Iwwerspëtzte Lieserbréif iwwert en "Erliefnis" an eiser Haaptstad. 2.3.2024

Gëschter moien ass mär eng geschitt, aus där ech nach just mat vill Chance ongestrooft eraus komm sinn. Ech war an der Staat an der Foussgängerzon vun der Groussgaass op Shopping Tour. Voller Virwëtz awer mat eidelen Täschen. An aller Onschold hunn ech mer d’Nues un de Butteksfënsteren platt gedréckt. An dat mat besonnescher Freet do, wou Dreem vun zaarter Dammenennerwäsch presentéiert gi sinn. Dat war dach eppes aneschtes wéi fréier déi selwer gestréckte Boxen, déi d’Médercher an der Handarbechtstonn hu misse bastelen. Sie hunn bestémmt gudd warm gehalen, mé hiere „Look“ ass op Këschte vun der Erotik gaangen. Dobäi koum mer och eng aal Erennerung erop, dass ech bis zu engem bestëmmten Alter heemlech de Lastik aus menger eelerer Schwëster hieren Ennerboxe geklaut, an bei de Kollegen géint Bravo a Playboy emgetosch hunn, déi se vun hire Pappen „geléint“ hunn. Sie waren nach net esou wäit ewéi ech an hunn sech léiwer Schléideren draus gemacht.

Et huet wuel op Grond vun der Spannung, déi vun dem zarten Fummel ausgaangen ass, eng Weilchen gedauert, bis ech gemierkt hunn, dass de Stréckel vu mengem rietse Schung lass war. Ech si schon zënter etlecher Zäit där flénkster kee méi, an hu mech missen op é Knéi setzen fir mat Konzentratioun de widderspenstege Borscht erëm a Form ze bréngen. Et war en haarde Mätsch den awer schlussendlech trotz der Arthrose vun menge Fangeren gewonne gouf. Doduerjer vun der Realitéit ofgelenkt, hunn ech elo eréischt spéit matkritt, dass ech matzen um Trottoir souz. Gläichzäiteg ass et méi däischter ginn, awer anescht ewéi duerch eng Wollek. Entweder war et eng Persoun mat zwee Schied oder zwou verschiddener mat jee engem perséineleche Schied. Ech hu mech erëmgespigelt an de Nuesen vun véier frësch gewichsten, a kamëss poléierte Männerstiwwelen, déi op menger Aanhéicht waren. Vun enger rauer Stëmm sinn ech knallhart emgebootscht a gefrot ginn, wuerfir ech hei um Trottoir géing sëtzen? Ech hunn eropgekuckt an et war genau esou wéi ech gefaart hunn: d‘Police. De Chef mam Léierbouf, den sech getommelt huet, och säi Pefferkär bei ze leen. Mär goung echt de Wapp.

Ech hat mäi Liewe laang ëmmer e schlecht Gewëssen an hu mech schëlleg gefillt, wann ech nëmmen eng Uniform vu weitem gesinn hunn, ouni ze wësse wuerfir. An elo och nach zwéin beieneen, do war ech echt iwwerfuerdert. Ech konnt nach just soen: „Ech war et net, weess vu näischt, hunn näischt gesinn an och näischt héieren a ka fir näischt. Dot mer w.e.g. net wéi. Ech héschen…..“ Weider koum ech net. Ob Promi oder net, et war kén u mengem Numm interesséiert. Mat engem exemplaresche Pflichtgefill gouf ech vun dem Moment un als de Kriminellen mat der Nummer 3199457051 betruecht an als solche behandelt. Ier ech mech wiere konnt, hat ech eng Koppel Handschellen un an eng déck Plooschter um Mond. De Spunt huet gegrinst a gesot: „Wann Är Nummer net esou laang wär, dann hätt ech Iech se mat Freeden agebrannt. Mee op Ärem 80 järechen Schlappaarsch kënnt en se dach net méi liesen.“

Genau esou wéi ech dat vun den amerikaneschen CSI-Serien op der Tëlee gewinnt sinn, ass och héi mat derselwechter Hektik hin an hier gefunkt ginn. Stross an Trottoir gouffen vun der Gar bis op de Lampertsbierg, mat deene bekannten, gielen Plastikssträifen ofgespaart an zum „Tatort“ erkläert. Eng Truppeverstäerkung huet sech vu weitem durch Sireenekaméidi ugekennecht a kurz duerno war ech vun enger Onmass schwéier bewaffneter Polizisten agekesselt. Dovunner waren déi mat der Pickelhauf bestëmmt am noen Ausland geléint. Mär als erwéschte Schwéierkriminellen géintiwwer stung eng hallef Arméi, prett fir bei dem klengste Wibbeler mäin Kadaver ze duerchlächeren ewéi eng Seibecken.

Op emol huet déi uniforméiert Menschemass sech gedélt an en Zivilist an enger Art Fuesskostum ass virgetrueden. Hien ass mer kenneg virkomm, mé de Kostum war mer friem an huet mech irritéiert: op der lénker Säit gesträiften Zwier vum Feinsten, riets polizeiblo mat enger Onmass Gielecher behangen. Ech hun d'Symbolik eréischt méi spéit e besse besser verstanen. Hien war en vun e puer eisen Häre Ministeren, déi mat enger Pey eleng net iwwerliewe kéinten, an duerfir an der Ëffentlechkeet duerch hiren Outfit op déi politesch Villsäitegkeet hiweisen. A mengem Fall, de Mann, den sech an den 100 éischten Dég vun der neier Regierung esou aktiv ervirgedoen huet, dass all déi aner vu Bewonnerung wéi geläämt nogekuckt hunn. Den allsäits respektéierten a wéinst dem schréckeleche Kampfnumm vill gefaarten „klenge Léo.“

Hien huet eng richteg féierech a patriotesch Ried geschmass iwwert de groussaartegen Numm den eis Haptstaat an der ganzer Welt genéisst. Duerch esouer ewéi mech, géing den awer stark leiden. Duerno kruten déi zwéin Polizisten, fir hier erfollegräich Schluecht géint mech, né net wéi erhofft, eng Medaille iwwerrécht, mé kräfteg de Bauch gerappt, well se d’Gesetz net agehalen hunn. Zu mär sot de starke Mann, et géing him oprichteg leed doen, dass haut de Weltdag vun den Héescherte wär, an ech net däerft agespart ze ginn, soss géing Lëtzebuerg erausgehäit ginn aus NATO, WHO, FACEBOOCK, UNO, EU, IKEA, ILRES, CFL, OGBL an der wichtecher Klippercher nach eng Onmass méi. Op mäin couragéierten Awand hin, ech hätt nach net emol eng bleche Becks bei mer gehat, déi d‘Viraussetzung wär, fir zu dësem Verbriechen ugeklot ze ginn, huet den Här Léo mer säin juristescht Fangerspëtzegefill demonstréiert a mer ennerstallt:„Dir sidd och net besser wéi déi aner Héscherten. Allkéiers wann e vun Iech erwëscht gëtt, frësst hien d'Bécks mam ganze Geld. Well ech de verantwortleche Minister sinn, muss ech duerfir suergen, dass dat Geld op déi richteg Platz kënnt. No der opwendeger Prozedur vun der manueller Geldwäscherei, kenne mer da soen: „Eist Geld sténkt net.“

Ben Schultheis