Respekt

Ech hunn déi meeschte Reportagë verfollegt, Artikele geliest, Meenungen nogelauschtert , alles iwwert d’Heescherten. Et stéing engem zum Hals eraus, wier do net dat Matgefill fir déi Betraffen, déi engem säin Häerz méi schnell dubbere léisst.
Mee de ganze Sujet iwwert déi Äermsten an eiser Gesellschaft geet nach vill méi wäit an ass alldeeglech an eiser räicher Gesellschaft , awer nëmme vum Fric hier a bestëmmt net vu sozialem Matgefill, ze erliewen.
Sou de 4. Januar moies géint hallwer 7 am Waardesall vun der Stater Gare.
Mir souze wéi déi meeschte Leit do op eisen Zuch ze waarden. Nieft deene Passagéier souzen e puer Leit, ganz sécher ouni Doheem, do ze schlofen.
Si hunn eis an och déi aner net gestéiert, si goufe bis wéi gesot hallwer 7 mat Rou gelooss, wat scho luewenswäert ass. Mee du sinn dräi, dunn nach een an nach ee Sécherheetsbeamte ra komm an hunn een no dem aneren opgefuerdert de Sall ze verloossen.
Déi hunn dat och, ouni sech zu Wier ze setzen, gemaach. Awer ee Mann riets vun eis war schwéier wakereg ze kréien, an ee vun deenen dräi Sécherheetsleit huet him du mat sengem schwéiere Schung eng an d’Féiss ginn, dunn ass bei mir schonn d’Blutt an de Kapp geschoss.
Mee wéi den Aarmen dunn beschwéierlech d’Féiss iwwert de Buedem schleefend rausgaang ass , hie war wierklech net an enger gudder Verfassung, dunn huet den Trëtt mam Stiwwel souguer mir wéi gedoen.
Dass d’CFL Uerdnung an der Gare wëll behalen, kann ee verstoen, an och dass Reegele mussen agehale ginn, mee dass dat mat gewëssem Respekt soll gemaach ginn ass nëmme selbstverständlech. Et géing de Responsaable gutt zu Gesiicht stoen, si géifen där Sécherheetsfirma och e puer Reegele virschreiwen, wat eben de Respekt vis à vis vun deenen Äermsten an eiser Gesellschaft ugeet.
E minimum u Respekt sollt ee scho vun doheem aus matbréngen, da wieren sou bedauerlech Gesten am normalen net ze kommentéieren..
Tun Spithoven