Ee Photosalbum vum Isabella Finzi wann ech geliwt…!?

Fir déi onvermeidlech Feierdëg vum Joresenn, wärten och des Kéier bei eis nees e puer méi oder wéineger flott gedrëckten Publikatiounen op de Moart kommen, och Luxemburgensia a weider opgedonnert wonnerschéin Alben, och där mat Vu‘en vum Colmer Schlass an Fëschbech mat oder ouni Fändelchen uewen um Tiermchen, de Kinekskanner op Glanzpabeier a schwéieren Deckelen, mat engem wie esou oft leider méi wertvollen „contenant“ wie „contenu“ respektiv Inhalt…
Och op dém Gebitt schéint eis, kéint munchmol e beschen manner, méi sin!
An ugeholl et giw ee mech dann am Spéithierscht froen wat ech mär da fir Enn Dezember, wann et engem dobaussen an em t‘Herz nass a verdrësslech ufänkt ze gin, fir ënnert de „Reschtbeemchen“ did wënschen, dann géiw ech meng Leit iwerraschen an hätt schnell eng Antwërt parat! Eppes fir ze kucken, ze bewonneren an mech ze erënneren, e klengt Wierk wat nach net am Drock a wuel kaum scho nëmmen emol ugeduecht dierft sin.
Maio wat dann elo? Ech zecken en Ament, wëll ech hu jo och vléit iwerhapt gur néischt verdingt, ma wa schon, da schon, da soen ech et ierch elo: „eh bien voilà“, e Band mat enger Auswiehl vum Isabella Finzi sengen schéinste Photoen!
E Buch oder och nëmmen eng flott opgemachen Brochure mat Biller vun der virun veier Joer verstuerwener Pressefotografin Isabella Finzi, deem léiwen an héich talentéierten Escher Meedchen aus der Escher Kuelestrooss*, dém sein Doud, no langer Krankheet, mär op ee Freiden 13. August gewuer gi sin!
Et siew drun erënnert, dat virun elo schon sechs Joer, an och em des Zéit, mat dem Frënd Jean Rhein en aneren, gude Journalist e séier beliesenen, kultivéierten a léiwen Mensch, vun eis gang ass.
Dem Isabella hun ech, wa mär eis an Esch iwer de Wee gelaf sin, ëmmer erem gesot, wei schéin mär doheem, a nach vill aner Leit vun iwerall, seng Photoen fannen géifen, a sin net mid gin him ze roden eng Selektioun ze machen, a firwat net, domader dach endlech och emol e Photosband versichen ze publizéieren! Hat sollt sech net scheien dee Schrëtt ze woen an méi un sech ze gleewen sot ech him, a virun allem drop oppassen fir keng ennerwee, am alldeeglech bedingte Stress vun engem “Quotidien“ „par mégarde“ ze verléieren respektiv ze „deleaten“, dat wär deck schued an déi Befierchtung hätt ech nun emol eben …!
Ech sot him, mär gifen all fannen, dat vill vun senge Photoen - net onbedengt die „Eintagsfliegen“ mat de Provenzpolitiker an anere klenge Greissten drop - eng aner Dimensioun an eppes mei hätten an ausdrecken geiwen, dat wert wär dat een et sech méi lang ukucken an drun erfreen kéint, wie nëmmen fir een dach kurzen Aablack beim liesen oder iwerfléien vun der Dagespress.
D‘Isabella hat net nëmmen performant Photoapparaten, an d‘ Routine, wie vill aner Jobkollegen och, mais doriwer eraus den artisteschen „coup d’oeil“, de sensible Blëck vun enger talentéierter a sensibler Fra.
Mär denken do un seng Melusina, sei Lofy, Kanner, Boxer an Dänzerinnen, quesch durch Gesellschaft an d‘Natur, seng Schnappschëss vun der Szeen vum Liewen, do wou hat grad war, an Zeit fond huet fir no de langweilegen Pressekonferenzen an éiweg stereotypen Empfäng um Clairefontaine, nach epes mei interessantes a relevantes ze knipsen an auszedrëcken. Des sin dest Biller, déi bleiwen an ee Spigelbild vun sengem doucen Wiesen eremspiegelen. Et ass dat séi perséinlechen témoignage a form vun enger Sorte “regard doux dans un monde plutôt quelconque“, poetesch ugehauchten Liechtblëcker déi erfirstiechen, erfrëschen a gefalen.
« I had a dream »…
Wa mär him dat matgedeelt hun, ouni déi geringsten Absicht him wëllen domat iwerdriwen ze bléimelen, huet hat zwar merci gesot, de Kapp liecht schief gehal, a léif, ma wéi ech fond hun, ëmmer e beschen traureg derbei gelächelt, net jo an ewer och net nee gesoot, ma weider néischt drop gin!
Ech hu gemierkt dat ech him op Dauer kéint op Nerven goen, an hun net mei weider insistéiert, ma dach regretteiert, dass Isabella net op meng Propose fir epes greisseres ze publizeieren oder op manst ze illustréieren, agoen wollt…Senger Bescheidenheet war demno net béi ze kommen.
Wie mer keng Photoen méi vun him an deenen zwou Zeitungen fir déi hat geschafft huet, gesin hun, seng Beiträg vermësst an hat selwer op eemol vun der Bildfläch verschwonnen war, hu maer, a vill vu senge Bewonnerer, eis Froen gestallt a si dun gewuer gin dat Isabella béis krank wier. Nach hu mer néicht dorop wëlle gin, well mer hat virdrun mat engem bandagéierten Arm gesin haten a mer eis net virstellen konnten, dat déi Tendinite, die wuel duerch d’Schleefen vun deenen schwéieren Apparaten an Objektiver hirkoum, eleng esou schlëmm kéint sin…
Et war awer vill méi eng béis Krankheet, eng vun deer Sorte, där net vill Mënschen gewuess sin, an elo wou d‘Isabella mat nëmmen 45 Joer vun eis gangen ass, wär et vléicht un der Zéit d’Idee vun engem Bichelchen mat Photoen vun him posthum ze realiséieren!?
Eng iwerdauernd Retrospektiv, gekoppelt un eng Ausstellung mat farwegen a schwarzwéisse Photosbiller vum Isabella Finzi, aus der Datebank a vun sech privat; virun e puer Joer nach hu mär iwrigens, nëmmen vun engem Photo’sarchiv an enger Kollektioun vun de geschriwenen Artikelen geschwat, siew niewebei bemierkt….
Dest ass eng Suggestioun, mat der mer eis net gin an hei erëm nei wëllen opwerfen. Dofir desen Apell un seng all seng vill Frënn, sei Liewenspartner Olivier, an all déi aktuell Berufs- a Verlagskollegen mat dem richtegen „know how“, wie waer et, wann der ierch elo veier Joer no sengem Doud,, fir 2025, oder duerno, all zesummen op ‘Realiseierung vun esou engem posthumen Photosalbum, mat sengen, an vleicht och ären eegenen beschten Biller a Schnappschess besennen geiwt !? En alljährlechen mémoriellen hommage „ Isabella Finzi“ z.b., a Form vun enger interner Auswiehl, vun deenen prägnansten Photoen iwert an all Joer op e neit‘s, déi durch a vun dem Isabella sengen Nofolger selwer virgeholl géiwen, kéint och eng flott Alternativ, zu enger reng, op hat selwer nemmen bezugener Publikatioun sin…! Vill Leit, do sin maer eis secher, dierften sech bei esou enger Realisatioun freen, fir „á la fois“ , Photo’s Afäll vun sengen heitegen Kollegen ze appréciéieren, an dobéi gleichzeiteg un d’Isabella a sei Wierk(en) zereck ze denken!
Guy van Hulle
*ee biergop weider, um „Gruew“, fir op „place des remparts“ erop, huet mat dem Norbert Ketter nach een aneren, ganz groussen an international unerkannten Escher Photograph gewunnt, deem seng Wierker an enger ganzer Reih vun extrem wertvollen Bicher festgehalen sin, an deem seng Photoen, schon eleng déi iwer die fréier „métropole du fer“, dach onbedingt am Kader vun deem ominös-„pimpösen“ Esch 2022, hätten missen an enger, him senger würdeger Austellung gewisen gin! Esou awer, guwen se, quasi zur selwechter Zeit, an kéint ee scho baal mengen express-_Esch…, zu Letzebuerg, ennen an der Galerie vum „ Cercle“ opgehangen an nirwt de Stadter, deenen kulturell interesséierten, in an ausländeschen Passanten an Touristen virbehalen… !