschriwen ! An eis Minett's Sproch iwersaat, heescht dat ganz richt ewech, „vun der Long op Zong" , wéi iwregens op hirem bloen, an hannen poppeg- furwegen vintage Artbus, an decken Buchstowen geschriwen steet!
*Eng ganz grouss Satisfaktioun hat ech, wéi ech festgestallt hun, dat mein geschriwenen Virschlag, den Terminus vum Bus 12 hannen an „Hiehl" noom Escher Resistenzler a Märtyrer Pierre Ponath ze benennen, bei den Responsablen op open Oueren gestouss ass, an seit elo schon ee puer Joeren déi Bussen, mat deer Opschreft um Fronton durch ganz Esch a Richtung „Heintzebierg" zirkuleieren an all „Let" domaden un hien a sei Schicksal erenneren !
Guy van Hulle