Et wier ze einfach gewiescht fir d’FLTT, am Summer no den olympeschen Spiller, an der Affaire Sarah Denutte een Mea Culpa auszeruffen, hiren System an hir Strukturen an Fro ze stellen, se ze iwwerdenken an Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Et wier eng fantastesch Opportunitéit gewiescht fir hir Aktiounen an sech selwer am Spigel ze reflektéieren an ze analyséieren. Et wier de Moment gewiescht vir demüteg zouzeginn dass och eng helleg Pingpongsfederatioun Feeler kann maachen, an dëst och kann agesinn, fir dorun ze wuessen, sech weider ze entwéckelen, sech ze verbesseren, no vir ze kucken an esou een Faux Pas, jo carrement eng Blamage, niméi zouzeloossen.

Et wier utopesch gewiescht ze mengen dass eng FLTT enger Leeschtungssportlerin, den Réck stäipt, an hir, ganz onkonservativ, deen Trainer un hir Säit stellt, deen, Dag an, Dag aus, mat hir trainéiert, an hiert Spill an hir Reaktioun auswenneg kennt. Eng professionell Sportlerin, wou eng ganz Generatioun inspiréiert an motivéiert an ëmmer nees beweist an ënnersträicht dass och an engem klengen Land wéi Lëtzebuerg et méiglech ass eng international erfollegräich sportlech Karriär ze  verfollegen.

Et schéngt an den Käpp vun den Responsabelen vun der FLTT keng esou eng Selbstreflektioun stattzefannen, am Géigendeel. Esou mécht d’FLTT hir Positioun ganz kloer. Ewéi een klengt beleidegt Kand, wänzelt si sech um Buedem an weist feig ewéi schon ëmmer op déi aner, an deem heiten Fall souguer op hier Nummer 1, wou sech getraut huet eng méi wéi gerechtfäerdegt Kritik ze äusseren. Dei eenzeg, an hiren Aen, logesch Conclusioun ass an dësem Fall  eng Disziplinarstrof ze prononcéieren. Soll dat d’Sportler, di bereet sinn alles ze gin an op villes ze verzichten, incitéieren eng Karriär am Héichleeschtungssport anzeschloen?

Vir een System wou keng Kritik zouléisst an dobäi Leit, déi sech trauen den Mond opzedoen, un een Pranger stellt, dofir gëtt et leider nëmmen een Begrëff.

Timo Wagner