Benevolat
Léif Regierung, léif national a kommunal Politiker,
Et ass bestëmmt en allgemengen, Partei an Ideologie iwwergräifenden Konsens, dass de Benevolat extreem wichteg ass an enorm vill Facetten huet déi fir d’Zesummeliewen an der Gesellschaft fundamental sinn.
E groussen Deel vun deem Benevolat spillt sech an asbl ’en am Jugendberäich of, wou et nieft dem Ziel/Zweck vum Club, och em Zesummeliewen an Zesummenhalt geet.
Dëst geet iwwert vill Beräicher vu Sport, Kultur bis zu klasseschen Jugendorganisatiounen wei z.B. d’Scouten.
Alleguer déi Associatiounen sinn duerch hier benevole Strukturen op Léit ugewisen déi sech extrem investéieren (déi ginn ëmmer méi rare), déi Kompetenze hunn, déi a Formatioune ginn, déi eng Passioun hunn, déi Responsabilitéit iwwerhuelen, déi deelweis ganz, ganz vill Zäit investéieren; Alles fir dass déi Strukture och am Interêt vun der Allgemengheet kenne funktionéieren.
Verschidde vun deene Strukture besetzen hiert Clublokal selwer an hunn domat eng weider Responsabilitéit, eng Geschicht, en Engagement an e Kader fir hier Aktivitéit. Beim Theater- oder Fussballclub ass dat sécher méi schwéier, mee aner Gruppen sinn houfreg dass hiert Lokal, scho vläicht säit Joerzéngten, hinne gehéiert.
D’Gemengen an haaptsächlech de Stat ënnerstëtzen d‘asbl’en dobäi och enorm vill, well déi Organisatiounen e Fundament vun der Gesellschaft sinn. En plus kennt dobäi dass déi ëffentlech Hand mat deem System finanziell sécher besser ewech kennt, wei wann si et géif selwer maachen.
De Stat huet och dofir eng Verwaltung geschaaft déi sech em d’Jugend an hier Strukturen këmmert. Si ass (am Prinzip) do fir ze hëllefen an ze ënnerstëtzen. Hier Aufgab ass sécher net ze kucken selwer Acteur/Konkurrent ze ginn, a scho guer net sech ze substituéieren/verdrängen oder nach just no hiren eegenen Interêten/Synergien ze kucken.
Dee Service huet am Ufank och ganz excellent funktionéiert, fir d‘Associatiounen alleguer ganz vill am Sënn vun de Scouten, eben ëmmer hëllefen, fir déi Aner do sinn, ëmmer eng B.A. (bonne action) maachen an an der zweeter Rei stoen.
Haut ass dat leider net méi esou, haut ass et a sech deelweis bal genau de contraire. D'Verwaltung geet ganz aggressiv ob e Wee fir de Benevolat duerch Assistanat ze ersetzen. Da sinn si net méi mam „Bierger“ um Terrain „gehäit“ an et kann een sech selwer esou duerstellen wéi een et wëllt, well et gëtt da jo keng aner Positioun méi. En plus gëtt et da keng gewielte Comitéë méi op déi ee kéint misse lauschteren. Ass d’« Konkurrenz » fort, gëtt et just nach subalterne Mataarbechter, a Leit déi « linientreu » sinn. Déi Éischt sinn jo dann ugestallt an da gëtt et keng Meenung méi, da gëtt et just nach d’Positioun vum « Chef ».
Et ass eng Maschinerie entstanen wou haut, z.B. iwwer 20 Milliounen € u Paien bezuelt ginn, wéi soll sech dogéint eng asbl mat Benevollen nach opstellen, oder iwwerhaapt existéieren. Gëtt der ultimer Autoritéit an all deene Strukturen net gehuldegt, steet ee séier op der « Lescht » entweder fir ze verschwanne (keng Hëllef méi) oder falls et eng interessant Trophee ass, gëtt se « iwwerholl », esou oder esou.
Dass de « Chef » selwer an engem iwwergeuerdente Comité vun enger asbl ass, déi vill ënnerstëtzt gëtt, ass anscheinend moralesch kee Probleem. Dat ass a sech awer och „koherent“, ouni eege Moral oder Deontologie, huet ee mat esou Saache kee Probleem. Wéinst Kritik verléisst deen dann awer de Comité, fir direkt als « Consultant » erëm ze kommen – a sech jo nach schlëmmer wéi virdrun, mee méi pervers ass bestëmmt awer nach ëmmer méiglech. D’Revanche kennt da natierlech awer och fir d’Kritiker. Esou e Fall gehéiert a sech awer wuel éischter op e Geriicht wéi an dësen Artikel. Et sollt och elo kee mengen den Auteur wier deen Eenzegen deen dat esou géif gesinn, respektiv deem dem « Chef » seng Methoden en Dar am Aa sinn.
Aktuell gëtt ee Site finanziell „ruinéiert“ an deem dass e ganz systematesch net méi weider ënnerstëtzt gëtt, wéinst engem Daach deen am Covid net hätt dierfe méi deier ginn, wuel fir dass de Site um Enn kann „iwwerholl“ ginn. (Holz z.B. wier am, a nom Covid net méi deier ginn – honnis soit qui mal y pense) An enger perfekter Absurditéit gëtt formell nach ëmmer un engem Devis vun 2020 festgehalen, viru Corona, Kris a Krich. Geet et schif da wier de « Chef » vun der Verwaltung de vermeintleche « Retter » a huet nach e Site weider ; 70 Joer Benevolat sinn deene Léit egal, do zielt just den eegenen Ego. Méi Site, méi Muecht; méi Site, méi Personal ; méi Infrastruktur (Site & Personal), méi Budget a méi Budget méi Muecht. En Däiwelskrees vun der Zerstéierung vum Benevolat.
Dat geet esou wäit dass Kräften dofir eng aner Associatiounen/Fondatioun massivst ënner Drock setzen, fir dass si net mat finanzieller Hëllef als Ersatz däerf ansprangen. Den Terme « pervers » war also leider sécher passend. Do si Mataarbechter vun de staatleche Strukturen a Comitéen vun asbl’en déi ënnerstëtzt ginn, an déi sinn méi ewéi 40 Stonnen d’Woch « weisungsbedingt ».
An deem Service sollen d’Paien a 5 Joer nach em 25 % op 25 Milliounen € klammen.
Léif Politiker dir sidd am Gang e Monster ze schaffen dat Alles op sengem Wee Alles wäert verschléngen. E neie Projet : 31,5 Milliounen € fir en existenten Site ze renovéieren an ze vergréisseren - fir e Site deen am Gebrauch ass, keng Ruine. Een anere Site virun 10 Joer fir iwwer 20 Milliounen € ëmgebaut a renovéiert. Trotzdeem virun e puer Joer nach iwwert 4 Milliounen dra gestach. De « Chef », vill Kapen, all d’Kapen?, vill Titelen, enorm vill Muecht, mécht ronderëm sech « verbrannte Erde » - mat ganz vill Geld - Steiersuen. Net Alles soll „Panem et circenses“ sinn.
Léif Politiker maach aus deem staatleche Monster w.e.g. erëm déi dräi Entitéiten em déi et geet : allgemeng Uleiesse ronderëm d'Jugendaarbecht, déi staatlech Jugendstrukturen mat hire Siten an e Service dee sech em d'Uleiesse vun den onofhängege (oder konventionéieren) Jugend-Asbl'e këmmert. Gidd w.e.g. net engem Eenzelen eleng all d’Muecht déi um Enn eng destruktiv Eegendynamik kritt – oder schonn huet. Trennt w.e.g. déi dräi Aspekter esou dass et net méi méiglech ass mat där enger Kap eng Struktur erhéngeren ze loossen, fir se mat enger anerer Kap dann ze iwwerhuelen fir um Schluss d’Kap vum « Retter » unzedoen. A frot iech wéi et ka sinn dass no 70 Joer an 2 Vergréisserungen ouni Probleemer, deen aktuelle Projet no 3 gudde Phasen op eemol an där 4. zum Schluss bei e puer honnertdausend Euro soll « fuerchtbar schlecht » geréiert sinn. Wollt do net vläicht een sech e quasi um Enn e renovéierte Site einfach ënnert de Nol rappen ? (Mam Wëssen wat en duerch seng Memberschaft am ieweschte Gremium huet!)
Wann dir wierklech hannert dem Benevolat stitt da maacht dir w.e.g. deem monopolisteschen Verhalen do en Enn a suergt dofir dass op mannst Drëtter déi wëllen hëllefen, och « däerfen » hëllefen, wann de Chef dat schonn um direkte Wee mat aller Gewalt verhënnert.
Hëlleft w.e.g. dem Daach, dass e fäerdeg gëtt an hëlleft w.e.g. dem Benevolat an deems dir dofir suergt dass an deem Service d’Muecht erëm gedeelt gëtt, erëm Scoutsgeescht anzitt a net en alles beherrschenden Despot.
Den Auteur ass sech bewosst dass dat hei wuel eng laang, villschichteg an onendlech Vendetta wäert mat sech bréngen, well déi Léit do an hier placéiert Kolleegen fest gleewen hire Wee wär deen eenzeg richtegen, hier Seelschafte wieren helleg an hier Interêten wieren déi eenzeg legitim. Mee e gleeft awer och dass et hoffentlech misst klappen fir him op mannst des Trophee nach aus de Hand ze huelen, et ass nach net ze spéit.