Lëtzebuerger a Belsch Frangen

Bei enger Opraumaktioun doheem as mir eng aal Posch an d'Haenn geroden mat enger Mass Menzen. Ech hu mech dun erennert, datt ech viru Joeren bei engem Betrieb - de genauen Numm as mer entfal - nogefroot hun ob een dei Menzen kennt geint euroen emwieesselen an d'Aentwert war datt daat elo net mei geif goen.
Also, den Termin verpasst. OK. Tant pis.
Aus Virwetz hun ech emol nogezieelt, weivill Frang nach an der Posch sinn...
Abee, et sinn
18 Foffzecher
23 Zwanzecher
37 Fennefer an
36 Eenter
also net grad 1.600 Frang, secher kee Vermeigen ma dach net neischt.
Ech froe mech, wivill Leit hei am Land op esou enger Mouk setze blouwen a wei heich de montant fir deen Eenzelnen an och am Enn den totale montant waeren.
Vleicht daerf ech dem interesseierte Lieser virschloen, sech ze aeusseren, z. B. mat engem montant, natierlech ouni Numm an ouni irgend soss een Identifikatiounselement unzeginn. Ofhaengech vun der Zuel, kennt een nawell mat der kompetenter Stell e Wiesselkurs negocieieren.
Stellt Ieech mol eng Zomm vir: soe mer, nemmen als Gedankespill, 10.000 Betraffener, jidderee mat 1.500 Frang: net schlecht... fir d'Spuerbechs oder e gudd Wierk.