Ech sinn onsécher dëser Deeg, ob ech wuel nach an d’VdL (vulgo: ville de Lydie) dierf kommen. Well esou e Stempel, wéi ech en hunn, gëtt ee wuel net liicht lass: ech war en Heeschekand, jojo, coupable de mendacité organisée, voire aggressive, ordonnéiert an exekutéiert a fréister Kandheet. Et gouf do nämlech Erwuessener, déi ass ugestallt hunn vun Haus zu Haus ze goen, ze schellen, de Leit eppes an d’Gesiicht ze brëllen an da séier fort. An et gouf Leit, déi hunn sech dat net gefale gelooss, hunn zeréckgebierelt, esou am Genre Halt mer op mat deem pafege Geméch! Loosst mer meng Rou! Oder: mir hu scho gespent!, wat of course eng Lige war.

Eisen Text war ëmmer deselwechten; ech hunn e ni vergiess, esou Saachen falen déif. Ugefaangen mat: Léiwer Härgottsblieschen / Gitt ons Speck an Ierbessen / Ee Pond, zwee Pond, et war also kee blannt Geheeschs, mä et gouf prezis Menu-Pläng, Speck an Ierbessen, Fleesch a Geméis, a net ze knapps, e Pond oder zwee, ganz schéi vill a frech fir esou e Geheeschs, do kommen engem déi roueg Heeschmënsche vun haut nawell schei vir. Den Härgottsblieschen, deen ech deemools am Mond gefouert hunn, ech wosst ni wien dat wier, hunn a spéide Joren missen nobliederen fir erauszefannen, datt mat dem Blieschen de St. Blasius gemengt war, deen, deen engem d’Spränz aus dem Hals soll zauberen, wann ee spränzege Fësch giess huet a bal un der Spränz erstéckt. Nothelfer nennen d’ Mythologen dat, also genee dee richtege Beruff fir Heescherten ze hëllefen. Duerno koumen zwee koppeg Sätz: Dat anert Joer da gitt der gesond / Da gitt der gesond. Et weess ee jo, datt d’Leit, déi op der Strooss leien, vill Problemer mat der Gesondheet hunn, Infektiounen, Ausschléi, Schnapp an Houscht, mä datt Heescherten de räiche Leit an den Haiser, wou se schellen, verspriechen, déi giffen gesond ginn, dat anert Joer, hm, schwéier ze verstoen, wann de Kranken dem Gesonden Gesondheet versprëcht. An dann de Realissem vun der nächster Textpassage Loosst déi jonk Leit liewen / An déi al Leit stierwen. Nawell staarken Tubak, kleng Kanner esou eppes sangen ze dinn, ech selwer konnt mer trotz villem Driwwer-nodenken ni virstellen, datt Groussmamm oder Elteren iergendwéini stierwe, hunn awer monter beim Heeschen dovunner gesongen, datt dat wuel de Lauf der Dinge wier. An ech hunn och ni verstan, wien genee do déi eng liewen an déi aner stierwe géif loossen, iergendeng héier Autoritéit, e Gotti oder so. A wéi war et mam Geliichts? Ma nawell geféierlech, well an de Lampionen, déi mer geschleeft hunn, do ware Käerzen dran, déi gebrannt hunn, an dacks huet de Pabeier vum Lampion Feier gefaang an dann huet dat alles misse séier op der Strooss ausgetrëppelt gin. Da gouf et Tréinen.

Wann déi räich Leit hannert hiren Dieren sech net getommelt hu mat Opmaache, dann ass den Text carrément - jo Lydie, jo Léon, jo Herr Police - brutal däitlech ginn. An och wéi bekannt: d’ Strooss ass eben schlecht gehëtzt Kommt der net bal / D'Féiss ginn ons kal. Enigmatesch awer, datt d’Heescherten dermat gedreet hunn, si giffen dorëmmer glëtsche goen; Eis a Schnéi, dat war déizeit normal ugangs Februar mä Kommt Der net gläich / Da gi mer op d'Schläich ? Vläit sollt dat bedeiten, da schläiche mer eis, da gi mer eben, wann Dier eis net gär hutt. An tommelt Ärch, svp: Kommt der net geschwënn / D'Féiss ginn ons dënn. D’ High-Light vun eisem Erpresser-Text war awer, trick-or-treat op Lëtzebuergesch: Kommt Der net gewëss / Da kritt Der eng déck op d’Schnëss , dat mir mat Genoss gehuerelt hunn, iwwregens géingt all Directive vun de prüde Groussen, déi wollten dat méi tamiséiert hunn, et sollt e Schouss voll Nëss ginn, fir deen, dee net gläich kéim, jeejee Nëss, Gesabbels ronderëm de Bräi, mir Heeschekanner wossten dat intuitiv besser, a wann eis Commenditairen net nogelauschtert hunn, da gouf et der ëmmer op d’Schnëss, also ugedreeter.

Iwwregens hate mer meeschtens Succès mat eiser mendicité, Schockela a Biscuitten gouf et an zimmlech vill Fric, wa näischt Séisses am menacéierten Haus war. Doheem bei deenen, déi eis ugestallt haten heeschen ze goen, do koum dann ëmmer déi enorm Deceptioun: de séisse Krom ass op d’Säit geluecht ginn, Zockerbouneproviant fir déi nächst Wochen, an de Fric, jo dat war carrement e Misère: jiddereen krut 5 Frang, oder so, fir d’Spuerschwäin, a mam grousse konfiszéierte Rescht gouf (Zitat, sic) en Heedekand kaaft, well soen, d’Geld ass bei de Paschtouer gaangen, an deen huet wuel Sklavenhandel am Klénge gedriwwen.

Dat waren nach Zäiten: weit ewech vum Sennengerbierg war d’Stad, an do huet de séisse Konsumissem ugefaange ze regéieren an an den Dierfer hunn d’Paschtéier de Leit gepriedegt, wat se wiele sollten. Zäite vun Heeschekanner, déi Heedekanner hu misse kafen.