"Ras le bol" vun de Verfollgungs- „ Klappjuegten“, op eise Stroossen!

Den helle Wansinn op Halloween…
Nodems scho virun engem knappe Mount, iwer rtl, am hellen Dag eng course-poursuite tescht Feiz a Steebrecken gemellt guw, bei deer police „toutes sirènes dehors“ engem Automobilist nogerannt war,deen hinnen dodurch opgefall war, dat hien bei enger Verkeierskontroll, „ demi-tour“ hannen an der Reih, gemach hat, koum et elo zu Gilsdref, awer an der Deischtert, erneit zu enger aehnlecher couse-poursuite !
Zu Féiz ass zum Gleck kengem dobei ee Leed geschitt, weder deenen ahnungslosen Auto a Motofuehrer déi hinnen entgéint koumen, nach deem verdächtegen Zivilist- een gefeierlechen Kriminellen,Terrorist , Maerder oder och nemmen ee ganz klenge Fesch respektiv, een einfach nemmen gestressten Matbierger, deen noom alldäglechen Moiesstau , elo no der Schaff, endlech wollt heem an net nach lang opgehaal gin!? Vleicht wuar et awer och esugur, et weess een nie, deen, oder een vun deenen omineisen Bommeleer, deenen se „ by running behind“, esou reng zoufälleg , durch en absoluten Glecksfall, op déi verlueren, verfuehren a verlurren, Spur komm wären… !?„Allez savoir“… mais n‘ y allez pas, en prenant des risques inconsidérés » seet do de gesonde Menscheverstand ! Genee dat missten se io awer, hätt een dach ugeholl, an hirem « cours de Déonthologie » - een wuehl ee besgen vill heichgegraffenen Ausdrock…!- dach bei engem vun eis gudd bekannten an heich geschaten „ Prof“ geleiert hun !
Do missten Policestagiairen, déi vun enger Réih vun hiren, dach méi stännegen, respektiv verstännegen Kollegen selwer, am privaten „off“ Gespreich mat hinnen, als „Kauboien“ bezeechent gin…, io awer vleicht epes méi iwer méiglech potentiel kollateral Schied gewuehr gin, an Gewessen geried kréien, an drop sensibiliséiert gin.!? Oder geet, bei villen, zu deem engen Ouer eran, a bei deem aneren gleich erem eraus!? Dest, wou dach, esou ganz oft, a kengem Verhältness zu deenen potentiellen Risiken stohenden, héich riskant iwerstierzten „courses-poursuites,“ouni Recksicht op Verloschter“, net nemmen total onschälleg Zivilisten, déi méi oder, vill wéineger schwéier flüchteg Verdächdeg, ma sie selwer och-wéi deemols um „Lausdaar“- be-treffen koennen. „ Le jeu vaut-il la chandelle“, ass een bekannten franseische Sproch, deen een och hei, a Sachen Verfolljungs-Juegden, op dest onverntwortlecht « Reiber a Gendarspill » uwenden kann a sollt, bei deer Aschätzung vun der reeller Situatioun, mat hiren, emmer méiglechen liewensgeféierlechen Konsequenzen, fir déi eng a fir déi aner. Eng berechtegt Fro, déi se sech stellen sollten, an zwar,“ machen ech do net méi schlecht ewéi… „Recht“!?, déi awer meschtens onbewost, an kéint ee scho bal munchmol mengen… bewosst, op eng stur Art a Weis, ignoréiert get ! Et bleiwt ze hoffen, dat et hei am Land net erem, wéi dat an der Vergangenheet och schon zweemol de Fall war…,a wéi a Frankreich schon „ de facon récurrente“, trotz dem Ofschafen vun der Doudesstrof seit Oktober 1981…- et bei engem nächsten „refus d’obtempérer“, nirwt de kollateralen Schied, déi sträflecherweis mat a kaf geholl gin, zu enger ähnlech fataler „bavure“ mat der Dingschtwaff kennt…! Dee kierzlechen „fait divers“, oder vill méi, „d’automne „ am spéiden Owend, an der Nuecht op dat rommeldommt onséilegt „Aller-Halloween“, dat iwerall uechtert Land, esou munch Jonker, emmer méi als Virwand ze benotzen schengen, fir op deem Owend hechst dubiosen Unfug ze dreiwen ! Wuehl och esou zu Gilsdorf, wou ee flüchtegen „ chauffard“, der Police, déi hien hannendrun gejot hun, wollt entkommen, an enger Kéier iwerholl huet, an do frontal mat zwee Autoen kollidéiert ass déi him entgéint koumen! Aus deem kurzgefassten, ma nemmen zum Deel informativen „Kommuniki“, deen Medien och esou, wéi all ze oft, „ tel quel“ , brav iwerholl hun, ouns och nemmen irgend epes ze hannerfroen…, gung just drauser erfiehr, dat et e puer Blessierter soll gi sin! Emmerhin dat, ma fir der Rescht“ basta „…Et bluw also dess Kéier no der Kéier, net nemmen bei Materialschued, ma et koum och, a vill méi schlemm zu kollateralen Schied, déi einfach esou, sang a klanglos bis dato vun allen higeholl guwen! Die uerg Konsequenzen vun deser an aneren poursuiten- wéi déi ganz a nach vill méi schlemm a grujeleg, Ufank September 2023 zu Esch -„remember“, bei deer ee Mann vun Niederkuer, noom Tunnelbleck mat crash géint eng Schoulmauer, an sengem Auto an de Flamen emkoum! - déi sech emmer noom selwechten Schema ofspillen, erenneren een och, elo wou am Hierscht bei eis Saison erem op ass, irgendwéi, un déi onrühmlech Klappjuegden, an dofir och emmer méi kontestéiert Hatz, bei deer, no engem ähnlechen Szenario, dat a Panik gerodent Freiweld Hals iwer Kapp an a Panik, sengen vum Juegdtrieb gedriwenen Häscher versicht ze entkommen…! Verhalen an Reaktioun beim Mensch ass, bei denen engen an deenen aneren net vill anescht, an Parallell drängt sech förmlech op ! „Passt op , op Mensch an Déier“ steet- dach schon ee besgen deck heuschlerech- esu gur bis an Bussen eran ugeschloen -ze liesen… Deem sollt een, wat Verfolljungsjuegden op eisem Sroossenreseau ubelangt, wéi ech „mengt“, nach beifügen: „ fir dat dir, passt op, net och nach op eemol selwer, git zum Déìer“…!
Guy van Hulle