Livestream géint 18 AuerPressekonferenz mam Premier Luc Frieden no der éischter Tripartite-Ronn am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
No enger Rei Preparatiounsreuniounen tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften, ass um Dënschdeg déi éischt Tripartite-Ronn zu Senneng.

D'Sozialpartner wëlle Mesuren decidéieren, fir op den Impakt vum Iran-Krich ze reagéieren. D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB huet e Pak mat Fuerderungen ausgeschafft. E wichtege Volet ass d'Protegéiere vun Aarbechtsplazen an e speziellen Investitiounsfong vu 7 Milliarden Euro, mat deem virun allem bezuelbar Wunnengen an d'Energietransitioun solle finanzéiert ginn.

D'Patronat huet an engem Communiqué no de Preparatiounsreuniounen drop higewisen, dass et staark Mesure bréicht, fir kompetitiv Betriber och an der aktueller konjunktureller Kris ze stäerken.

Lancement de la Tripartite face à la crise conjoncturelle : l’UEL appelle à des mesures fortes en faveur de la compétitivité des entreprises — Union des Entreprises Luxembourgeoises

De Premier Luc Frieden hat am Virfeld scho relativ frei annoncéiert, dass den Index net zur Diskussioun stoe géif.

Luc Frieden iwwert Tripartite-Agenda: "Den Index ass a Stee gemeesselt"

Op RTL kënnt dir den Owend och déi éischt Conclusioune vun den Diskussiounen am Livestream suivéieren. D’Pressekonferenz mam Premier Luc Frieden gëtt géint 18 Auer op rtl.lu gestreamt.

Back to Top
CIM LOGO