Gehéiert daat wirklech an eis Schoulen?

D’Majoritéit vun den Elteren, deenen hir Kanner eng öffentlech Schoul besichen, hun se am Februar nees am Schoulsaak fonnt: d’Broschüre mam Titel “54. Internationale Raiffeisen Molconcours”. An där Broschüre fënd een op der 1. Säit eng Foto vum Här Claude Meisch, Bildungsminister, niewt enger Foto vum Här Laurent Zahles, Präsident vum Direktiounsvirstand vun der Bank Raiffeisen. Op der läschter Säit fënd een en Formulaire wou een d’perséinlech Daten vun sengem Kand an vun engem Erzéihungsberechtegten soll androen, an dëse klenggedreckte Saatz muss enerschreiwen: “j’autorise le titulaire de classe à transmettre […] à Banque Raiffeisen s.c. […] toutes les données personnelles renseignées sur ce formulaire et j’autorise Banque Raiffeisen s.c. à utiliser les données ainsi collectées.”.
Déi Broschüre get vum Bildungsministère un d’Schoulpersonal verdeelt, mat der Oplaag se un d’Elteren weiderzegin an d’Mole vum Bild als schouleg Aktivitéit wärend den Unterrechtsstonnen ze organiséieren. D’Schoulpersonal get des Weiteren opgefuerdert déi ennerschriwen Formulairen nees anzesammelen, an se zesummen mat de Biller un d’Bank Raiffeisen wieder ze gin.
Ab deem Moment zit den Bildungsministère sech dann aus dem Ofweckelen vum Concours zeréck. D’Bank Raiffeisen benotzt di Dausenden vun Telefonsnumeren, déi si esou iwermëttelt krut, fir e landeswäiten telefoneschen Démarchage ze starten. D’Elteren gin ugeruff an informéiert dass hirt Kannt gewonnen huet. D’Präiser bestin all aus engem „Avoir d’épargne“, deen un d’Bedingung vun der Ouverture vun engem Bankkonto bei der Raiffeisen op de Numm vum Schüler gekoppelt ass. Et ass net méigleg den Präis anzefuerderen, ouni en Konto am Num vun sengem Kand opzemaachen. D’Haaptziel vun deem Concours besteht kloer doran, et der Bank Raiffeisen ze erméiglechen, un Dausende vun Telefonsnumeren vu potentiellen zukünftegen Client‘en ze kommen zwecks Téléprospectioun. E Bléck an d‘Reglement vum Concours, dat ee bei der Raiffeisenbank kann ufroen, bestätegt daat: um lokalen Niveau gin 3105 véiert Präiser verdeelt ënnert der Form vun engem „Avoir d’épargne“ vun 30 Euro. Daat bedeit, dass d’Bank Raiffeisen 3105 Elteren urifft, fir si ze informéieren, dass hirt Kand den véierten Präis gewonnen huet, an fir si opzefuerderen e Konto am Numm vun hirem Kand opzemaachen. Di mansten Eltere wëssen, dass quasi all d’Kanner “gewannen”. Si mengen, d’Bild vun hirem Kand wir effektiv vun engem Jury richteg erausgesicht gin. Doduerch entsteet e moraleschen Drock, fir hirem Kand de Präis, deen et sech duerch seng Méi an seng artistesch Fäegkeeten verdengt huet, och anzeléisen.
Fir ze vermeiden, dass déi interessantesten Client’en (déi vum Cycle 1 – Spillschoul) - wou d’Probabilitéit am gréissten as, dass si nach keen Spuerkonto bei enger anerer Bank hun- duerch den Filet gin, gesäit den Réglement vum Concours vir, dass déi betraffen Elteren d’office ugeruff gin, egal op hir Kanner gewonnen hun oder net. D’Elteren kréien an deem Fall en „Avoir d’Épargne“ vun 25 euro proposéiert, natiirlech gekoppelt un d’Ouverture vun engem Kont bei der Raiffeisenbank.
Fir d’Verdeelung vun den Präiser um lokalen Niveau gesäit d‘ Reglement vir, dass de Jury exclusiv aus Conseiller’en vun der Raiffeisenbank besteht. Den Bildungsministère huet deemno keen Ableck op d’Ofweckelen vun deem Deel vum Concours.
D’Organisation vum Raiffeisen Molconcours werft eng ganz Rei Froen op.
Firwaat gin d’Broschüre fir e Concours, deen e reng commerziellen Zweck huet, iwer d’Schoulpersonal verdeelt an firwaat gin déi Biller an den Unterrichtsstonnen gemolt? Normalerweis iwermettelt d‘Léierpersonal den Elteren just Dokumenter fir ze ënerschreiwen, wann déi en direkten Lien mat der Schoul oder mam Unterricht hun. D’Tatsaach, dass d’Broschüre op deem Wee verdeelt get, get dem Concours eng falsch Façade vun Légitimitéit. Den Emstand dass d’Biller am Unterricht gemolt gin, setzt d’Elteren ëner Drock fir ze ënerschreiwen, well si jo net wëllen, dass hirt Kand aus enger schoulescher Aktivitéit ausgeschloss get.
Eng aner Fro déi sech opdrängt as, firwaat den Unterrichtsministère sech aus dem Ofweckelen vum Concours eraushält, esou bal déi perséinlech Donnéen vun den Schüler an den Elteren un d’Bank Raiffeisen iwermëttelt goufen? Wann den Bildungsministère d’Broschüren verdeelt, dann kinnten d’Gewënner jo iwert den selwechte Wee informéiert gin, dass si gewonnen hun. D’Äntwert ass kloer: an deem Fall kinnt den Démarchage commercial net stattfannen, an den Concours hätt säin Zweck verfeelt.
Wiem profitéiert déi ganz Actioun?
Der Banque Raiffeisen ganz sécher: si kënt un Dausende vun Daten vu Kanner déi méiglegerweis nach kee Spuertkonto hun an eng exzellent potentiell Clientèle duerstellen.
D‘Schüler sin net d’Gewënner vun der Actioun, an hir Interessen stin net am Virdergrond. Op Ufro huet d’Bank Raiffeisen bestätegt, dass all Mannerjäregen, deen onofhängeg vum Molconcours en Spuerkonto bei hinnen opmecht, en „Avoir d’épargne“ vu 50 Euro guttgeschriwen kritt. Deen Montant as méi héisch wéi den „Avoir d’épargne“ deen een als véierten Präis am Molconcours gewennt, sou dass et net iwerdriwen as, den Concours als Schwindel ze betruechten.
Een grousst Rätsel bleiwt allerdings: wéi een Interesse huet den Unterrichtsministère, fir esou eng reng kommerziell Aktioun am schoulege Cader ze ennerstetzen?
Onofhängeg dovun dass e „Placement de produits“ näischt am Schoulsall verluer huet, begënschtecht eng staatleg Institutioun eng „Concurrence déloyale“ op Käschte vun allen anere Banken op der Finanzplaz.
Den Unterrichtsministère ass vun Elteren a vu Léierpersonal ugeschriwen gin an refuséiert Stellung ze huelen.
Pascale Kaell, Mamm vun zwee Kanner am Enseignement fondamental