"App" aplaz "Token": Brave new world !

Obschonn praktesch jiddereen ee Bank "Compte courant" am Alldeegleche brauch, jo souguer per Gesetz een ze gutt huet, ass et erstaunlech, dass weder ACAT Bankkritiker, d'ULC oder den CET sech zu Wuert mellen, elo wou den "Luxtrust Token" soll vum Client duerch eng "App" op sengem Handy ersat ginn. Wat soen d'Gewerkschaften, d'Parteien, datt een elo muss e quasi fusch neien Handy hunn oder kafen (iOS 12 oder Android 6), dee ka verluer goen oder geklaut ginn, fir seng alldeeglech Bankgeschäfter ze maachen? Ween kontrolléiert d'Agéiere vum Monopolist Luxtrust?
Nodeems een sech virun enger Zäit sollt e PC kafen a mat vill Paperassen sech een Token oder en aneren Zougangsschlëssel vu Luxtrust zurecht geluecht huet fir seng Bankoperatiounen doheem ze maachen, well een net méi sollt an d'Agence kommen, well d'Bank déi wollt zou maachen, soll een dann elo de PC an den Token an den Eck stellen a mam Handy der Bank hir Servicer iwwerhuelen?
Alles easy a mega modern, an da wäert d'Bank sech geschwënn alt erëm eng Verschlëmmbesserung afale loossen, wou de Client nach méi selwer muss maachen, zu ëmmer méi héije Käschte pro Operatioun, si nach méi Personal kann ofschafen a nach méi Benefice wäert schäffelen. Majo dann!
Jean Lichtfous (Bridel)