Ee lauter « Sportskanounen »…oder wat !?

"Sportzaldoten(innen )", beim Wuert geholl …
Et gëtt Ausdréck a Wieder- Zesummesetzungen déi vu villen Leit einfach esou higeholl wärend anerer déi , sech gläichzäiteg mat der Sproch beschäftegen a méi kritesch denken, des munchmol dubiéis Kompositiounen hannerfroen an net gewëllt sinn se einfach esou hinzehuelen a gëllen ze loossen ! Esou , den Ausdrock, „Sportzaldot“, eng relativ rezent Ënnerstellung, vun zwee Dingwierder, déi am gaang ass zu engem fest zesummegeschweesste Begrëff ze ginn, deen sech och bei villen „Zivilisten“ schonn agebiergert schéngt ze hunn, a wéi een haut -esou ellen- seet, dobaussen gutt verkafen léisst…!? Eng praktesch, stramm formuléiert an improviséiert lexikalesch Konstruktioun fir eppes relativ nei erfonntenes mam Numm ze nennen an ze „deefen“, respektiv iwwer Sprooch, als solches, an de Käpp vun de Leit als solches, ze festegen an ze validéieren . Sportzaldot, e „ mot composé“, woubäi de Sport mam Zaldot, net emol duerch e Bindestrich vun enaner getrennt , ma béid mat enaner „verschweesst“ guwen ,wéi wann dat net anescht kéint sinn!? Eng flott Formuléierung fir déi eng, ma eng éischter bedenklech Wuertkombinatioun, e gellechen Antagonissem – ma awer dobäi keen eigentlechen oxymore- fir anerer, déi sech aus Welt respektiv sportanschauleschen Grënn dorunner stéieren… Fir eppes neits muss, dat ass gewosst, wéi iwwerall an deem Fall, ee neit Wuert hir, ma em wat huet et sech , dann elo eigentlech bei dësem neien „ Produit“ gehandelt, deem an deenen sengen militanten Protagonisten et gegollten huet, en treffenden, uniformen Numm ze verpassen!? …!?
„Wessen Kommissbrot ich ess, dessen Marsch- Lied ich sing“…!
Wärend Sportler aus deenen jeeweilegen Veräiner an de Kollektivsportaarten, an virun allem am Fout Ball hei am Land, via privat Firmensponsoren a Promotoren, munchmol, scho bal iwerdriwen materiell a finanziell verwinnt ginn, e sou war dat bei eise beschte Spëtzenathleete bis viru kuerzem net de Fall. Sie haten an hunn et weider schwéier fir um Terrain, an och ausserhalb vun der Pist… am Alldeeglechen iwwer Ronnen ze kommen. Vu dat Ënnerstëtzung vun anerwäerts total gefeelt huet, a nach ëmmer feelt, hunn eng ganz Rei vun hinnen, an kann een hinnen dat net onbedéngt verdenken, eng Opportunitéit an der verlockender Offer vun der Arméi gesinn! Op de „we need help“, an hiren SOS, huet di léiwArméi hinnen doropshi mat hirem , an aller Welt berühmt -berüchtegten , a scho ball karikaturalen “ We want you “, ma da kommt bei eis, geäntwert ! Eeen Deal, an e“ Pakt mam Deiwel“ deen esou al as wéi Arméien existéieren, mat hinnen Krich gefuert, a scharf op enaner geschoss get! De „bataillon de Joinville“ a Frankreich, deen haut nach enner enger anerer Form weider besteet, war do lang Zeit e Virbild un deem sech eis Strategen och dierften inspiréirt hun. Eng ganz Reih vun Eeenzelathleten (innen)- mat virop emmer méi brav folgsam Meedercher vum „Dammebierg“,-hun Chance prompt genotzt a sin ouni ze zecken, an och nemmen en Hauch vu moraleschen Bedenken hannen op dem „ Dingo“ sein deieren Nofolger gesprongen! Noom Motto vum „ c’est donnant- donnant“, hun sie freedeg agewellegt, mat zwou Henn ennerschriwen, a geschwuer bedingungslos an der NATO Arméi net nemmen ze dengen an ze folegen, ma och nach derbéi fir sie no baussen Reklam ze machen an sech instrumentaliseieren ze loossen! Dass och nach just grad dat op der Uni forméiert Christine Majerus, deem seng carrière mir als fréieren Reporter a Kenner vun der Szeen, mat groussem Interessi a Bewonnerung verfolegt hun, an wat selwer vun sech an engem Interview behapt, een ganz starken Charakter ze hun, mat drun gekoppelt, engem ausgeprägten Senn fir Gerechtegkeet, dann elo op emol ee Loblidd op Arméi sangen geiw, an „ entretemps“ scho bal zu hirer, a kaki gekleedten Egérie gin ass, huet eis dach béis iwerrascht …! Dest zemols wou een dach weess dat do uewen an hirer Ausbildung Schikanen net nemmen aus e puer Brieder bestinn, déi e mam Velo iwerwannen muss…! Dat selwecht gelt fir hir, anerwärts esou- zu recht- rebellesch Ping-Pong Kollegin, déi anescht wéi hat, daat sech do, op Kommando an de Bulli geheien, net onbedingt als spezifischen Training um „ parcours du combattant“ ugesin dierft hun. Et siew drun erennert dass de Cross cyclo-pédestre vun de franseische Militär ufanks 20. Joerhonnert erfond guw , un deen deen drohtegen Generol Thull , selwer e gudde Junior’s coureur senger Zeit, elo zu Dikrich uewen aus um ranzegen „ Botterweck“ rem well ukneppen. Do war sech hiren männlechen Cyclocrossskolleg , de Gusti „Bruch“, no engem kurzen Schnupperkurs, sech dach awer schon deitlech méi konsequent an ze schued, fir zu Dikrich Krich ze spillen, wéi hien sech mat sengem Velo hurteg lanscht Nösserten erem erof gemach an ennen mat Erfoleg eng ganz aner Richtung ageschloen huet! Dee groussen Virdeel, vun deer, „certes“ net aus dem Zwang, ma dach aus der Nout gebuerener Rekrutéierung, respektiv Instumentaliséierung , ass déi, dat sie vun deem Moment un, als… „ Sportsöldner(innen)“ an der neo- Freiwellegenkompagnie vun , eis eegen Bezeechnung, mat enger mei offensichtech deitlech pejorativer Konnotatioun.., finanziell ofgesechert waren a sin, mat en plus, enger professionneler Zukunftsperspektiv, fir speiderhin, wann hinnen dru geleen! Wat een demno als „de bonne guerre“… bezeechnen kéint, werft awer iwer déi fragwürdeg Terminologie eraus eng ganz Reih vu Froen op. Esou haten mir demols als Sportstudent an duerno langjähregen enseignant eng ganz aner Opfassung vum Sport, an hun déi an de speiden siwenzeger Joeren , mat villen aneren, dorenner och dem Denis Scuto gedeelt , an bei der europaweiter Bewegung “ Sportler fir de Fridden“ matgemach , zu deer et iwregens eng helle Wull vu Literatur get. Mir als immediaten Nookrichsjong, wor perséinlech all déi Zeit duerno dru geleeen , menge Schüler déi universel , a betount fridlech Werter,- de Gegenspiller ass keen „enemy“…!- wéi fair-play a Rücksicht op deen aneren am Sport ze vermettelen . Gemeinsamen Spass am Spill a Freeed un der Beweegung, als Ausgleich zu deem wat alles vun hinnen an deenen aneren Fächer am Lycée’s Klassesall verlangt guw, nirwt gudde Rotschléi fir eng nach besser „hygiène de vie „ fir speiderhin , ouni Drogen, Tubak an net ze vill Alkohol, stungen am Schoulsport vum primär an secondaire bei mir stéits, weit virun irgendwelchem Performancestriewen, am Virdergrond a koumen, bei deenen allermeschten,- an dorenner och e puer speider national Sportgreissten- déi mir dat och haut nach spontan bezeihen, beschtens un! Enges Dags hun ech, an den achtzeger Joeren, hannen an engem Geräteschaf vun engem Schoulgebai um Lamperbierg, eng hölzen Stabhandgranat fond, eng getréi nogemachten Replik vun enger echter, mat deer Schüler an hirem „Sportunterricht“ deemols geléiert gi sin, esou weit wéi méiglech a präzis a Richtung speideren Feind ze werfen… an domader op de Krich virbereet guwen. Natierlech, hun ech se menge Schüler als anschaulecht- abschreckend Beispill virgefouert an, hinnen erklärt wéi demols Sporterzeihung ennert de Preisen bei eis ausgesin huet a pervertéiert guw! Wourop ech elo awer endlech…, no all deenen Iwerleeungen eraus well a mat villen aneren fuerderen, ass dat eisen ziemlech eleng geloosseenen Leeschtungssportler(innen) endlech vum Staat eng valabel zivil Alternativ zum Militärdrilldeal gebueden get, durch déi sie grad esou gud finanziell ofsechert wéi um Härebierg gin , ouni dat sie sech do uewen kujenéieren loossen mussen, an als „objecteurs de consciennce“ vrun allem kee Gewiehr a keng aner Schosswaff brauchen an Hand ze huelen, wann sie dat net woellen, an hirt Gewessen dat net zuleisst !
Guy van Hulle