Am Undenken un den Paul, alias « Schnuck“ May,

„midfielder“ a fréiere Kapitän vun der Jeunesse an de „roude Léiwen“.
Den 22. Juli ass, leider an engem relativen Anonymat*, mat dem Paul, alias „Schnuck“ May, déen zweetleschten Fußballspiller aus der glorréicher Jeunesse Equipe verscheed, déi de 4. November 1959 an der démoleger „Coupe d’Europe des clubs champions“, géint de berühmten Real Madrid ugetrueden ass!
Virun allem de “retour-match“, an dém déi Schwarzwäiss um „Stadion“ virun enger Rekordzuehl vun iwer 20.000 Zuschauer de grousse Real, mat sengen Vedetten, Di Stéfano, Puskás, Santamaria a Co, iwer lang Strëcken, ganz schéi gefuerdert hun, ass, bis haut, wéi nach kén aneren virdrun an duerno, am kollektiven Gedächtnis vu ganz villen Lëtzebuerger erhalen bliwen !
Et sollt dëst net nëmmen e Noruff un de Schnuck, deen zweetleschten „ Mohikaner“, aus där legendärer Equipe sin, ma gléichzéiteg och eng kleng Erënnerung un all seng äler Matspiller vun démols, grad esouwéi un déi schon Verstuerwen vun senger Generatioun, wéi z.b. de René Hoffmann an den Marcel Theis. Déi zwee waren och schon bei dénen mémorablen Matcher géint de spéideren Europacupgewënner derbéi, a mat hinnen zesummen konnt hien an de fréien sechzeger Joeren, durch eng ganz Reih vun aussergewéinlechen Successen, an der Coupe d’Europe, un déi glorreich fofzeger „épopée“ uknëppen ! Och deen allerleschten Spiller vun deemols géint d’Hidalgoen, de Raymond Ruffini, deen haut leider gesondheetlech guer net méi esou gud drop ass, ma demols als Verteideger eng Superleeschtung géint den Alfredo Di Stefano gewisen hat, huet sie an “sixties” begleed, a guw noom Schnuck senger Zeit zum néien Kapitän.
Am Cult-Match géint de Real, war d’Jeunesse gléich zweemol a Féierung gangen - dat schon eng éischte Kéier no 10‘ durch den Marcel Theis, (den eigentlechen „Decken“ a Papp vum Dan!
Dann, gléich drop, noom Ausgléich durch de Vidal, an der 15‘, nach eng Kéier, durch de Schaack’en Albert. De „Schnuck“ May huet am Mettelfeld versicht d’Spuenier opzehalen an d’Bäll, esou gud hien konnt, mat Geschëck no vir ze spillen.
D’Spuenier hun doroberhin béis réagéiert, esou dass et an der Paus 5:2 fir de Real stung. Domat war et da gedoen, well noom „Théi“, d’Jeunesse d’Madrilenen a Schach gehalen, an en bemierkenswert 0:0 an den zweeten 45‘ iwer d’Ronnen bruecht huet!
De „Schnuck“ war eréischt an der selwechter Saison 57/58 vun der Aris Bouneweg, wou hien als „Binnert“ op er CFL beschäftegt war, an och an dém Véierel, wéi ganz vill anerer vun sengen Arbechtskollegen, gewunnt huet, mat 23 Joer, op d’Escher Grenz gewiesselt!
De Paul konnt sech do ganz schnell, suwuehl durch séin Talent, wéi seng menschlech Qualitéiten op der Grenz beweisen, an dem Publikum gefalen, ma gouw „Schnuck“ geruff, schon eleng fir net durchenaner ze geroden, wëll mat dem groussen Steffen, schon längst e „schéine Poli“ am Goal stung…!
Am 100 jähregen Jubiläumsbuch vun der Jeunesse, figuréiert hien iwregens, mat nët manner wéi 107 Goaler an 156 Partien, tëscht 1957 an 1965 op dem drëtten Rang vun dénen erfolegsréichsten Goalguetter am Verein!
E ganz schéin offensiven Mëttelfeldspiller deemno, de „Schnuck“…!
Dréimol, an zwar an de Saisongen: 57/58; 59/60 an 62/63 ass hien mat der Jeunesse Landesméschter gin an huet 1965 Coupe gewonnen. Duerno huet de “Schnuck” ,ganz oft als Kapitän, 13 mol mat déne vun der Grenz “europaisch” gespillt.
Eng schéi parallel Karrier bei de „Rouden Léiwen“
Sein alleréischt Lännerspill mat de „rouden Léiwen“, huet de “Schnuck “den 11. November 1958 géint Belsch matgespillt ! Et sollten nach ganzer 23 Matcher mat der Nationaléquipe derbéi kommen, an dénen him véier Goaler geglëckt sin - an een dovuner 1961, “ en plus”, als Spillféierer, géint Frankreich. Dé wichtegsten awer war a bleiwt dén zum 1:1 géint Holland, den 11. September 1963 an der Qualifikatioun fir den europaischen Natiounencup!
D’Lëtzebuerger, mat dem “Schnuck” am “Haaf” an de “ Bitzien” Konter a Klein, dén én hannert, an dén aneren virun him, haten do Konschtstëck färdegbruecht, déi favoriséiert Hollänner ze éliminéieren! Am nächsten Tour sin sie géint Dänen gefall, an do no dréi bravoureusen Leeschtungen, eréischt am “Test Match”, den 18. Dezember 1963 zu Amsterdam mat 0:1 ausgescheed. Dé rézenten Trauma vun Tiblissi war démno fir eis “Al” leider néischt neit’s...!
Schnick, Schnack, Schnuck...
Séi lëschten Optrett hat de Paul May mat de „Roude Léiwen“ 1965 géint BRD, éier hien nach dat sëlwecht Joer och am Verein opgehalen huet. Séier blamabel awer, fannen maer et, dat déi héiteg Jeunesseféierung , et bis dato nach net ferdegbruecht huet, fir hirem fréieren virbildlechen Kapitän an Topspiller, a siew et och nemmen mat eng eenzeger “Minutt” , wéi soss üblech, virum match ze gedenken... !
Un dat, wat hien an senger carrière all déi Joeren um Terrain a ronderem gewisen huet, erënneren maer eis awer, zesummen mat villen äleren “Jeunesser”, gären, a soen him dofir merci!
Seng lëscht Rouh huet de „Schnuck“ zu Esch um St. Jousef‘s Kirfent fond, a Loftlinn, nëmmen eng wéit Diagonalpass vun sëngem fréieren Matspiller am Mëttelfeld, dem Louis Pilot, eweg !
Guy van Hulle