Sinn hei d’Kanner als Geisel geholl ginn? Déi 2 Sujeten hunn guer näischt mateneen ze dinn!

Liichtmëssdag gëtt d’Liicht vu Gott an d’Welt, bei Jonk, Al a Krank Leit duerch d’Kanner bruecht. Dofir benotzen d’Kanner haut ee Lampion, schellen un der Hausdier  a sangen ee Lidd fir op sech opmierksam ze maachen, am dann d’Liicht vu Gott un d’Awunner weider ze ginn. Dëst Liicht huet e puer Bedeitungen, ënner anerem d’Enn vum Wanter anzelauden, d’Leit viru Krankheet ze schützen, Freed a Liicht an hiert Liewen ze bréngen. Als Dank, kréien d’Kanner dann Zockerbounen asw. Dat ganzt huet also guer näischt mat Heeschen ze dinn mee, d’Iwwerbréngen vum Liicht vu Gott, vun der Hoffnung.

D’Heescheverbuet, soll dat kriminellt Heeschen ënnerbannen a verbidden. Do wou Mënschen benotzt, gezwonge ginn fir déi Groupementer ze heeschen an d’Geld un de Groupement ofzeginn. Hei ginn all Dag Leit mat Autoen an Zuch op Lëtzebuerg bruecht, am Land verdeelt an Owes nees an d’Ausland zeréck gefouert. Dëst ass zanter Joren bekannt.

Ass eis Gesellschaft op ee Niveau gefall dass een d’Realitéit net wëllt gesinn oder gesäit an dass Politiker vun der Oppositioun, LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk, Piraten a verschidden Gewerkschaften, Organisatiounen, Mënscherechtsorganisatiounen, dës kriminell onwierdeg Machenschaften vun Heeschen an Ausbeutung vun deene Mënschen mat ënnerstëtzen, Mënschen  déi sech net wiere kënnen?

Ass et net eng Frechheet an ee Beweis vun Inkompetentz, dass de Problem Jorelaang bekannt ass, Déi Gréng während deene lëschen 5 Joer de Justizminister gestallt hunn, d’LSAP während deene Joeren den Inneminister gestallt hunn, a guer näischt gemaach hunn vir dem Mënschenhandel zu Lëtzebuerg een Enn ze setzen? Hei hunn déi 2 Parteien komplett versot an déi 2 Minister hate kee Courage oder waren se bei dësem Dossier ageschlof?

Ass et net erstaunlech, dass grad elo déi 2 Oppositiounspolitikerinnen an och déi fréier Spëtzekandidatinnen elo deck Bake maachen a virdun no gekuckt hunn?

Vun 10 Mol wou ech an Stad ginn, ginn ech +- 8 Mol ugesprach, ech hëllefen och a verschiddene Fäll, ech sinn, bis elo 2 Mol vun « falschen » lëtzebuerger Heescherten ugeschass ginn.

Wann d’Gemeng Lëtzebuerg 75 « Streat worker » engagéiert, da kascht dat «menger Meenung no +- 375.000 EUR de Mount ». D’Roll vun deene Leit ass jo déi Aarm an ee Foyer ze invitéieren an hinne Hëllef un ze bidden.

Duerf ech dann als Awunner vun der där Stad verlaangen, dass dës Leit d’Hëllef vun der Gemeng unhuelen, oder muss ech och nach d’Bedeelegung vun esou honorabelen Oppositioun’s Politiker déi un där Liichter Demo mat engem ëmgeännerten Text vum Léiwer Härgottsblieschen vun engem lëtzebuerger Kënschtler deel geholl hunn gutt heeschen?

Ass dat de Niveau vun eise Kënschtler déi de Kulturministère ënnerstëtzt an de Niveau vun der aktueller Oppositioun?