Gemeng Hesper proposéiert Léisunge géint de Verkéierschaos
Vum 2. Januar u ginn d'Stroossen zu Fenteng an Alzeng nei beschëldert. Nei Sens-Interditen an temporär Stroosseblockade ginn opgestallt.
Eng Ëmgoungsstrooss, déi haut méi wéi iwwerfälleg ass. D'Verkéierssituatioun géif ëmmer schlëmmer ginn, bekloe sech d'Awunner an och d'Gemengeresponsabel. En Dënschdeg den Owend hu si op eng Biergerversammlung invitéiert, fir iwwer méiglech Léisungen am Kontext vun der Verkéierssituatioun ze diskutéieren.
Séier an effikass Mesurë ginn an der Gemeng Hesper gesicht fir den Trafic-Chaos ënnert Kontroll ze kréien. Op der Biergerversammlung goufen nei Initiative presentéiert, déi hëllefe sollen den Transitverkéier aus de Wunnquartieren eraus ze kréien. An enger éischter Phase sollen ab dem 2. Januar d'Stroossen zu Fenteng an Alzeng nei beschëldert ginn. Nei Sens-Interditen an temporär Stroosseblockade ginn och opgestallt. Am Dag fueren tëscht 11 a 17.000 Gefierer duerch d'Gemeng. An engem zweeter Phase sollen och den Houwald, Izeg a Hesper selwer nei beschëldert ginn.
Et schéngt, wéi wann et och Neies am Dossier Contournement géif ginn. Wéi mer en Dënschdeg gewuer gi sinn, huet d'Gemeng Hesper e Mëttwoch de Moie fréi Rendezvous beim Infrastrukturminister François Bausch. Hei géif een dann eng weider Variant vum Hesper Contournement virgestallt kréien. Nämlech d'Variant "Tunnel". Wat et mat där op sech huet, dat konnt de Buergermeeschter vun Hesper bis ewell net soen. E Mëttwoch wäert een awer do warscheinlech Neies gewuer ginn.
Hesper Contournement - a never ending story?
5 Variante fir den Hesper Contournement goufe bis ewell virgestallt. Alleguer behale se als Départ de rond point uewen um Houwald um Enn vun der Rue des Scillas, aus deem eng Kräizung soll ginn. Den Ausgangspunkt vun der Ëmgoungsstrooss läit op der aktueller Kräizung Sortie Alzeng, wou et eriwwer op Haassel geet. Dertëscht ginn et Variatiounen... mat sensibele Punkten. Zum Beispill enger Natura 2000 Schutzzon.
François Bausch, Infrastruktur Minister (Juni 2019):"Eng europäesch Vulleschutz-Zon ass betraff, wat wierklech problematesch ass. Mir si jo awer all, wéi ech héiere lénks a riets, sensibiliséiert, datt mer Aarteschutz solle seriö huelen. Also kann ech hei net egalwat decidéieren."
Fir hei iwwerhaapt dierfen ze bauen, ass een op den OK vu Bréissel ugewisen. Et muss nogewise ginn, dass et sech ëm e Projet d'intérêt public handelt, zu deem et keng valabel Alternative ginn.
Eng weider Variant vum Contournement kéint wéinst de Proprietéitsverhältnisser zu jorelaange Prozedure féieren. Ma ier eng Decisioun ka geholl ginn, mussen d'Bierger an enger ëffentlecher Consultatioun gefrot ginn. Déi waarde just drop, datt eppes geschitt. Am Juni 2019 huet sech de Facebook-Grupp fir en Hesper/Alzenger Contournement zesummegedoen, deen haut bal 2.000 Memberen zielt.
Fabienne Even (Juni 2019):"Et gëtt quasi keng Zäit am Dag, wou dat hei nach Duerf-Trafic ass. Dat ass Stad."
Jee no Etüde fueren tëscht 11.000 a 17.000 Gefierer den Dag duerch d'Gemeng. Mat als Konsequenz, dass d'Gaasperecher Strooss der héchster Stéckstoffoxid-Belaaschtung am Land ausgesat ass. Eng Situatioun, déi och fir d'Hesper Gemengeresponsabel net acceptabel ass.
Marc Lies, Buergermeeschter vun Hesper (Juni 2019):"Et ass Handlungsbedarf erfuerdert an dee wäerte mer och an den nächste Wochen a Méint vläicht mat méi enger grousser Vehemenz mussen afuerderen."