Oktav-Mäertchen

Nodeems Gambia « DP-LSAP-Déi Gréng » Trennung vun der Kierch an dem Staat duergesat huet, si mir nach nët um Enn ukomm an d’Stad Lëtzebuerg mat hirem DP-CSV Schäffen- a Gemengerot setzen nach eng drop.
Hat ee gemengt wann d’Place Guillaume II fäerdeg wär, kéim de Mäertchen nees dohin zeréck, esou Sie mir eppes Besserem geléiert ginn.
Traditiounen sinn dem Schäffen- a Gemengerot egal an de Mäertchen gëtt, bei der Gëlle Fra, an een Eck zesumme gewierfelt ouni Plaz, an Traditioun’s Geschäfter verschwannen. Bleiwe nach eenzel kleng Geschäft’s Chaleten, mat Béier Dëscher, Sonneprabbelien oder Zelter déi op sinn. Schliisslech hu mir zu Lëtzebuerg ëmmer schéi Wieder mat 25° Grad. De Klimawandel ass wahrscheinlech dru Schold, dass et eben elo esou Kal ass a Reent!
Krut ee soss um Knuedler mueres ëm 08.00 Auer no der Mass eng gutt waarm Taass Kaffi mat engem Bréitchen oder Kichelchen, esou steet een elo am Reen, ouni grouss a gutt waarm Chaleten mat normalen Dëscher a Still.
Huet de Schäffen- a Gemengerot déi eeler Leit vergiess oder zielen déi nët méi?
Wat huet de Schäffen- a Gemengerot zu dëser Décisioun beweegt?
Lëtzebuerg ass a bleift nach ëmmer majoritaire Chrëschtlech och wann vill Chrëschten d’Relioun nët méi an der Kierch praktizéieren mee déi meescht Kanner nach gedeeft ginn an der och nach vill d’Kommunioun maachen. D’Masse ginn, vun alle Generatiounen, iwwer déi Digital Medien, am Replay, gelauschtert a gekuckt.
Während der Oktav, sinn an der Cathédrale, och vill Jonk, Jugendlecher a kleng Kanner mat hiren Elteren, déi virum Gnodebild bieden, kleng Kanner déi geseent ginn, an och nach vill Leit déi Trouscht bei Maria, der Gottesmamm siche kommen.
Loosse mir Chrëschten eis vun der Politik nach weider an den Eck drécken?
Loosse mir Lëtzebuerger Awunner, mat eisen Grenzgänger, eis weider vun der Politik chrëschtlech Traditiounen eweg huelen?
Gehéiert den Oktavmäertchen net op de Knuedler, oder loosse mir d’Politiker weider gewäerden eis Traditiounen ofzeschafen, ewéi kee freien Dag an der Schoul méi fir d’Sprangprëssioun « Unesco Kulturierwen», asw?
Kënnt elo nom Mäertchen als nächst d’Schueberfouer un den Tour, a wat kënnt dann duerno?
Den Oktavmäertchen soll nees a senger Aler Form op de Knuedler zeréck, duer gehéiert en hin!