E klengt Gedicht vun engem vun eise Lieser.

De Josi an de Menni schwätzen iwwert d’Verhandelung.

Alt erëm ass verhandelt ginn. Duerno ass gesot ginn, mir sinn eis eens ginn, dass mer eis net eens gi sinn. Vill wëssen dat, vill aner awer net. An awer verdroe mer eis. Verdroen, well awer net heeschen, datt mer eis erdroen.

Wat soll dat dann elo erëm?

Brauch een nëmmen ze kucken, an ze lauschteren, wei bei déi pro a kontra Parolen a Meenunge betreffend Israel, d'Ukrain, d'Klima, Krich a Fridden, déi bedriwwe Politik vun deene verschidden Ver-Händler ass.

Jo, alles gëtt erëm verdréint a verkuerbelt oder och verwurschtelt.

Wat huet dat dann elo mat Wurscht oder Zoossiss ze dinn?

Och wann et verwurschtelt ass, ass et net ëmmer an enger Metzlerei gemaach ginn. De Metzler kann awer net dofir datt eppes verwurschtelt ass. Oder ass d’Wurscht nëmme vun engem Metzler gemaach. Ech iesse léiwer eng gutt Zoossiss, wéi eppes dat verwurschtelt ass.

Et sief dann, et ass verwurrelt wann et och nëmme Gedanke sinn. Dat ass dach bal dat selwecht, wéi wann et Schief oder Kromm wier? Ass et awer net. Schief oder Kromm, ass jo eppes ganz aneschters wéi wann et verwurschtelt oder verwurrelt ass.

Elo si mer awer vum Verhandelen erof komm. Virum Verhandelen ass jo bei Zouenen Dieren, jo scho gehandelt ginn. Diere waren zou, fir datt keen eppes soll héieren iwwert wat, datt do verhandelt gouf. Well wa jo schonn een eppes héieren hätt, da kéinten déi jo schonn handelen, an da bräicht jo net méi verhandelt ze ginn - well et ass jo  scho gehandelt ginn

Déi wou do Verhandelen, si jo keng richteg Händler, an awer verhandelen se. A Wueren hunn se och keng. Oder dach, wie weess dat da schonn?

Ech verstinn elo guer näischt méi, huet de Josi gesot. Do sinn der, déi Verhandelen an et solle keng Händler sinn, iwwert wat verhandelen déi dann. Josi, huet de Menni geäntwert, déi handelen net, well si verhandelen iwwert de Fridden oder de Krich.