Dat "vergiessent" Russemonument um Lallenger "Kirfent"

Gedanken zum 9. Mee!
Den 31. Oktober 1957, eng Doze Joeren nom Enn vum zweete Weltkrich, gouw um Lallenger Kirfent, ganz offiziell am Numm vun der Stadt Esch, ë schéint a schlicht Monument zu Eéieren vun zweeafofzeg (52) russeschen Krichsgefangenen an Zwangsarbechter(innen) ageweiht, déi während dem Krich um Escher Buedem hiert Liewen hu misse lossen.
Sie hun op der Schmelz, an haptsächlech um Belval, ganz huart misse
schaffen, a gouwen vun den Nazien, déi d‘Arbed iwerholl an gleichgeschalt haten,(„ Arbed macht frei…“) do , ähnlech eweí vill anerer bei BMW a Siemens, firchterlech ausgebeut a gekniecht. Vun de Preisen als Arbechtssklaven gehal, grad ewéi nach aner Leidensgenossen vu Peenemünde, déi an der Galerie am ganz nohen Thil, hu missen V2 Rakeiten zesummesetzen, gouwen sie fir déi ustrëngents, knaschtegst a geféierlechst Arbechten erugezun a mëssbraucht. Ënerbruecht, waren d‘Russen, direkt richt eriwer vun der Schmelz, an dénen sougenannten Sotelsbraken, wou se Honger a Nout ausgestan, an ëner déplorabelen Konditiounen versicht hun, esou gut e wéi et gong, ze iwerliewen.
Et wuar demno ké Wonner, dat der ganz vill vun hinnen no an no, ëmer méi schwach gi sin an den Terror net iwerliewt hun. Anerer, déi versicht hun ze rebelléieren, si kurzerhand erschoss gin. Mat déne normalen Arbechter vun hei, haten sie kee Recht ze schwätzen an ëmgedréit woar et de Lëtzebuerger a Grenzgänger aus dem Betrieb streng verbueden mat hinnen ze konverséieren. Nazien hun opgepasst, an dach ass et hinnen trotz strenger Iwerwachung, héi an do gelongen mat hirer Aussenwelt a Kontakt ze trieden.
Esou wees ech mech als Bouw nach un en einfacht, aus grobem Holz geschnëtzten Spill ze erënneren, dat ë russeschen Krichsgefangenen gebastelt a mengen Elteren fir e puer Su verkaft hat, a mat deem maer eis nach an de fofzeger Joeren amuséiert hun. Et waren dat dréi Hënger déi „tak,tak“ Kären gepickt hun, wann én un der Fissell gezun huet, déi ënert dem Bried ugemeet war, op deem sie sutzen. Tëscht 1954 an 1957 gouwen d‘Sotelsbraken, an dénen direkt nom Krich och nach ganz armen a sinistréiert lëtzebuerger Stéid ëner extrem prekären Konditiounen geliewt hun, ofgerapt a sanéiert. Hannert dem fréieren, hoffnungslosen ‚taudis‘, ass dun Cité de l’Espérance, och nach Cité „op Traïsch“ genannt enstanen.
Iwerdeems ass un déi russesch Krichsgefangenen op der Platz zerëckgeduecht gin, déi do hu missen vegetéieren. Aus dem Gefill eraus huet dann déi demols ganz human a sozial gesënnten sozialistesch Gemëngeféierung, mat dem Burgermëschter Antoine Kréier un der Spëtz, beschloss, déne russeschen Affer vum Naziregime héi zu Lëtzebuerg en Denkmal opzerichten fir dest Verbriechen un der Mënschheet jo net jemols ze vergiessen.
Ë Joer no de „cinquantenaire“ Féierlechkeeten vun 1956, gouw um neie Lallenger Kirfent dat vum démolegen Stadtarchitekt, dem Sozialist an iwerzeechten Republikaner Robert van Hulle - fir hien gung dat éischt net ouni dat zweet - geplangten Monument offiziell ageweiht.
Et as ë schlicht an einfach gehalenen, mais lang gezurent Mémorial, mat deem eigentlechen Gedenksteen, e ‚quadrilatère‘, an der Mëtt, geformt aus engem Block aus roudem Steen, schnörkellos, ‚sobre‘ a guer net pompös, an dofir emsouméi androcksvoll a bewegend!
De feierlechen Akt huet den Dr. Emile Colling, „den Dokter vun der Grenz“, an senger deemoleger Funktioun als ‚ministre des rapatriés‘, den 31.Oktober 1957, a Präsenz vum sowjeteschen Ambassadeur Iwan-A Melnik virgehol.
Agemeesselt an der Mett steht folgend Epitaph:
„aux citoyens de l’U.R.S.S. morts au Luxembourg 1940-1945 »
Dat ergreifend Denkmal ass leider bei villen Escher, virun allem méi jonke Leit net dermossen bekannt. Dat as vléicht kén Zoufall, mais schëngt sympthomatesch fir déi allgemeng Minimiséierung an et kéint é bal mengen, politesch gewollten Relativiséierung vum russeschen Beitrag zur Befreiung vum Naziterror. Dat ass emsou méih ongerecht a bedauerlech wann ë bedenkt dat Russland iwer 26 Milliounen Mënschenaffer am zweeten Weltkrich ze bekloen hat , an dat no der hoart erkämpften victoire bei Stalingrad am Februar 1943, fir d‘éischt emol e bessi Hoffnung op komme konnt…
Zu Fouss an a Gedanken…
79 Joer no der Befreiung bitt sech eng gud Geleenheet, bei engem klenge Spazéiergang - enger passegiata - um schéine Lallenger „Kirfent“, dest ergreifend Monument opzesichen, an Schicksalsgeschicht vun all deenen russeschen Krichsgefangenen erem opzefreschen!
Eng alternativ ‚promenade architecturale et historique‘ esou ze soen, als Anhang zu denen aktuell ganz trendigen an begréissenswerten ‚Deambulatiounen‘ durch eis fréier „métropole du fer“ ennert der Féierung vun engem engagéierten Stadter Geschichtler…!
Am Escher Joerhonnertbuch vun 2006, hat de Geimesch‘Jeng eng remarkabel illustréiert Opleschtung vun deenen allermeeschten Monumenter op Escher Stadtgebitt gemach, an dobéi d‘Russemonument net vergiess, dat do op engem Plang, ennert insgesamt 29 Denkmäler, als 18. opgelescht ass. De ‚Lallenger‘ ass grouss, an dofir dese klengen Hiwéis. Vun der zentral geléener Morgue, schlot der de Wé gléich no lënks an déi brëd, imposant Käschtenallee an, um Enn vun där dir schon vu wéitem aus enger flotter Perspektiv eraus, dat roud Monument liichte gesid. Mat der hëneschter face léid et direkt hannert dem Glänner zu der Monnerecher Strooss hin, wou sech och nach ë klengen Ausgang befënd.
Negativ opgefall, ass eis des kéier, dat op desem, net nemmen dueblen, ma dréidueblen Feierdag, vun engem kathouleschen Fest, respektiv dem Europadag, a net ze vergiessen, dém vun der endgülteger Befreieung vum Naziterror, fir alleréischt keng Gerbe vun der Escher Gemeng virun dem Gedenksteen un déi russesch Affer vum 2. Weltkrich néiergeluecht gin war!
Dese gewollten ‚oubli‘ iwerrascht weider net, wann én bedenkt, a sech drun erennert, dat virun elo gud zwee Joer, quasi direkt no dem feigen a fatalen Iwerfall vun dem Putin senger Arméi, de 24. Februar 2022, an d‘Ukraine, een scho färdege Projet vun engem weideren Monument um Belval, sang a klanglos, no enger Nuecht und Niwel Décisioun, fale geloos gouw.
Den Entworf guw kurzfisteg verworf, an de frustréierten Kenschtler hoffentlech fir seng Arbecht mat eisen gemeinsamen ‚deniers publics‘ entschéidegt!? Sei Wierk sollt genee do, wou siewen an en Haleft Joerzengt virdrun, déi russesch Krichsgefangen sech, am vollen Senn vum Wuert, zu Doud geschafft haten, zu hirer Erennerung opgericht gin.
Sou awer mussen déi 52 op Grond vun engem absurden a kreitzdommen Raisonnement, dat sie no all hire Leiden durch Nazipreisen, elo posthum mat dem Putin sengem Ugreffskrich a Verbindung brenge wellt, eng zwéten Kéier béissen. Wéi steet emmer esou schéin- reierseileg an deer Zeitung, déi domader dagdäglech vill Geld verdingt:“ doud ass nemmen ,deen ,de vergiess ass“, ma dann trefft dat elo, absolut op déi 52 Märthyrer do zou!
Mat deser völleg onnuancéierter a lamentabler Ondoot awer, durch déi die russesch Krichsaffer vun démols eng zwéte Kéier bestroft, an am iwerdroenen Senn ‚embruecht‘ gin, well vun uewen erof, ‚offiziell‘ ignoréirt an doud geschwigen, hat sech déi Escher Majoritéit enner dem Virsetz vum deemolegen Burgersmeeschter Mischo en Armutszeugness sonnergleiche ausgestallt gehat. Dese gehirlosen Amalgam, an efälleg Vereinfachung, soll elo also, wou én sech enner der neier schwarz-blo-grenger Féierung, nom Ofgang vum „Sportgeorges“, dach eppes e kleng-besgen méi Gescheites respektiv méi Differenzéiertes erwart hat…, an deenen, hirer Onlogik weidergefouert gin!?
Dat weider kén vun eisen lokal-nationalen Historiker sech no desem vun Ignoranz, politeschem Kalkül, Volleksverdommung a Populismus gekennzeechenten Veto, réagéiert huet, verwonnert och, an ass enttäuschend, fir net ze soen beschämend !
Och elo beim kierzlechen Rondgepréich iwert Néigestaltung vum zoubetonéierten Belval, koum Thema Monument net méi op déi greng Tapéit a keen huet och nemmen dru geduecht, fir nach derno ze froen respektiv, bei der ominöser „Agora“ endlech no Opklärung ze verlangen !
Senn an Zweck vun Denkmäler am allgemengen, a grad och op dest trefft dat zou, ass : ‚Que les ignorants apprennent et que ceux qui savent aiment à se souvenir‘ esou Zitatioun vun engem gewessen Hénault, als Aleedung vum Jeng Geimer sengem Beitrag an ‚Honnert Joer Esch‘.
Wat mech perséinlech, als porte-drapeau, a Vertrieder vun ‚les luxembourgeois dans les maquis de France‘ ubelangt, gesin ech et als meng Pficht un, fir dén Dag och op der Platz, grad wéi bei munch aneren Commémoratiounen präsent ze sin an dénen 52 Sowjetbierger, plus villen vun hiren Leidensgenossen, ze gedenken, déi nach esou just iwerliewt hun, a versicht hun, am Land oder ronderem ze bleiwen, fir net brauchen an hir Geburtsland zereck ze goen, wou hinnen dann och nach, et ass de ‚comble‘ a kaum ze gléwen, e kurze Prozess gedroht hät weinst ‚ech weess net wat‘ ,an dobei hat russesch Gesandschaft den 8.Mai 1995 zu Lalleng nodréiglech…, eng Tafel ubrengen geloos mat dem Vermierk…“RUSSIE, reconnaissante à ses compatriotes morts en captivité“… ! ?
Guy van Hulle