Mat Sportmanifestatioune verbënnt een haaptsächlech senger Begeeschterung nogoen, sech ameséieren an dobäi e puer flott Stonne mat Frënn verbréngen. Mee och de Sport huet seng Responsabilitéiten a Saachen Ëmwelt an Nohaltegkeet ze droen.

Eeweeplastiksbecheren, déi laang Zäit am Gebrauch waren a meeschtens direkt nom Gebrauch an der Dreckskëscht gelant sinn, sinn an de Lëtzebuerger Halen a Stadie schonn eng Zäit passé, och wann ee se vereenzelt nach gesäit. Se goufen op Dränge vun der Politik an engem méi staarken Ëmweltbewosstsi vun de Leit duerch Méiweeplastiksbecheren ersat.

Zënter enger Rei Joren huet de Phenomeen vun de sougenannt „Klatschpappe“ virrangeg de Wee a Lëtzebuerger Hale fonnt, mee och op Futtballsterrainen an a grousse Stadie begéint ee se, fir fir eng besser Stëmmung ze suergen. Mee och dës gi just eng Kéier gebraucht a landen nom Match am Dreckback. „Klatschpappe“ sinn eng sënnlos Verschwendung vu Suen a Pabeier. Kaméidi kann een och mat Rëselen, Trompetten (Beispill den Ex-Sportminister Georges Engel), Trommelen (Beispill Bierchemer Drummers) oder mat den Hänn maachen.

Duerch d’Entsuerge vu „Klatschpappen“ aus den Halen a Stadie kéinten Tonnen u Knascht, Produktiouns- an Transportkäschte gespuert ginn, déi den CO2-Foussofdrock vum Sport reduzéiere géifen. An et ginn nach weider Méiglechkeeten, wou de Sport, am ekologesche wéi och am ekonomesche Sënn, méi nohalteg kéint ginn an esou säi Bäitrag zum EU- an UNO-Klimazil, d’Klimaerwiermung op 1,5 °C ze limitéieren, bäidroe kéint.

Ënner anerem kéinten Ticketen a modernen Zäite just nach an digitaler Versioun accessibel ginn, d’Bezuelen an den Hale kéint digitaliséiert ginn. An och bei den Trikote kéint een op eng nohalteg oder schuedstoffaarm Produktioun setzen. Ausserdeem kéinten d’Veräiner dofir belount ginn, wa si bei hire Spectateuren a Memberen e méi staarkt Ëmweltbewosstsi schafen. 

Dëst virum Hannergrond, dass eng professionell Ekipp zu Lëtzebuerg 32 Tonnen CO2 duerch Spill- an Trainingsbetrib a Knascht vun 2,5 Tonne pro Saison produzéiert. Fir semi-professionell Ekippen, wat de Gros vun de Lëtzebuerger Ekippesportaarten ausmécht, kann een ongeféier vun der Hallschent ausgoen – wat nach ëmmer vill ass. Fir dëse Bilan ze verbesseren, misste Solarzellen um Daach scho laang eng Normalitéit sinn. 

Den Transport op Sportveranstaltunge spillt och eng wichteg Roll, virun allem wann een d’Ubannung vun den Anlagen un den ëffentlechen Transport kuckt. Déi meescht Stadien an Halen zu Lëtzebuerg sinn net oder net gutt u Bus an Zuch ugebonnen, soudass de Gros vun de Bedeelegte (Spectateuren, Spiller, Arbitteren, Offizieller, Benevoller) fir Matcher mam Auto ureest. 

Veräiner am Ausland ginn op de Wee, fir méi ëmweltfrëndlech an nohalteg ze agéieren; Lëtzebuerg misst och esou lues nozéien. Komplett CO2-fräi wäert de Sport ni ginn, mee eng besser Nohaltegkeet ass och am Sport gefuerdert. Jidderee muss säi Bäitrag leeschten, a wann en nach esou kleng ass. Heibäi ass d’Ënnerstëtzung vu Sponsoren och méiglech. Déi si méi wäit a Saachen Nohaltegkeet, well se gesetzlech dozou verflicht sinn. De Sujet Nohaltegkeet ass keen, dee stagnéiert. Et geet ëmmer weider, ëmmer méi wäit.

Yannick Glod

Rodange