Raymond Ruffini, faire Verdeedeger, Kapitän an Trainer vun senger Jeunesse

In memoriam
Knapp sechs Wochen nemmen no dem Doud vum Paul, alias „Schnuck“ May, ass dann elo och sein langjähregen Matspiller aus der Escher Jeunesse, de Raymond Ruffini am Alter vun 84 Joer verscheed.
Domader huet eis dann och deen allerleschten „Mohikaner“ aus deer legendärer Jeunesse Equipe, déi de 4.November 1959 géint de Real gespillt huet, fir emmer verlooss.
Et get vill méi heiter Themen fir driwer ze schreiwen, a mir perséinlech hun es der Noriff elo bal genich…,an awer schengt et eis wichteg seng jonk Nofolger, déi mengen sie hätten dat ronn Lieder erfond, wéi anerer virun hinnen d‘ Rieserad…, un esou een oprichtegen Fussballspiller a Mensch wéi de Ruffini’s Raym ze erenneren ! Et ass wéi se soen, Liewen, an irgend wéini, ass et och fir dee beschten an deem Spill eriwer an de match get ofgepaff ! Treischten sollten maer eis awer domader, dat fir de Raymond den Doud zu Diddeleng am CIPA, wou beschtens noh him gekuckt guw, eng Erléisung dierft gewiescht sin.
Eng ganz Reih vun alen „Jeunesser“, ma net nemmen déi, hun sech schon all déi Zeit gefroot, wou hien dann dru wier, wéi et him goen ging an ob hien iwerhapt nach um Liewen wier…!?
Dest war keen ongesonden Virwetz, ma koum, ganz am Geegendeel aus dem Herz, respektiv der Suerg em e Frend, an em eng vun de markantesten Spillerperséinlechkeeten vun deenen Esch-Grenzer iwerhapt ! Wéi hien selwer soot a schruw, war hien,1939, an de Krich eran gebuer, e klengen italo-letzebuerger Hiehler Jong, stellvertriedend, fir eng ganz lang Reih vun aneren Buewen aus deem selwechten Quartier an Escher Milieu ronderem,- vun engem ganz fréieren Mastrangelo iwer de Frend Scuto bis zum héitegen klengen Andrea Deidda- déi Jeunesse geprägt hun an mat vill Eifer an deem néidegen Talent et iwer de Fussball zu epes bruecht hun! Den eigentlechen Ausleiser vun senger langer carrière, war fir hien, wéi hien 1958, zudéiwst beandrockt, an senger Jugend mat der Jeunesse… als Ersatzspiller, mat huet dierfen op Goeteborg fléien, een echten „highlight“, am vollen Senn vum Wuert, fir deen Arbechterjong, deen virdrun na nie iwer seng „Hiehl“ erauskomm wuar…, an duerno a weideren Reesen an internationalen matcher, déi „grouss Welt“ oder op manst ganz Europa entdecken sollt ! Obwuehl hien och ee puer mol an Nationalequipe geruff guw, war hien awer virun allem een talentéierten, tréien a mat sengem Verein verwuessenen Fussballspiller!
De Raymond Ruffini war zesummen mat dem René Hoffmann, dem Marcel Theis an dem Paul May, iwregens ee vun deenen demols méi jonke Spiller aus deer Equipe, déi no deem legendären Fussballspill, den 4. November 1959 am Stadion, géint de Real Madrid, déi Dynamik an hir Talent mat an sechzeger Joeren geholl hun.
Et siew drun erennert, dat Jeunesse 1963, déi allereischt Mannschaft an Europa war, déi et ferdegbruecht hat, ee Reckstand vun net manner wéi drei Goaler- am Reckspill géint Finnen vu Valkeakosken am „Emile Mayrisch „ -opzehuehlen, eier si am nächsten Tour, Partizan sensationnell mat 2 :1 geklappt hun, awer am Reckspill zu Belgrad no engem extrem onfairen a ruppegen match eliminéiert guwen! De Raymond Ruffini huet vu 1957 bis 1969 net manner wéi 218 matcher an der éischter Equipe gespillt, an op manst och een an der zweeter der sougenannter „Reserve“…! Dat war um Enn vun de sechzeger Joeren, no senger Achillessehnenverletzung- un deer eisen deemolegen ,deelweis knubbelegen Terrain matschold dierft gewiescht sin- wéi hien erem lues ugefang huet mat spillen ! Un desen match „en lever de rideau“ kann ech mech nach gud erenneren, well ech als jonken Ufänger demols déi grouss Éier hat, mat him um Terrain ze stoen, zemols am Goal vun der „Red Boys“ géigeniwer, och nach mei beschten Frend a Schoulkomerod aus dem LGE, de Jean- Marc, de Bruder vum talentéierten Roby Weis stung !
Am „honnertjähregen Kalenner“ vun de Schwarzweissen, dat heescht, dem Buch „honnert Joer Jeunesse“ vun 2007, hat de Raymond selwer zur Fieder gegraw an dodranner seng Léiwt a Verbonnenheet mat sengem Verein beschriwen. Hien war stolz driwer, sechs mol Champion gin ze sin, an spéiderhin gleich zweemol an den achtzeger Joeren, e sou ze soen, „ au pied levé“, als Trainer vun senger Jeunesse agesprongen ze sin, ma huet awer bedauert- grad wéi maer jonk Supporteren deemols am Stadion-dat hien, gleich zweemol hanner en een, 1965 a 66, géint Spora mat dem Vic Nürenberg „ de retour vu Nice“ an dem…Mario Morocutti dran, am Endspill, knapp verluer huet, an domader Coupe- ausser der Coupe du Prince - nie héich hiewen duerft !
De Raymond huet a sengem Beitrag awer net nemmen gebléimelt, ma als ri(ech)ten Escher och, a well hien et nach Joerzengten duerno deck do setzen hat, vun der Long op Zong geschwat, respektiv Kloertext geschriwen…! Hien erennert eis doranner drun, dat hien 1969 mat der Jeunesse och een 7. Titel gewonnen hätt, wann déi Déifferdenger net kurz virun Schluss Beggen mat 0:7 gewannen gelooss hätten, esou dat „Wichtelcher“ vum net grad uarmen Briddeler Präsident Miersch, op Grond vum Goalverhältness, zu onverdengten Champion’s Èieren koumen ! Als grad esou verbassen, konsekuent, mais fair, war de Raymond och um Terrain selwer bekannt a vun sengen Gegespiller als h(u)arden defensiv orientéierten Geegenspiller, ee besgen „ à la Giorgio Chiellini“, respektéiert a gef(u)art…! Esou huet hien géint de Real deem genialen Alfredo Di Stefano durch seng resolut… „Manndeckung“ Paroli gebueden, an zwar an deem Mooss, dat deen him noom match net, wéi haut leider üblech, béis genervt, aus Roseréi, de Ball an Gesicht gehéit hätt, mais, ganz am Geegendeel, mat engem gewessen Respekt iwerrecht huet!
Fir awer dem Raymond sengem „ franc parler“ an senger Éierlechkeet gerecht ze gin, erlaben maer eis ze bemierken, an dat soll haut keen Tabouthema méi sin, dat hien als defensiven“ Mettelleefer“ am sougenannten WM -System, deen ganz nirwebei fönef mol markéieren konnt, op sengem Posten extrem vill an oft huet missen, mat vollem Kierperasatz dégagéieren, a vrun allem käppen! Dest ass, wéi eminent Neurologen, schon seit enger Zeit festgestallt hun, béis schiedlech fir Verhalt an Gediechtniss vun asatzfreedegen Mannschaftssportler, wéi och hien ee wuar! Een eechten Probleem am Fussball, Rugby( a seit jehier och Boxen ), op deen hautjesdags zwar e besgen besser, ma emmer nach net resolut genug opgepasst get!
Ma scho lang virun senger Krankheet, konnt en hien net méi enner de Stammgäscht op der Grenzer Tribün erblecksen! An Esch, um Wee zu senger aller Mamm, wou maer hin dorober hin ugesprach hun, huet de Raymond eis kloer ze verstoen gin, dat hien wéi vill anerer, a maer perséinlech och, der vergangener „Nationaldivisioun“ notraueren géiw an deem heitegen Spill a Spillerbusiness séier wéineg ofgewannen kéint…!
„ zu eiser Zeit wuaren Gradins an Tribün voll vun Zuschauer, wéi een dat gud op äleren Photoen ka gesin, maer hun nach gespillt fir de Verein an eng kleng Prime, haut awer gin friem „Wanderzirkus- Spiller“ deck bezuehlt, déi kurz drop erem de club wiesselen wéi maer aner d‘ Hiem, mat dem Resultat, dat dodurch den eegenen Nowues um Enn, keng Chance kritt an all kéiers an enger Sackgaass landt…!“ „ dann hu maer zwar als Trainer bis dohin pädagogesch a sozial vleicht net schlecht geschafft, wat zemols haut net onwichteg ass, mais reng fussballeresch wuar villes fir d’Katz“…!
Trotz desen kriteschen,“ vun der Long Op Zong“ ,voll berechtegten Aussoen, bleiwt ze hoffen, dat virum nächsten Match op der Grenz, suwuehl un den Raymond Ruffini, wéi och- allerdengs mat ee besgen vill Verspéidung…-,un de „Schnuck“ May, déi beid grouss Spillerperséinlechkeeten, an enger gemeinsamer Gedenkminutt erennert waert gin!
Guy van Hulle