Wéi gesot, wann een mam Noper zesummen schafft, kann een zesummen ob méi Louse joen an hei wier dat sécher dat Effikasst an dat Sécherst. Esou „ Revéier-iwwergräifend “ Juegten ass et jo schonn oft ginn, notamment huet z.B. dee leider vill ze fréi verstuerwenen fréiere President vun der FSHCL am Feelener Eck mat senge Noper zesummen, gewisen dass een domat ganz effikass ka sinn, an et gëtt nach vill aner Beispiller. De Stat bejot jo och selwer ob anerer Platz e puer Juegdlousen mateneen (dixit Marianne Jacobs, 18.11.2022 RTL (Min.: 1:53): „bal 3.000ha“ / https://www.rtl.lu/news/national/a/1992523.html), mat Stellungen déi a sech iwwert ee Lous eraus ginn, just dass do déi Lousen déi betraff sinn, alleguer vum Stat gepacht sinn.
 
Dëst bedeit dass de Stat ganz kloer weess wéi een Revéier-iwwergräifend joe kann et gëtt just aus voller Intentioun hei, wuel géint d ’Positioun vum Ministère, net gemaach. Esou mat wier een dann erëm beim Gesetz a bei Obligatiounen a Responsabilitéiten. D ’Tatsaach dass een sech do misst mat normale Bierger koordinéieren wäert jo hoffentlech net de Probleem sinn. D ‘Konsequenzen fir de Naturschutz ginn also bewosst a Kaf geholl, respektiv si ginn esouguer gewollt; fir elo eng „nei“, „radikal”, „progressiv“, „modern”, „speziell”, „ekologesch?“ “Juegd Method” “hoffäheg” ze maachen. Well et geet haut em net méi oder manner ewéi staatlech organiséiert Falejuegd, ob mannst ob Wëllschwäin zu engem normalen Zoustand ze maachen. D ’Jeeër solle wëssen dass dat hei wuel just den Ufank ass, deen se amgaang sinn méiglecherweis ze verschlofen.

D ‘Juegdgesetz seet dozou: „ Art 10. La chasse n’est autorisée que pendant le jour. Est considérée comme jour, la période comprise entre une heure avant le lever officiel et une heure après le coucher officiel du soleil. La chasse n’est autorisée qu’au moyen de fusils et de carabines. Tous les autres moyens de chasse, y compris le recours au piégeage et aux rapaces, sont interdits. Le tir à balle est obligatoire pour la chasse aux espèces cerf, chevreuil, sanglier, mouflon et daim. Pour la chasse à l’affût et à l’approche, seul le tir à balle avec une arme à canon rayé est permis“.  Et ass also kloer, Fale si verbueden an en plus nuets joen och, also sécher och nuets Fale stellen? – dat ass also bal Eppes ewéi duebel verbueden. Déi Falen stinn jo awer wuel och nuets do? Am Commentaire des articles steet et awer vill méi kloer: „ 3. OBJECTIFS DU PROJET DE LOI … – veiller au respect de critères écologiques et de protection des animaux par : … ° l’interdiction de piégeage“. Méi wäit fënnt een awer och Folgendes: „ Suite à un débat d’orientation en séance plénière, la Chambre des Députés a présenté la motion du 21 juin 2007 dans laquelle elle invite le Gouvernement à prendre en considération les 7 points suivants: “ … à interdire le piégeage en prévoyant que des exceptions à ce principe sont uniquement autorisées par le ministre ayant l’Environnement dans ses attributions, si la demande est clairement motivée par des soucis concernant la protection de la nature ou la santé publique, et si le même but ne peut être atteint par d’autres moyens, l’exécution de ces mesures exceptionnelles et spécialement autorisées incombant à des piégeurs agréés;“

Do huet de Stat sech dann e bëssen e Joker an d ’Gesetz geschriwwen, am Wandschiet vun der absolut berechtegter „santé publique“. Wat awer e “piégeur agréé” ass a wat een dofir muss maachen a wat ee muss kennen oder geléiert hunn, kann den Auteur net beäntwerten. An der Motioun vun der Chamber fënnt sech e Verweis ob Frankräich, mee zu Lëtzebuerg gëtt et esou wéi et ausgesäit guer kee legislative Kader. Esou wéi ausgesäit ass deen am legislativen Kader erwäänten “Agrement”, ni reglementair definéiert ginn. Et gëtt also eppes gemaach woufir een am Legilux näischt fënnt wat deen “Agrement” definéiert.

Ob déi 60 Léit an der Chamber fonnt hunn dass dat en plus soll gëllen wann de Stat de Problem selwer geschaaft huet, ni eppes Aneres (… si le même but ne peut être atteint par d’autres moyens …)  probéiert huet an och nach ganz aleng Alles „wëssenschaftlech“ feststellt, steet hoffentlech am Raum. Eis Deputéiert mussen fir sech selwer wëssen fir wei seriöe si wëlle geholl ginn. Hei ass de Contrôleur och Contrôlé an de Schued gëtt festgestallt vun deem, deen en erbäi gefouert huet – wat dat bedeit ass am Droit relativ kloer. (Wéi gesot awer nach ëmmer guer keng Hoffnung ob de Parquet)
De Stat huet als éischt de Probleem vun der Populatioun vun de Wëllschwäin geschaaft, a sech de pleine âme et conscience a mat ganz vill Engagement; fir sech elo no 3 Joer als „Retter“ opzespillen; esou e bëssen wéi de Pompier deen och Pyroman ass. Just dass de Stat sech dee Wee do schonn 2011 esou ze soen an d ‘Gesetz schreiwe gelooss huet – wuel eeben vläicht eng ganz laangfristeg ugeluechten Operatioun. Hätt déi “Fale-Léisung” do iergend e Lien zum Gesetz, hätt een déi Optioun dann op mannst direkt no de Steeën missen ëmsetzen a net eréischt no 3 Joer  Delai an deem een drop gewaart huet dass de Probleem entsteet. Well d ‘Juegdgesetz awer méiglecherweis net wäit genuch kéint goen, ass d ’Léisung “Fal” am Naturschutzgesetz nach e bëssen developpéiert ginn, do gëtt dat dann a bësse méi juristesch ofgeséchert.
 
Um RTL war et ze gesinn, wéi „human“ déi Falen do sinn. De Stress fir en Déier wei e Wëllschwäin, wann dat an der Fall gefaangen ass, ass och ob YouTube honnertefach ze gesinn – an net ze erdroen, absolut net ze erdroen. Dass den Déiereschutz sech elo géif mellen, ass net ze erwaarden, obwuel et hei ganz evident an onnéideg Probleemer mam Déiereschutz ginn. Wann d‘ANF da matdeele léisst dass hir Fale net esou sinn wei een et ob RTL am Reportage (oder bei YouTube) ka gesinn, ass dat eng héchst mysteriös Ausso a bezitt sech just ob den Detail dass am gewisene Video bei RTL d ‘ganz Fal eroffält, a beim Stat, just Fall-Dieren (wéi eng Guillotinne) erof falen. Agespaart sinn ass de Probleem, net wéi dat geschitt ass! De Risiko vu Verletzungen ass also a béide Fäll ginn an deen nach gréisseren Probleem ass de Stress deem déi Déieren ausgesat sinn wann se gefaangen sinn. All dat kann een stonnelaange ob YouTube nokucken, et also a Fro ze stellen oder et einfach ze negéieren, huet wierklech näischt méi mat der Realitéit ze dinn. An dee fruchtbaarste Stress kennt eréischt, nämlech dann wann, iergendwann, ee kennt fir déi Schwäin dann ze eliminéieren. Vu baussen der Fal gëtt schéin, Eent nom Aneren; ee Schwäin nom Aneren; erschoss. (Den Auteur hofft dass dofir d ’Kaliber an d ’Energie wéi am Gesetz virgeschriwwen, respektéiert sinn.) Dat ass sécher keng Juegd, dat entsprécht eenzeg an aleng deem wat den Anti-Chasse als „ofknallen“ bezeechent. Dat do ass déi eenzeg Plaz wou deen Term perfekt passt. Firwat ass dat elo säit e puer Méint esou, ma wuel well Een dat esou wollt, wëllt, well Een dovun säit Joren dreemt an obsedéiert ass. Firwat ass et pervers, mat well et einfach onnéideg ass, well de Grond dofir erbäigefouert gouf a well ni eppes Aneres probéiert gouf, obschonn d ‘Gesetz dat esou virschreift. An och well dat wat versprach gouf net agehalen gëtt. An och well einfach d ‘Gesetz net respektéiert gëtt.
 
Zur Beweegungsjuegd / Dreifjuegd muss een als éischt wëssen dass d ‘Wëld sech net, riicht virun sech dreiwe léist, wéi en Trap Schof – dat ass einfach falsch. D ‘Wëld leeft oft no vir, awer och oft no hannen oder ob d‘Säit, all Mënsch deen eppes vu Juegd kënnt weess dat. De But ass jo och net d ‘Wëld virun sech hir dréiwen, mee a sech just eng Stéierung ze maachen fir dass d ‘Wëld sech deplacéiert. Dat mécht een an deem een an enger Rei queesch duerch z.B. de Bësch geet, Kaméidi mécht – klappen (kennt vun: mat engem Bengel ob d ‘Hecke an ob d ‘Beem klappen) an een doduerch eppes Ongewinntes mécht wat d ‘Wëld als Stéierung empfënnt an et sech dowéinst deplacéiert. Hënn hëllefen an deem selwechte Sënn. Gëtt d ‘Stéierung frei erkannt trëppelen d ‘Déiere éischter fort, gëtt se eréischt spéit erkannt, ass d ‘Chance grouss dass Déieren héich flüchteg ginn. Bei Schwäin brauch een munchmol méi Steierung, wann se eeben z.B. an de Bréimen setzen wou si sech méi sécher fillen, wéi z.B. e Réi  wat am fräie Bësch läit. D‘ANF vertrëtt d ‘Theorie dass si „lues Dréckjuegten maachen“ (dixit Marianne Jacobs, 18.11.2022 RTL (Min.: 2:29): „mir maachen haut keng Dreifjuegd, mee eng klassesch Dréckjuegd, w.e.g. ganz lues sinn, dir trëppelt lues an dir maacht net vill Kaméidi. Dir sidd do fir e bëssen weider ze beonrouegen“. (https://www.rtl.lu/news/national/a/1992523.html). (Den Auteur geet dovun aus dass d ‘Hënn och bei der Ried do souzen an déi och matkritt hunn, dass si sollen lues billen a lues lafen.) Déi Terminologie ass cocasse an et muss een déi Termen einfach emol ob Däitsch a Franséisch iwwersetzen an zeréck, da gesäit een dass dat zum engem Deel éischter linguistesch Spillereien sinn, wéi Juegdwëssen. Oder kennt dir een deen an Däitschland ob eng „Klopfjagd“ geet? Éischter net, mee a Frankräich gëtt et „Battuen“, mee déi mécht och d ‘Police wann z.B. ee Mënsch vermësst gëtt. Et ass also net Alles esou schwaarz - wäiss, mee et huet och net Alles mat Juegd ze doen.

Déi Theorie vun Dréif- an Dréck-  a Beweegungsjuegd klengt ganz interessant an z.B. den Aspekt vun den Dreiwer (well esou heeschen se och do) déi net ze schnell sinn, sécher absolut richteg ass. Iwwerdriwwenen Kaméidi vermeiden ass och sécher am Sënn vun der Saach. Wat awer bei dëser Theorie do nach interessant ass, ass den Aspekt vum Kaméidi – also vun der Akustik. Et ass a sech einfach, een deen haart schwätzt oder och heiansdo jäizt, deem seng Stëmm dréit vill méi wäit – dee gëtt also am Prinzip vill méi fréi vun den Déieren wouer geholl. D ‘Wëld huet also ob méi eng grouss Distanz zum Mënsch d ‘Méiglechkeet déi Stéierung wuer ze huelen an sech dann ze deplacéieren. Ass de Mënsch vill méi no an et huet ee just ganz lues a ganz wéineg geschwat, ass d ‘Déier méiglecherweis an enger Situatioun déi et sécher net wëllt an d ‘Chance dass dann d ‘Wëld  séier flücht ass méi héich. Et ass awer wei gesot och kloer dass ze vill Kaméidi näischt bréngt. E groussen Deel vun dëser do Theorie huet z.B. och fundamental mam Terrain ze dinn. Dat do an engem Bësch vun 3.000ha ze maachen ass sécher eppes absolut Aneres wéi a Bëscher déi méi vill méi kleng an zerstéckelt sinn. Guttland oder Éislek maachen och e groussen Ënnerscheed. 3.000ha Bësch um Stéck erlaben et awer och déi Realitéit eventuell guer net missen ze constatéieren oder ze realiséieren. Et gëtt awer vun der Säit vun der Physik (Akustik) eben och en aneren Aspekt, oder wéi de Charles gesot hätt: „Logesch denken“ - soit. Dat ass Alles ee Ganzt, mat vill Parameter, vill Aspekter an et ass wierklech net sënnvoll oder konstruktiv do elo opgrond vun engem oder zwee Parameter vu formell ënnerschiddleche Juegdmethoden ze schwätzen. Et ass net esou wéi wann de Stat dat elo géif gutt maachen an alleguer déi aner schlecht – dat ass just eng iwwerflësseg Polemik erbäiféieren. Wann een ob d ‘Juegd geet muss een dozou stoen an et soll ee net déi aner Jeeër diskreditéieren mat d ’Theorien déi ob ganz dënnem Äis stinn.

Et gëtt net Elementer déi schwaarz oder wäiss sinn, och wann dat deelweis esou duergestallt gëtt. Bewegungsjuegd ass Bewegungsjuegd, wéi och ëmmer een déi am Detail well nennen, do gëtt et vill Aspekter, Parameter a Methoden an ee vun deene gréissten dovun ass den Terrain wou déi Juegd eeben ass.

Et ass dofir och sécher falsch ze soen et kéint een am Haff Réimech guer net joen, et muss een sech just der geographescher Realitéit upassen an de Stat huet jo och alleguer d ‘Moyennen. De Stat wollt déi Juegd jo och onbedéngt hunn. Et maach sinn dass dat dann eng Juegd gëtt déi net esou einfach ass, oder vill méi Zäit an Opwand an Usproch hellt, wéi an 3.000ha zesummenhänkende Bëscher; mee dovun steet sécher näischt am Gesetz. Juegd muss net einfach sinn an et gëtt och kee gezwongen e Lous ze steeën, resp et sech einfach ze accaparéieren. Och do ass d ‘Gesetz ganz kloer.
 
Ob den 3.000ha déi de Stat bejot stinn ganz vill (100? oder méi) Podester. Dëst fir dass een de „Schoss ka begruewen“, spréch dass d ‘Kugel, well se vu schréi uewen kennt, an de Buedem geet. Do waren ganz engagéiert Fierschter déi ganz gutt Virreider, a vill Jeeër hunn dat mat deene Podester mëttlerweil och vun do kopéiert. Dat ass ee ganz wichtegen Aspekt zur Sécherheet ob deene Platzen wou dat gebraucht gëtt an deen haut och ob ville Platzen ëmgesat gëtt. Zu Rëmerschen mussen déi Podester nëmmen 2,5m, 3m oder 4m héich a verblent sinn a net 1,25 oder 1,5m wéi ob anere Platzen, dann huet een de Probleem mat der Sécherheet vum Schoss a villen Deeler vum Haff Réimech am Grëff. Dass dat eventuell aner Konsequenzen huet ass jo visiblement egal wéi mir elo wëssen, well elo geet et net méi em Juegd a nohaltegt Fleesch, mee em Destruktioun, em Vernichtung – eeben hei mat Falen. Richteg dat béist Wuert ass zwar aus dem Gesetz verschwonnen an d ‘Thematik ass verbueden ginn; d ‘Realitéit déi elo mat Steiersuen ëmgesat gëtt ass awer hoergenee déi wéi se fréier am Gesetz stoung an déi muss een eben „Destruktioun“ nennen. Eng Mausfal mécht haut nach ëmmer hoergenee dat. Mee mat esou Podester an Installatiounen a klenge Stéierungen, resp vill Usëtzjuegten, kéint ee doudsécher joen, wann een dat Anert, wat jorelaang gemaach gouf, dann einfach net well. Et muss ee méi oft goen, et geet ee méi oft fir Näischt; mee wann ee näischt mécht dann ass ee Responsabel am Sënn vum Gesetz, wat jo eng Obligatioun virgesäit. Eng Obligatioun déi hei ëmsou méi fundamental ass, well et sech hei jo em en eenzegaartegt Naturschutzgebitt handelt. Natierlech geet een mat deene Podester och net onbedéngt an d ‘Mëtt vum Naturschutzgebitt, fir net ze steieren, mee et bleift een esou wäit et geet um Bord do wou souwisou extreem vill gestéiert gëtt. Et ass jo elo Destruktioun a keng Juegd méi, also kéint deen Acteur och nuets usetzen an och déi entspriechend Technik notzen. Déi „Jokeren“ stinn alleguer ënner iergend enger Form an deenen zwee Gesetzer, si ginn just net gezunn well eppes Aneres soll provozéiert ginn, wuel wëssend dass ee fir d’ Juegd ob deem Terrain emol einfach keng Loscht huet an och ni hat.
 
Et sollt nimools do vum Stat gejot ginn, et sollt ëmmer ee Versuchslabor ginn fir ze „beweisen“ dass Falejuegd ob Schwäin geet.

All Mënsch deen ob d’ Juegd geet weess dass dat do iergendwéi geet, dat brauch een net ze beweisen. Natierlech muss een an enger Zone wou d ‘Schwäin esou vill fënnt, massiv dofir suergen dass se an déi Falen gelackelt ginn, mee och dat ass erëm e Joker vum Stat. (Do mécht jo keen eng Analyse vum Mo fir eraus ze fannen wat déi Schwäin da virdru gefriess hunn.) D ‘Mënschheet mécht dat mat de Falen, quasi säit se vum Bam erof geklommen ass. Een dee mengt et misst een dat do elo beweisen, setzt entweder technesch nach um Bam oder huet absolut keng Anung vun Fauna, Flora a Juegd. Falen setzen geet a sech ëmmer, säit Mënschegedenken, et muss just richteg gemaach ginn. De „Wuerm“ un der Angel, pardon an der Fal muss passen, et muss een eventuell also massiv fidderen, pardon köderen; mee da steet dem Succès wuel net vill am Wee. Am Westen vum Land huet dat jo am Kader vun der Bekämpfung vun der afrikanescher Schwéngspescht och fonctionéiert an dat huet keen a Fro gestallt, well do war et en Deel vun engem logesch kohärente Gesamtkonzept. Do waren d ‘Falen dee richtege Wee well et goung em eng Fro vu “Santé” an d’ Fale waren och just complementaire zur normaler Juegd. Déi normal Juegd ass jo do och massiv verstäerkt ginn. Zu Rëmerschen ass säit 3 Joer absolut keng Juegd gemaach ginn an et ass emol net probéiert ginn, an elo sollen d ‘Falen eleng genotzt ginn. Dat ass net dat Selwecht, dat ass eppes ganz Aneres, an déi legal Konstellatioun ass absolut net ze vergläichen. Et ass awer wuel de Präzedenzfall fir kennen au gré de certains, d ‘ganz Land mat Falen zouzestellen. A well d ‘Réi och am gaang ass ganz „béis“ ze ginn, wäerten si wuel déi nächst ob der Lëscht sinn, déi an d ‘Fal Därfe / kenne goen. Frei nom Réimer Ovid: „Principiis obsta - Wehret den Anfängen“.

Wat mat dëser Method awer net kompatibel ass, sinn Gesetzer, d ‘Chamber, Moral, Ethik, Éier, Deontologie, Dignitéit, Respekt virum Déier – mee dat ass deene Léit anscheinend egal, op hirem Wee gëtt et keng Wäerter a wuel och keng Gesetzer.
 
Zeréck zur Juegd well eppes Aneres wier jo gaangen an hätt absolut misse sinn ier och nëmmen un deen „nukleare“ Wee do geduecht gëtt. Een Deel vun der méiglecher Juegd ass uewen beschriwwen. Wéi gesot et ass Joerzéngten Juegd am Haff Réimech ginn a wann een dat an der Retrospektive kuckt, huet dat dem Biotop net geschuet, au Contraire, de Biotop ass jo an dëser Zäit eréischt entstanen. Déi läscht dräi Joer hunn dem Biotop wuel geschuet, wéi massiv ginn mir awer wuel ni gewuer, well all déi Associatiounen déi sech dorëms „këmmeren“, vill méi ewéi just een konventionéieren Mataarbechter hunn. Si wäerten also net an déi Hand béissen déi se fiddert, si wäerten also kaum eppes feststellen wat de „Sponsor“ net well héieren. Wéi scho gesot, Juegd ass ob de Baggerweieren opwänneg a mat vill Zäit verbonnen an dofir huet de Stat d ‘Léit net, resp dofir kommen dem Stat seng Léit och wuel net gären. Dëst wuel wëssend, dass ganz uewen an der Hierarchie ni och nëmmen u Juegd geduecht gouf, och wann de Stat déi Obligatioun selwer esou an d ‘Gesetz schreiwe gelooss huet.
 
Dee Wee vun der Juegd eleng nëmmen um Lous 620 war jo a sech och net erwaart ginn an dat ass jo och wéi gesot guer net dem Stat seng Aufgab. Et war erwaart ginn dass mat de Noper zesummen géif gejot ginn – d ‘Betounung léit ob „zesummen“ ; eng Philosophie mat deeër Verschiddener awer leider näischt ufänke kennen. Wéi och scho duergeluecht, d ‘Aussoen vum Ministère ware kloer a näischt, absolut guer näischt, schwätzt géint dee Wee. Iwwregens eng gréng Ministesch huet d ‘Falen an hirer Zäit net zougelooss, do war et da wuel awer Wëssenschaft virun Ideologie – Merci fir déi Sagesse an Éierlechkeet vun dëser Plaz.
 
De Probleem vun der Sécherheet ass ugeschwat, dee vun der Juegdmethod och, sollt een dann ganz eleng just um Lous 620 wëlle joen. En anere Probleem vun der Juegd ass anscheinend dee vum Naturschutz, spréch eng Dreifjuegd géif d ‘Natur zerstéieren. (Wann deem dann esou wier kéint / sollt / misst een also op mannst usetze goen, wat awer wuel och net gemaach gëtt.) Wann um Haff Réimech zwee- oder dräimol d ‘Joer eng oder zwou Dosen Dreiwer duerchginn ass jo awer net dovun auszegoen dass déi en irreparabelen Schued uriichten. Mir hunn net vergiess: do liewen dat ganzt Joer, all Dag, (365 Deeg, 24 Stonnen) ganz vill Wëllschwäin, déi esouguer op Platzen ginn, wou d’ Dreiwer ganz sécher net hi ginn an déi Schwäin deelweis wäit iwwer 100kg weien.

Deen Aspekt soll also wuel éischter d ‘Vullen ewéi d ‘Planzen betreffen. Also zeréck zum Biotop fir Vullen, dofir brauch ee nämlech keng 5 Joer Studium a sécher och keng 8; logesch Denken geet duer: E besaatend Nascht vun engem Bodenbrüter an ee Wëllschwäin gëtt ëmmer dat selwecht Resultat.
Bei de Villercher gëtt et awer zwee net onwichteg Aspekter: Bodenbrüter oder net, Zuchvull oder net. Et ass bekannt dass Bewegungsjuegten am Hierscht an am Wanter sinn. Also kann ee hoffentlech dovun auszegoen dass déi Vullen déi em déi Zäit am Süden sinn, am Haff Réimech och net kenne vun enger „béiser“ Juegd gestéiert ginn. Dann bauen en Deel vun de Villercher hir Näschter jo an d ‘Beem. Sollt dat also de Probleem sinn, misst een d’ Juegd a ganz Europa an a groussen Deeler vun der Welt ofschafen. Wier dat iwwregens de Problem, géif de Stat seng 3.000ha och net méi bejoen kennen, well do stinn ganz vill Beem, doudsécher mat ganz vill Näschter dran. Et misst also logescherweis just em d ‘Bodenbrüter goen, déi net Zuchvulle sinn. Speziell sinn jo awer d ‘Näschter mam Nowuess gemengt an explizitt genannt ginn – gutt, dat kann all Jeeër ënnerschreiwen, den Auteur och. Wat d ‘Schwäin mat engem Nascht mécht wat besat ass, ass bekannt, mee den Dreiwer deem ënnerstallt gëtt hi géif de Nowuess zertrëppelen, kennt wei gesot just am Hierscht oder am Wanter an dat maximal fir 2 oder 3 Passagen. (D ‘Wëllschwäin ass wéi gesot ëmmer do) Fir de Schued kennen ze ëmräissen muss een also wëssen wat fir Vullen, sinn Bodenbrüter, zeien am Wanter net an de Süden a leeën hir Eeër am Hierscht an am Wanter ob Platzen wou en Dreiwer ka passéieren (also zielen z.B. och net Näschter ob Inselen am Waasser). Firwat, ma all déi aner Vulle kenne anscheinend fléien a bréngen sech esou virun allem wat si als Gefor empfannen, doduerch a Sécherheet. (Dat ass e Verhalen wat ob der ganzer Welt esou ass) Ass d ‘Gefor laanscht, fléien si erëm bei hiert Nascht. Doriwwer misst een sech jo eens sinn.

Laut dem Site (https://www.birdingplaces.eu/de/birdingplaces/luxembourg/haff-reimech-nature-reserve) gëtt et am Haff Réimech em 260 verschidden Siichtungen vu Vullen: „Haff Réimech is Luxembourgs premium birding area: out of the 330 species observed in Luxembourg, 260 have been seen here.“ 102 Vullenarten sinn explizit ob deem Site opgezielt, den Auteur ass keen Ornitholog, mee wäert awer klären wéi vill der ënnert déi dräi uewen genannte Critèren (Bodenbrüter, keen Zuchvull a Winterbrüter) falen an dat spéider kommunizéieren. Dass en Expert (professionell oder benevole) déi Fro fräiwëlleg géif beäntwerten, dovun geet den Auteur elo net wierklech aus. D ‘Méiglechkeet dass dat net ob immens vill Aarten zoutrëfft, sollt een awer net vu vireran ausschléissen. Et kann een sech nämlech z.B. d ‘Fro stellen, wat maachen zu Lëtzebuerg déi Villercher am Wanter, déi fir hiert Iwwerliewen Insekte friessen.
Eppes wat engem awer an dëser Opzielung an d ‘A sprengt ass dass ob dëser Lescht an der éischter! Rei z.B. de Schwan steet. E sympathesche Villchen deen d ‘Miseler vläicht net onbedéngt als esou bedrot oder selten empfannen, dee minimal Spueren ob der Esplanade hannerléisst an deen och méiglecherweis kee grousse Probleem huet u Fudder ze kommen.

Den Hummer ass awer, ob dëser Lescht stinn an deenen éischten zwou Reien och d ‘Kanadagäns (Bernache du Canada - Branta canadensis) an d‘Nilgäns (Ouette d'Égypte - Alopochen aegyptiaca) – zwou invasiv Aarten. Dozou seet en EU-Reglement vun 2014: Règlement UE n°1143/2014. „L’objectif 5 de la stratégie de l’Union européenne (UE) en faveur de la biodiversité à l’horizon 2020 a pour but que les espèces exotiques envahissantes (EEE) principales soient endiguées ou éradiquées et que leurs voies d’introduction soient contrôlées d'ici 2020. Pour ce faire, l’UE s’est dotée du règlement (UE) n°1143/2014 1143/2014 relatif à la prévention et à la gestion de l’introduction et de la propagation des espèces exotiques envahissantes.  Celui-ci est entré en vigueur en 2015 et repose sur trois chapitres principaux, la prévention, la notification précoce et l’éradication rapide qui définissent tout un ensemble de mesures et d’obligations“.   (https://environnement.public.lu/fr/natur/biodiversite/plan_d_action_especes_et_habitats1/luttecontreleseee/reglement_ue_1143-2014.html).  
2025 feiere mir also 10 Joer „Schutz“ am Haff Réimech vun zwou „espèces exotiques envahissantes (EEE)“. Um Site https://neobiota.lu/branta-canadensis/ fënnt een z.B. weider: „Problems caused by Canada geese were reported in 2016 by several local authorities to the Department of Environment of MDDI, concerning several playgrounds, promenades and open air swimming pools in the Moselle area, and also from problems in a vineyard in the Schengen area.“ Et fënnt een awer och dat heiten: „Branta canadensis ... was first reported by Eugène Conrad on 19th April 1980 in the area of Stolzembourg, municipality of Putscheid ... . The first documented breeding in Luxembourg dates from 2002 from the nature conservation reserve Cornely’s Millen, near Troisvierges in the far north of the country ... “ Also geschwënn fënnefavéierzeg (45!) Joer nokucken beim Ausbreeden vun enger invasiver Aart, déi sécher net niewesächleg ass an déi sécher Konsequenzen ob eis Habitaten huet, och ob den Haff Réimech.
Do prallen an kompletter Ofwiesenheet vun Wëssenschaft, wëssenschaftlechem Bon-sens an Deontologie, eng ideologesch Galaxie ob d ‘Wëssenschaft an d ‘Realitéit – a leider wennt d ‘Ideologie. Wéi gesot eng Analyse vun deenen 102 Aarten ass amgaang. Et wäert sech erausstellen wéi vill Villercher am Hierscht an am Wanter do um Buedem bréien an mir wäerten och klären ob hir Näschter vläicht Foussbuedemheizung hunn oder awer mat Merino a Caschmere ausgekleet sinn.
 
Et muss een wuel oder iwwel, respektiv héchstwarscheinlech dovun ausgoen dass sech den Impakt vun den Dreiwer ob d ‘Näschter vun wanterlechen Bodenbrüter a Grenzen hält, dofir sollt een de Wee vun der Beweegungsjuegd mat deem Argument och net wierklech ausschléissen. Dee Wee ass  och legal sécher net auszeschléissen, do spillt also och den Artikel 55. Wéi kéint also deen evidente Wee ausgesinn? Dee Wee ass laang bekannt a net nëmmen vum Ministère ëmrass ginn. D ‘Noperen hunn sech jo méi ewéi eng Kéier, och an der Press an ob der Televisioun ganz kloer geäussert dass si gäre wéilten zesummen mam Stat déi Juegd organiséieren. Dat betrëfft déi Lousen déi direkt doru grenzen: 617, 619 a 621; mee och déi an der 2. Réi. Et hätt een also méiglecherweis 6, 7 oder 8 Lousen déi do géife matmaachen. De Präis fir d ‘Allgemengheet wier just dass een en Deel vun de Stroossen am Haff Réimech misst fir 1 oder 2 Stonne spären. Duerno wier nach e bëssen, eng strikt Limite vun 30km/h, well do jo awer nach Leit vun der Juegd zirkuléieren. D ‘Juegd géif am Haff Réimech ugoen fir sech dann erop an d ‘Häng auszedeenen. Domat géif een probéieren d ‘Wëllschwäin dozou ze kréien sech aus dem Schutz vum Haff Réimech an d ‘Wéngerten an och an d ‘Bëscher ze deplacéieren, wat se jo esou wéisou maachen wann d ‘Drauwen oder Buchecker an Eechelen do sinn. Do kéint ee Linnen opstellen fir dann dee néidegen Zougrëff ze maachen – et geet jo em eng Reduktioun. Dat géif erlaben méi sécher a méi effikass Linnen opzestellen, resp mat der néideger Distanz och eng 2. Linn kennen opzestellen. Och d‘Fernwiesselen kéint een esou bejoen. Dat ass Juegd a keng Destruktioun a wier dat déi läscht 3 Joer gemaach ginn, wier elo kee Probleem. Dat ass och dat wat d ’Chamber wollt hunn wei se dat Gesetz gestemmt huet.

Nodeems d ‘Dreiwer den Haff Réimech gemaach hätten, géif een och an de Nopeschlouse mat den Dreiwer weiderfueren fir déi Gesamtfläch effikass kennen ze bejoen.

Ass d ‘Alternativ dozou, Falen opstellen? Dofir suergen dass d ‘Wëllschwäin an déi Fale ginn, se do afänken an iergendwann dann se dohin „ofknalle“ goen?

D ‘Wëld vun der Juegd ass apte à la consommation, d ‘Wëld aus der Fal, wat voll vu Stress an Adrenalin ass, kennt an d ‘Poubelle – ass dat nohalteg?

Et muss een net Alles vun der Juegd kennen, fir ze wëssen wat dee bessere Wee ass, mee et däerf een awer och kee gestéiert Verhältnis zur Juegd hunn an op deem Altor Alles afferen.
 
Hei also nach en Appell un de Minister, déi Falen ab dato net méi ze notzen, mee séier de Kontakt mat de Jeeër ze sichen, fir nach des Saison dëse Wee ze goen deen ënnert all Aspekt dee besseren ass, wéi heemlech Falen opzestellen, vläicht well am Fong een eleng dat esou well hunn. Falls de Stat keng Lokalitéiten zur Verfügung hätt, sinn ech sécher dass d ‘FSHCL an hire President hire Siège ganz gären zur Verfügung stellen, fir dass eeben d ‘Piechter vun deenen betraffene Lousen an de Stat sech kenne zäitno gesinn dass een dee nuklearen an oneethesche Wee do verloossen kann. Falls den Auteur als Modérateur oder Mediateur gebraucht gëtt, steet hien och zur Verfügung. Bis Enn Januar kéint een deen Exercice vläicht esouguer zweemol maachen an et hätt een Erfarung gewonnen wat een um Terrain eventuell verbessere kann, fir an der Saison 2025-2026 méi sécher a méi effikass ze sinn. Dat sollt een 2 Saison maachen an dann e klenge Bilan zéien, wéi bei de plans de tir och. Déi sinn esouguer ob 3 Joer ausgeluecht, well Juegd eeben vu ville Facteuren ofhänkt.

Et ass dovun auszegoen dass et elo nei Aspekter gëtt, oder dass Fakten och nach eng zweet Säit hunn, déi net all Acteur bekannt waren, well et jo fir Een eng Agenda gëtt. Mäin Appell un de Minister dee Wee vum Massaker an de Falen ze verloossen an dat Anert éierlech an effikass ze probéieren fir eréischt duerno méi wäit ze goen, sollt d’ Juegd da net gehollef hunn. Och hei gëllt awer wuel sécher och erëm dass, dem Minister bestëmmt net all Aspekter bekannt sinn an dass hien des Decisioun wuel net en Presence vun engem kompletten Dossier geholl huet.
 
Fazit.
D ‘Juegdgesetz gesäit vir dass d ‘Juegd der d‘utilité publique ënnerläit, an dass e Lous muss bejot, Juegd muss also gemaach ginn. Dofir gëtt et och plans de tir minima a sollten déi net vum Piechter ëmgesat ginn, mécht de Stat chasses administratives.

Zu Rëmerschen ass et no Joerzéngten Juegd, virun 3 Joer zu engem abrupten Enn komm an elo gesäit een d ’Konsequenzen.

Fale setzen ass dee falsche Wee, Här Minister, kommt mir loossen dat zesummen besser maachen.

T. Gillen