Den Traditiounspräis am Handwierk

"If I had asked people what they wanted, they would have said faster horses." sot eng Kéier den Henry Ford. Ma méi schnell Päerd schéngt sech och de Jury beim "Innovatiounspräis am Handwierk" gewënscht ze hunn, wéi en den 1. Präis an der Kategorie Marketing a Kommunikatioun verginn huet. Nominéiert waren hei d'Menuiserie Reckinger mat hirer "Drechselschoul" oder "Dréischoul" (Ech weess de richtegen Numm net, well am Internet fannen ech näischt), a meng Firma Neon Internet mam Programm LetzAI, enger generativer Kënschtlecher Intelligenz.
Drechselen, fir déi déi et net wossten, ass eng speziell Art a Weis fir Holz ze beschaffen. Ee Prozess deen et laut Archeologen säit 3500 Joer gëtt.
Generativ KI ass Software déi Informatioune generéiert déi ee Mënsch hätt kéinte gemaach hunn. Zum Beispill ee Bild, en Text, eng Musik asw.
LetzAI ass déi éischt Software weltwäit déi dat fir Lëtzebuergesch Motiver hi kritt (an och fir aner Sujeten déi d'Notzer eroplueden), zum Beispill d'Gëlle Fra oder de Superjhemp. Dat gëtt et säit 6 Méint.
Gewonnen huet d'Drechselschoul.
Ech fannen et luewenswäert a wichteg, dass ee Schräinerbetrib dës Traditioun un déi nächst Generatioune weider gëtt a wënschen der Menuiserie Reckinger nëmmen dat Bescht, mee erlaabt mir dës Fro: Wat huet eng Drechselschoul mat Innovatioun am Marketing ze dinn?
Ech stellen dës Fro net, well ech enttäuscht wier, dass mir net gewonnen hunn. Ech stellen se, well ech wëll wëssen ob dem Jury bewosst ass wéi ee Signal si u jonk Entrepreneure déi probéiren nei Weeër ze goen mat esou enger Entscheedung schécken?
D'Sponsore vum "Prix de l'Innovation", respektiv hir Vertrieder am Jury kommen iwwregens vu Luxinnovation, Digital Luxembourg, dem Wirtschaftsministère, Enovos, Raiffeisen, der IPIL, oder der Lalux. Den Haapt Organisateur ass niewent der SNCI (Société nationale de Crédit et d'Investissement) notamment d'Chambre des Métiers, wou de Gewënner Reckinger dann och Member am Comité ass. "Typesch Lëtzebuerg" kéint een elo soen.
Mir sinn am November gefrot gi fir eis fir dësem Award unzemellen. Hätte mir gewosst, dass den zoustännege Jury Problemer huet Traditioun an Innovatioun ze ënnerscheeden, hätte mir eis den Opwand gespuert. A vill méi wichteg: Mir géife weider dru gleewen dass et zu Lëtzebuerg Potential gëtt fir disruptiv, also innovativ Start Ups. Dat fält eis nämlech elo (rëm) schwéier.
Ech wëll dofir dem Jury dësen Award, den "PTA - Prix de la Tradition dans l'Artisanat", iwwerreechen. Deen ech iwwregens net gedrechselt, mee mat LetzAI generéiert hunn.
