Verwaltungen a wéi Belaaschtung statt Hëllef entsteet

Moien, ech war der Meenung dat ech no dësem Joer dat heiten einfach mol muss erzielen, mat der Hoffnung dat di Richteg Leit et och liesen. Aner Leit wäerte wuel en Déja Vu kréien.
Et geet an sech em eise Jong de Scott deen en nonverbalen Autist ass an dëst Joer 18 al ginn ass, wat schonn aleng en Dokumenten Marathon war.
Mir als Elteren déi sech em e jonken Erwuessenen, mat spezielle Besoine bekëmmeren, den konstant muss betreit ginn, kascht meng Fra a mech vill un Energie. Mir ginn dann awer nach zousätzlech vun Energie-Vampiren ausgesuckelt, an zwar vu Verwaltungen a Ministèren.
Hei da mol een rezent Beispill.
Em wat geet et: Verschidde Kanner a Jugendlecher mat spezielle Besoine, kréien eng sougenannte Magnéitwest, vun hire Kompetenzzenter wärend hirer Schoulzäit zur Verfügung gestallt, esou ewéi de Scott och. Déi West gëtt gebraucht fir ze garantéieren, dat Sie am Bus setzen bleiwen an net wärend der Faart opstinn. Ouni des Aide, gi Sie net vum Bus, matgeholl, well et soss zu geféierleche Situatioune komme kéint. Schoul huet eis des West och ëmmer wärend der Vakanz gelooss, well soss hätt Hien net kennen an seng Vakanzen Atelier mam Bus gefouert ginn. No senger Schoulzäit geet de Scott dann elo an e Centre du Jour, a mir hunn des Aide missten un de Kompetenzzenter zeréck ginn. Also wollte mir eis bei der zoustänneger Verwaltung eng vun dësen Westen ufroen. Op der Verwaltung hirer Websäit steet jo:
„Verwaltung kann technesch Hëllefsmëttelen iwwerhuelen, fir et der fleegebedierfteger Persoun ze erlaben, hir Liewensautonomie an de Beräicher vun der Kierperhygiène, der Ernärung, dem Kachen, der Mobilitéit bannent a baussent der Wunneng, ze behalen.“
An Hie brauch des Aide fir de Bus kennen ze huelen an esou seng Mobilitéit, bäizebehalen. Dann dierft et och kee Problem sinn des Aide ze bestellen. Also lass:
- Mëtt August: Mir froe bei der zoustänneger Verwaltung des Aide un. Bei des Demande leeën mir nach ee perséinleche Bréif, wou beschriwwe gëtt, firwat des Aide gebraucht gëtt an bei wei enger an eenzeger Firma, hei am Land, een se kritt. Eng Foto vun der Aide ass och dobäi. Och um Certificat vum Dokter steet des Magnéitwest drop.
Da ka jo un sech näischt schif goen, oder?
- Enn September, dat éischt Liewenszeeche vun der Verwaltung, eng Dossier's Nummer an en RDV fir dat Ganzt ze beschwätzen.
- Ufanks Oktober, sinn Detailer iwwert Telefon beschwat ginn. Wärend dem Gespréich ass ëmmer erëm vum Mataarbechter gesot ginn, das mir des Aide jo och fir eise privaten Auto brauchen, wat net de Fall ass, mee well sech do esou drugehale ginn ass, sote mir alt Jo. Haaptsaach geet weider.
- Den November ass elo bal eriwwer, an zënter dem Gespréich hunn mir näischt mei vun dëser Verwaltung héieren. Also hunn ech da mol e Ronn-Schreiwes, queesch, duerch sämtlech Abteilunge vum zoustännege Ministère gemaach, wei et dann elo mat eiser Aide ausgesäit. Wei gesot, keng West, kee Bus. Dat huet och Wierkung gewisen, well den Dag drop krut ech ugeruff. Um Telefon sot mir dann ee Mataarbechter vun der Verwaltung dat Sie virun zwou Woche bei eis Doheem ugeruff hätten, mee do hätt leider keen op gehofft. Eng Handysnummer an eng Email Adress stounge jo awer och an der Demande, mee bon. Ech krut dunn erkläert, dat déi Firma déi des Fixatioun huet, anscheinend keng Offer zeréck geschéckt hätt. Also hu Si eng einfach iergendeng aner Ceinture bestallt. Ech sot natierlech dat dëst net dat ass wat mir gefrot hunn. Zumools dat déi vun eis gefrote Fixéierung déi ass déi de Scott kennt. Et ass och déi, di vum Transportministère an de Kompetenzzentren agesat gëtt. Schonn nees ass ugefaange ginn, dat mir se jo och fir eisen Auto brauchen. Ab Hei war fir mech eppes net mei normal. Owes hunn ech dunn eng Mail direkt un Firma gemaach an Äntwert war: Si hätte fir dësen Dossier keng Ufro krut.
- Den Dag drop wollt ech elo mol rausfanne wisou ëmmer esou op mengem Privatauto bestane gëtt. Also ugefaangene bei Legilux Gesetztexter no ze kucken. Jo esou weit muss een elo well goen, well soss kennt Dir ab hei, einfach opginn.
Wat hunn ech dann do fonnt:
Am Artikel 23 vun dëser Verwaltung gëtt et eng Annex 12 "Aides pour la mobilité personnelle" wat jo fir des Aide géing Zoutreffe, mee esou ewéi et ausgesäit, benotzt Verwaltung hei Annex 121209 "Ceintures de sécurité de voiture et harnais".
Anescht ass dat ganzt mat deem "et ass jo vir ären Auto" net ze erklären.
Genau do leit menger Meenung no, Kromm an der Heck. Dat heescht iergendwou an deem Verwaltungsapparat ass eppes un der Definitioun vun dëser Aide schif gelaf an dofir krute mir och scho virun 13 Joer vun der Schoul gesot, "Du brauchs do net ze probéieren, well du kriss des Hëllef net". Domadder zwéngt ee quasi, Elteren, Organisatiounen a Kompetenzzentren, des Aide selwer ze kafen, wat di meescht dann och maachen. Des Ausso krute mir iwwer Jore och vu verschidde Säiten ëmmer erëm ze héieren.
Puer Deeg drop hunn ech da per Mail ob dëse Mëssstand higewise wat einfach ignoréiert ginn ass. Ech hu mindestens 3 Mailen dowéinst geschéckt dat des Hëllef keng Ceinture de Securité ass, an ech se fir de Bus an net fir mäin Auto brauch. Et géing och bedeiten, dat wa mir se als Ceinture fir den Auto kréien, a dann mäi Bouf domadder an de Bus setzen, dann wieren, mir als Elteren am Feeler, wann do eppes geschitt.
- Mëttlerweil, ass dann Offer fir déi 600€ West bei der Verwaltung ukomm. Ob Firma, Demande erëmfonnt huet nodeems ech nogefrot hat, oder ob Verwaltung nach eemol nogefrot huet, weess ech elo leider net. Bestallt war se dofir awer nach ëmmer net.
- Ech hunn dann och den Auszuch vun der Dokumentatioun vun dëser West, un di Leit geschéckt, déi eisen Dossier verschaffen. Doran steet ganz Kloer dat et keng "Ceinture de securite" ass. Mee och des Informatioun ass einfach ignoréiert ginn. Ech hunn och ni eng Äntwert op di zwou verschidden Annex´e kritt an ob do eventuell de Problem ass.
- Enn November: Wat ech du gemaach hu kann ech hei net schreiwen, mee 2 Deeg drop war eis Aide dunn accordéiert.
Elo si mir Mëtt Dezember a meng Dokumenter hunn ech am August eraginn, an nëmme well ech net esou einfach opginn hunn, geschitt dann elo endlech eppes. Mir sinn dann och mëttlerweil iwwert 15000 km mam privat Auto gefuer, wéinst dem ganze Gedeessems. oder wei wier, eise Bouf wuel soss an säin Centre du Jour komm. Ech hu mir dunn och erlaabt eng Rechnung un déi Verwaltung mat menge Km ze schécke, well 4 Méint ass definitiv ondrobar, fir esou eng Aide ze kréien, an di West gëtt elo réischt mol vun der Firma bestallt. Aleng, den administrativen Opwand hei, huet mëttlerweil de Wäert vun der West em e Villfaches iwwerschratt.
Ob meng Rechnung mat deenen eis entstanen Onkäschten huet iwwregens och kee reagéiert.
Dat war elo eng laang Geschicht, (nach gekierzt) an dat war leider net déi Eenzegst dëst Joer. Ech verbréngen all Woch Stonnen, nëmmen domadder esou Saachen ze klären, an mir schwätzen hei vu Leit mat spezielle Besoinen, an net vun enger Baugeneemegung, mee am Endeffekt ginn déi zwee Fäll genee gläich traitéiert.
An jo, ech weess och dat mir net Eleng op dëser Welt sinn, a bestëmmt genuch där Akte musse vun de Verwaltunge verschafft ginn, mee ech hu jo och matkritt wei esou en Dossier traitéiert gëtt. Effizient ass dat doten definitiv net. Ob jiddefalls net fir eng Aide déi ënnert 1000€ kascht. Ech denke bëssi manner 1970‘er Prozedure, géinge do schonn hëllefen.
Obwuel dëse konstante Stress iwwert déi läscht Jore schonns bei eis gesondheetlech Spueren hannerlooss huet, wäerte mir alles fir eise Jong maachen a gläichzäiteg domadder aner Leit mat de gesammelten Informatiounen hëllefen. Meng Nummer vun dësem Dossier wäert dann elo och op all Demande vu Leit, déi des Aide brauchen, als Referenz mat dropstoen, esou dat et bei der Demarche fir des West, net erëm zu „Mëssverständnesser“ kennt.
Dofir, elo kuerz virun de Feierdeeg wenden ech mech da mat dëser Geschicht un all eis Ministeren, un all Chef de Sektioun an un all Chef de Service vun desse Verwaltungen. Huelt Iech w.e.g. als gudde Virsaz fir nächst Joer, dat esou Saachen net mei virkommen.
Dir sidd do, fir de Leit ze hëllefen, déi sech heiansdo selwer net mei ze hëllefe wëssen. Ech weess net ob et Iech bewosst ass, wat Dir deene Persounen, déi sech em Leit mat spezielle Besoine këmmeren undot. Mir hunn duerch des Situatioun, schonn extrem vill Aarbecht nieft eisen dagdeegleche Saachen. Dofir brauche mir keng esou Saache wei déi heiten. Dir sollt, als Verwaltung, eis hëllefen an net eng zousätzlech Belaaschtung sinn. Denkt ëmmer drun, hannert all Dossier op ärem Bildschierm, hänke real Mënschen a Schicksaler.
Trotz allem, wënsche meng Fra an ech, all Ministère an all Verwaltung schéi Feierdeeg a mir héiere bestëmmt nächst Joer nach vuneneen.
MBG
Alain MAUER