Seit 1966, alles gesammelt, klasséiert, a stockéiert.

Den Allain Artaud, de Privatarchivist vun der Escher Jeunesse… !
Virun Joeren, wéi ech op der Sich no engem neie flotten sujet wuar, hat den démolegen Sekretär vun der Jeunesse, de Wantze Lex, mär en tuyau gin, a mech drop higewisen, dat an der Hiehl e ganz interessanten Mënsch a passionéierten Supporter vun de „bianco-neri“ wunne géiw, dén ech dach onbedengt opsichen misst fir dach vléicht och eppes iwert hien, seng Leidenschaft a séin Hobby ze schreiwen.
Séi Numm wär Allain Artaud, ech misst hien dach kënnen, hie wär senger Jeunesse nach emmer ganz noh… eleng scho nëmmen well hien an der Hiehl an enger Kolonie direkt hannert dem Terrain géiw wunnen, an hätt am Laaf vun de Joeren do no an no, en immens groussen Archiv, iwert de lokalen an internationalen Fussball zesummegestallt, an vrun allem absolut alles zesummegedroen, gesammelt a klasséiert wat mat sengem Herzverein, der A.S. Jeunesse ze din huet !
Et huet gedauert, ma nodems ech de Kolleg Artaud an der Escher Badanstalt, wou mär eis Samsdes mueres regelmässeg am Baseng begéinen a fit halen, drop ugesprach hun, war et elo endlech esou wéit an hien war spontan bereet mär séi formidablen Archiv virzestellen.
An tatsächlech, dem Photograph, dem Julien a mär sin d‘Aen(Oen) grouss opgang wéi mär „ sur place“ déi rieseg Quantitéit vun zirka 350 Classeuren, Bicher, Fanions, Wimpelen, Figurinen an Affichen gewisen kruten, déi do stockéiert waren, an dat relativ klengt Haus bis enner den Dach opgefëllt hun…
Ma dat de Mënsch, deen hannert esou enger leidenschaftlecher Sammlersucht steet, eis all Kéier’s op manst grad esou wichteg schengt, wéi nëmmen déi jeweileg materiell Objekten, vun senger jeweileger Kollektioun - ob dat sech elo em där aus eiser bal identesch gemeinsam erliewten „ jeunesse“ handelt oder net - an egal ob et elo do em Bréifkäpercher, Panini Pechbiller oder vintage Veloen geht, hu mär hien dann och, virwetzeg wéi mir dann emol sin, gléich gefroot wéisou iwerhapt séi Virnumm mat engem doublen L mist geschriwen gin oder op et sech net vléit awer em en Drëckfehler op senger Visitekärtchen handele géiw…?
Iwerdeems hien am gang war fir eis déi éischt vun dénen iwersichtlech klasséierent Dossercher, dorenner eleng 40 nëmmen iwert Jeunesse, aus dénen sellegen Gefacher a Regalen erauszekropen, huet hien eis erziehlt dat, wéi hien zu Étain 1946, hei viir „am Frankreich“ am Département vun der Meuse op Welt koum, dem franséischen Beamten dohannen um „état civil“ beim Androen e fatalen Fehler ennerlaf wir, an hien irrtümlecherweis dem Alain leider een weideren L direkt hannert dem A béigepraft hätt…Woubei mär him doroberhin gléich ze bedenken gouwen, dat dach just nëmmen „allez Jeunesse“ der gléich zwee kriet, dee Kréesch mat deem hien dach bis haut nach vun senger Stammplatz ënner der Tribün aus, seng Equip ufeiere géiw! Een „allez Jeunesse“, hu mär perséinlech festgestallt, deen awer leider déi lëscht Zéit wie maer sur place a ronderm héieren, ëmmer méi an een weitaus méi negativen „allez, allez, esou awer nët“, iwergangen ze sin schëngt…!
Dese Schreiwfehler reckgängeg ze machen, wär net méiglech gewierscht an dat wär elo sou ze soen zu senger “ image de marque“ gin, och wann hien an all där Zeit schon emol dowéinst Problemer mat den Administratiounen respektiv de Gendarmen kritt hätt, déí do iwer also nët vill manner bornéiert ze sin schengen wéi anerwärts. Speitstens duerno hate mär eis wuarm gelacht, eis en Aa ( am Minett ass dat een Oo ) zougedrëckt, an de Rëckbleck a längst vergangen Zeiten a glorreich Matcher konnt ugepaff gin.
„Tempi passati“…
Genealogie an Eiéren, ma ech hu mëch gären gelooss vum Allain beléieren; wéi en aus der Meuse zum Fussball am allgemengen an zu der Escher Jeunesse „ en particulier“ koum, wollt ech wëssen! Hien huet mär dunn erziehlt, dat hien gléich no senger Gebuert mat der Famill vun dohannen fort geplënnert wär, nodeems séi Papp eng nei Schaff als Biergoarbechter op der minière „Montrouge“ am nohen „Deitsch- Oth“,fond hat. ( Audun-Tedesca am Géigesatz zu Audun-Romana ) wéi de Jean Rhein séileg, maer deemols beim „Anita“ erklärt...
Gewunnt hun sie awer vun deem Moment un, an der Escher Brillstrooss. Mat knapp dréi/véier Joer hätt sei Papp hien da gléich all Sonndes mat op de Jeunesseterrain geholl, esou dat hien sou ze soen a ganz fréihen Joeren schon an de chaudron vun der Grenz gezapt gin wier, an dofir iwer „potion magique“ am „biberon“ op de „goût“ koum, e ganz besgen ähnlech wéi een aneren berühmten, aus enger bescht bekannter franséischer „bande dessinée“…
D‘Woch iwer huet hien dobaussen direkt vrun der Dier am Schoulhaff, oder op der Brillplatz, wie déi nach net mat exzentresch dubiosen Konschtwierker zougestallt a vun “ kubisteschen“ Bunkeren flankéiert wuar, mat senge Komeroden et déne Groussen nogemach a Fussball gespillt. Mat hinnen war ënner aneren och de Nello Saltutti ,1947 zu Gualdo gebuer, aus der paralleller Burestross, deen et duerno als Profi beim A.C. Milan, der Sampdoria an der Fiorentina zwar wéit brenge sollt, ma leider vun hirem Trainer an der Toskana, wéi eng ganz Reih Matspiller och, zum gesondheetsschiedlechem Doping „Micoren“ verfouert gouw, an dodurch fréizéiteg mat 56 Joer verscheed dierft sin!
Weider bekannte Spillkomeroden vum Allain, deen sech 1992 fir letzebuerger Nationalitéit entscheed huet, waren de Gilbert Simonelli, de Bridi, „ il fratello dal Nello“, de Nazareno, alias de “Spetzendänzer“ , de Jeannot Schaul, de Guy-chen Allamano an, sporadesch och de Zeni, deen sech och déi Zéit schon steits ma éischter „ à tort“, fir deen Allerbeschten gehal huet…
Wéi den Allain dunn eng Léier als Installateur ugefang huet, an him keng Zéit méi blouw fir ze spillen - „erst die Arbeit, dann das Spiel“ - huet hien ugefang sech no Feierowend, als “passe-temps“ doheem voll op Liesen, Erausschneiden vun Presseartikelen an Dokumentatioun ze konzentreieren.
Den Ausleiser Declic…
Den Terrain war also préparéiert an d‘Basis fir den Interessi um ronne Lieder geluet, ma richteg ugefangen mat methodesch archivéieren, hätt hien eréischt vun 1966 un, an dat bei Geléenhét vun der W.M., déi bekanntlech vun England mat 4:2 geint B.R.D.gewonnen gouw.
Dem Geoffrey Hurst séi gestaffelten „hattrick“ a vrun allem den emstriddenen Goal ënnert d‘Laat zum 3.2 an der Verlängerung an seng Validatioun durch deen démols russeschen Linienrichter Tofik Bakhramov, deem speiderhin eng Statue an ee ganzen Stadion zu Bakou gewidmet gouw, hätten dat Sammelféiwer bei him ausgeléist gehat. Den Allain, deen sech virdrun nëmmen fir Photoen aus deem Bereich interesséire konnt, huet dunn sein alleréischten Dossier ugeluecht, mat illustréierte Presseartikelen iwer Charlton’s Bridder, de Bobby Moore, Hurst, Ball, Banks a Co oun‘s deen zënnlos, op letzeburgesch gesoot, schaardegen Nobby Stiles ze vergiessen.
An och deenen sech geprellt gefillten „Preisen“ mat „Siggi“ Helden, a Superspiller „en masse“ wéi z.b. Beckenbauer, Overath, Haller, Schnellinger, an deem legendären an och an tëschenzéit séilegen Seeler, alias „Uns Uwe, gouwen en etlech Séiten dran reservéiert !
„ chapeau Mr. Allain Artaud“…!
Vun do un, ass den Allain all Dag gléich 1 puer lokal Dageszeitungen
plus „l’É“ , ënner anerem bei eisem „chouchou“, dem Andrea Deidda séi Papp op de Prenzereng kofe gang. Dat wuaren finanziell Ausgaben déi sech suméiert hun an iwer déi Mme Artaud doheem net onbedengt emmer „amused“ wuar, wéi hien eis mat engem lichte Grinsen ze verstoen gouw. Leitz an aner Uerdner hun sech gehäuft a fëllen, mat den historeschen Brochuren, Fanioen, Figurinen an Affichen, „ entretemps“ dat relativ klengt Haus an der Minestrooss, souzesoen bis ënnert die schréi charpente op, woubéi én net all ze korpulent duarf sin, fir iwerhapt iwer déi schmuel Holztrap bis do erop virzestoussen!
D‘Haus ass strubelvoll an dee verstännegen Mann huet agesin,dat hien aus deem Grond zereckschrauwen misst. Iwert Jeunesse steet do schwuarz op wéiss, vu Saison zu Saison, alles dran. Déi ganz gud a manner erfreelech Momenter vu fréiher bis haut sin do licht erëmzefannen, an och esuguer déi verschiden Berichter iwer de rezenten Drama um Trainingsterrain sin geheft a guwen - esou huet een op manst den Androck…- am Gegensatz zur Veréinsspetz net ausgeblënnt an tabuiséiert! Gud wär et, soot hien, wann sech Jeunesse,“ selwer dach elo och endlech dém fir sie secherlech dach och héich interessanten Archiv unhuelen géiw, dest no engem éischten Kontakt viru Joeren, op deen awer weider néischt erfolegt wär. Eis géint iwer huet hien versëchert, dat hien absolut bereet wier senger Jeunesse de ganzen Archiv ze légéieren, viraus gesat dem Verein wär dorunner geleen !?
Demno, „avis aux amateurs“ respektiv un Semi-Profien - ma déi intresséieren meschtens just d’Moneten - vum legendären Escher Verein, fir sech op Been ze setzen an ze beméihen, déi mat vill Suergfalt, Leiwt a Fléiss zesummegestallten 40 Dossieren, an där „à l’ancienne“ virleiender Fassung ofzelichten. An enger moderner ultra-geraffter Form wär esou vill Platz gespuert an ging néischt verluer. Alles wier op déi Art a Weis gespéichert, an dat net méi wéi virdrun bis ënner de Plafong vum Dachstuhl. Dobei siew bemierkt, dat an all Zeitung haut nach - an aneren bis viru kurzem - nierwt der Datebank emmer nach eng „collectioun“ virléit, an dat a form vun dëcke Wälzer, an deenen gemitlech kann emgeschloen a gebliedert gin!
Ob déi Tour sting eisem Rekordmeeschter iwer all Nostalgie eraus, en eemoleg interessant Noschlowierk gratis zur Verfügung, un deem sie sech “ eng Nues voll huelen“ sech inspiréieren, op déi âl Werter besënnen, an fir d‘Zukunft orientéieren kéinten a sollten!
Guy van Hulle-Bisdorff