« The idiots have gathered ». Sou huet et an engem öffentlechen Post am September 2021 op eng Pétitioun hin geheescht, wou d’Leit och als « Afen » bezeechent gi sinn. Dat war awer just eng Ausso vu villen. Verschiddener wëll ech mol net nidderschreiwen well se ze veruechtend sinn.

Hetz am Netz gëtt et wuel zanter et den Internet gëtt. Et huet virun allem Leit mat engem gewëssenen Bekanntheetsgrad getraff. Déi lescht Zäit hëlt et awer am Internet emmer méi zou a virun allem während der Covid-Krise konnten och vill Leit et um eegenen Leif erfueren. D’Hemmschwell léisst wuel ëmmer méi no a vill Leit verstoppen sech brav hannert hirem Schierm a loossen d’Frechheeten iwwert d’Tastatur an d’Netz flatteren. Et huet een do souzesoen ee Fräifahrtschäin am Netz. Ohne Rücksicht auf Verluste. Géifen déi Leit sech och esou dobaussen matdeelen, face à face? Einfach mol duerch d’Stadt bläeren « dir Afen! »? Wuel kaum … op jidde Fall déi mannste Leit géifen dat man.  Hannert dem Schierm verstoppt ass dat awer mëttlerweil anscheinend Usus. A keen schéngt sech drun ze stéieren a seet-pardon, schreiwt - dann mol « hey, wat hues du fir een Ëmgangstoun?! ». Oder wéi soen d’Spillschoulskanner sou léif: wen et seet, deen ass et. An du bass et!

Am Géigendeel: d’Leit verdeelen nach monter Daumen a Laachmännecher drënner an mir nichts, dir nichts gëtt schnell, ouni nozedenken een Kommentar drënner gesat, deen d’Beleidegung nach eemol mat verstäerkt. Oder et gëtt dann dogéint gepöbelt an engem ähnlechen Ëmgangstoun.

Déi sozial Netzwierker hunn hatesdaags ee grousse Stellewert kritt a virun allem eis jonk Matbierger verbréngen vill Zäit dorobber. Wéi oft héiert een och do, dass gemobbt gëtt…Cybermobbing! Schnell ass eppes am Netz geland; ee Video, eng Photo an et gëtt monter weider verdeelt ouni nozedenken, mat Kommentarer, Emojis and likes/dislikes dobai. An oft gëtt vergiess, dass do hannert deem Video, der Photo Mënschen stiechen, ob dat elo Jugendlecher sinn, Politiker, Artisten oder einfach Leit déi eng aner Liewensastellung hunn.

Verstidd mech net falsch-eng Diskussioun fannen ech emmer gutt a wichteg an eng Sträitkultur sollt och nees gefördert ginn. Domadder mengen richteg Diskussiounen-wou jiddereen seng Meenung vertrieden kann, an jo, Diskussiounen kënnen och mol hëtzeg sinn. Mee einfach Leit ze beleidegen an ronderëm ze pöbelen just well een net mat deem senger Usiicht averstanen ass, dat ass net méi ok. Et geet awer ëmmerhin ëm Mënschen do! E Minimum u Respekt wäert een aneren jo awer nach entgéintbréngen kënnen. Mënschen als Idioten, Afen oder soss eppes ze betitelen ass definitiv ënnert der Gürtellinn. An dofir nach « likes » a « smileys » anzekasséieren léisst leider déif an d’Moralitéit vun eiser Gesellschaft blécken. Virun net all ze laanger Zäit huet souzesoen ee legalen Mobbing am Netz stattfonnt. An dat bleiwt alles onkommentéiert-bis haut.

Hannert all  dëse Bezeechnungen stinn nämlech ëmmer nach Mënschen! Mir schwätzen all géint de Krich, ginn op d’Strooss dowéinst a froen eis oft, wéi sou Saachen méiglech sinn - mee sollten mer net all mol bei eis selwer ufänken? Eist eegent Behuelen och mol a Fro stellen? Villäicht déi nexte Kéier zwee Mol iwwerleeën éier mer an de sozialen Netzwierker drop lass posten an ëmmer am Hannerkapp halen, dass mir all Mënschen sinn - och wann de Géigeniwwer eng aner Perspektiv op verschidde Saachen huet, aner Décisiounen trëfft an anescht liewen wëll wéi mir

Wat gi mir dann do eise Kanner mat op de Wee? Sollte mir Erwuessener net e Beispill fir si sinn? Hinnen de Wee weisen. Mir kënnen Fächer wéi Vieso an der Schoul hunn-dat bréngt alles näischt wann een d’Moralitéit net als Gesellschaft virliewt. D’Kanner vun haut sinn d’Gesellschaft vun muer – an d’Kanner orientéiren sech un der Gesellschaft vun haut. „Kinder machen nicht das, was wir sagen, sondern das, was wir tun.“ (Jesper Juul)

Jo, et ass een net emmer averstanen mat sengem Géigeniwwer: mat senger Meenung, mat senger Relioun, mat senger Sexualitéit, mat sengem Choix, mat senger Liewensaart a Weis - an dat ass och ok. Mir wëllen jo och eng villfälteg Gesellschaft hunn. Et kann een och sengem Géigeniwwer seng Meenung matdeelen - awer w.e.g. am géigensaitegen Respekt.

Eng Fro bleiwt mer awer nach emmer offen: wéi konnten d’Leit sech kollektiv dozou verleeden loossen, esou ze hetzen? An et huet bal keen sech dru gestéiert … Ech hoffen, sou munchereen denkt doriwwer no!

Isabelle Engels