Ech hun elo e komeschen Courrier vum Postchèque krit, et war sou é Qustionnaire mat Fro’en iwert meng Persoun.

Et kéint en et quasi sou zesummen fassen an Lëtzebuerger Sprooch heimat: „Wien sid Dir?“.
 
Elo no 48 Johr, ewou ech é Postchèque hun, an regelméisseg domat schaffen, gin ech dat gefrot?
An aner Fro’en ewéi ech den Kont géing benotzen, fir just privat Zwecker, an sou weider … op ech politsch engagéiert wär, an vu wou Geld hir kéim asw.
 
Ech war wirklech paaf, an sin schon bal bësse rosen gin!
 
Ech hun jo nach mussen é Postchèque op man, deemols 1976, fir iwerhapt meng Pei vum Staat ze kréien!
An elo wëssen op émol nët méi, wien den Postchèque do huet?
 
Anscheinend kommen déi Topechkeeten do, vun der EU, hun se mir am Guichet vun der Post erklärt?
 
Jo alt erem sou eng weider Topechkét vun dem Verein do vu Bréissel, genau ewéi dat mat den Plastikstëpp, déi en elo nët méi vun de Pet-Fläschen erof gedréint krit!
 
Du war ech alt e bëssen berouegt, an sie hun eng Copie vun menger Carte d’Identité, mat dem Formulär mat agescheckt am Postschalter, op den Postchèque!
 
Et gin eben ëmmer méi d’Sachen haut, déi mir dubios virkéint!
 
Awer wann se domat mengen an der EU Geldwäsch oder aner kromm Tricken an de Grëff ze kréien, an dem se déi normal Bierger mat sou Eeffällechkéten plo’en,
dann ieren se gewalteg, wëll déi Leit wou dat machen, déi kënnen sech clever Spezialisten an Finanzgaunereien leschten!
 
Mat onpolitischen Gréiss, vun engem Postchèqwue Client
 
Pol Sassel