Brauche mir, Lëtzebuerg, Europa?

Jo, virun allem ee klengt Land wéi Lëtzebuerg brauch méi staark Alliéiert.

Ass Europa dësen staarken Alliéierten nach?

Ass Europa nët vun Amerika, China a Russland, a wien weess nach vu wiem, ofhängeg? Kann Europa eng Décisioun huelen ouni wéinstens vun engem vun dëse Länner säin Accord ze hunn? Ass et net esou, dass wann Amerika houscht, Europa d’Gripp kritt?

Waren et net déi fréier Regierungen an déi fréier Europäesch Kommissiounen déi gehollef hunn Patenter u China ze verkafen, esou dass Lëtzebuerg an Europa elo mam Fanger am Mond do stinn?

Wat kritt Europa net aus China oder anescht gefrot, wat gëtt nach an Europa produzéiert, wou ass Europa Virreider?

Hu mir net an der Pandemie gesinn wéi ofhängeg mir vu China sinn?

Liwwert China eis Medikamenter a soss liewenswichteg Produkter, Stécker déi Europa an der Industrie brauch a soss Artikel  just nach ënnert hire Konditiounen?

Europa ee Fridden’s Projet?

Jo, dem Robert Schunan, zu Lëtzebuerg gebuer, säi Projet Europa war schonn eng gutt Iddie, eng grouss Visioun, déi eiser Generatioun vun deenen groussen Traditioun’s Parteien CSV, DP, LSAP ëmmer als Fridden’s Projet verkaf ginn ass, a wat gesi mir elo? Wat ass aus Europa ginn?

Huet d’EVP, zesummen mat deenen groussen Länner Däitschland, Frankräich,, asw, an der Nato, dëse Fridden’s Projet a Gefor bruecht?

Den Drock ëmmer méi Grouss, méi Muecht, méi Egoismus, ëmmer méi Länner an Europa, ëmmer méi no zu Russland, Globaliséierung, Privatiséierung, asw huet eis dat net duer bruecht wou mir elo sinn? Sti mir net virun dem 3. Weltkrich?

Ass Europa net schonn ze grouss? Sinn net elo schonn Länner an Europa déi, déi Wäerter net ganz oder guer net vertrieden, Wäerter fir déi Europa gegrënnt ginn ass a fir déi mir stinn?

Onendlech Immigratioun, finanziell Ënnerstëtzungen an der ganzer Welt, Ënnerstëtzung vu Kricher duerch Geld a Waffen, Waffen wouvun Europa selwer der net genuch huet, ophuele vun Leit mat verschiddenen Usiichten a Reliounen? Wien soll dat alles bezuelen, wéi soll dat goen?

Ass de Riets Radikalismus eng Gefor, oder d’Reaktioun op déi Joerzéngtelaang falsch a faul Politik vun eise Regierungen , dem Europaparlament, sengen  Länner oder besser gesot, de Länner hiren Politiker? Gi net vill Leit als Rietsradikaler a Rassisten agestuuft an ass ee net, laut eise Politiker, ee Rietsradikalen oder Rassist wann een aner Meenung ass wéi déi traditionell Parteien, hir Führer? Keen wëllt de Rietsradalismus oder Rassismus, mee wéi soll d’Vollek sech schützen a wieren virun Politiker déi dem Vollek net nolauschteren a riicht virun furen mat där aktueller fauler, falscher Politik, eng Politik déi d’Vollek net wëllt?

Hartz 4, Streiker vun de Baueren an eisen Nopeschlänner , verréckten an diktatoresch Direktiven, kromm Banannen, net genormten Äppel a Bieren, Stëpp déi net méi sollen vun de Plastik’s Fläschen erof goen, falsch Zënspolitik, ëmmer méi Aarmut, falsch an diktatoresch Ëmweltpolitik, ee Verbuet nom Aneren,, ofbauen vun Better an de Kliniken an zoumaache vu Kliniken trotz Bevëlkerung’s Zouwuess, Wunnengsnout fir Residenten a Wunnengen fir Flüchtlingen an Immigranten, méi Gréngs a méi Bauen, Aarbechtslosegkeet trotz Schoul Ofschloss, asw, kënnt net eng Verrécktheet no där aner vum Europaparlament?

An dann Summerzäit a Wanterzäit, kritt Europa net hin. Firwat nët nees esou maachen wéi virun 1996?

Brauche mir nach weider Länner an der EU?

D’Vollek seet neen, d’Politiker furen riicht virun Länner an d’EU opzehuelen, Länner mat Problemer an Onstabilitéit an deelweis diktatoreschen an onstabillen  Regierungen, Bedroung vu Biergerkrich, asw.

Brauch Europa Politiker iwwer 70 Joer? Gi mir an der Welt net scho genuch vun eeleren  Leit regéiert? Gehéiert Europa net der Jugend, d’Jugend déi all déi aktuell Topegkeeten duerf ausdrénken a mat de Konsequenzen liewen mussen?

Brauche mir net een Europa vum Vollek, fir d’Vollek mam Vollek, a net géint d’Vollek?