D'Carte blanche vum Elise SchmitPISA-Rosereien

Elise Schmit
D’Resultater vun der PISA-Etude schlëmm fannen, awer selwer hëllefen, de Buchmarché futti ze maachen – dat passt net beieneen, fënnt d’Elise Schmit.
© RTL

D'Carte blanche vum Elise Schmit: PISA-Rosereien

D'lescht sot ech zu enger Librairin, et kéime sécher vill Jonker hir Schoullektüre bei si kafen, dat géif hir bestëmmt hëllefen, sech iwwer Waasser ze halen. Nee, leider net, sot si, vill Jonk krite vun hire Proffe gesot, se sollten d'Bicher op Amazon bestellen, dat wär méi praktesch a méi bëlleg.

Esou eng Abscheilechkeet wollt ech natierlech net gleewen an hu mech dofir a menge Bekanntekrees ëmfrot. An do héieren ech: Dach, dach, dat maachen der relativ vill.

A lo kommen ech net méi no. Léif Proffen, firwat maacht dir dat? An Elteren a Jonker: Firwat maacht dir dat mat? Firwat bestellt iwwerhaapt iergendeen e Buch, dat bannent e puer Deeg liwwerbar ass, net an engem Bicherbuttek, vun eventuellen Urgencen, déi et wuel ka ginn, emol ofgesinn?

Ech erklären elo hei net am Eenzelen d'Virdeeler vu Librairië par rapport zu enger nihilistescher Ausbeutungsmaschinn wéi Amazon. Dir kennt déi, dofir just sou vill: Wa mer duerch de PISA-Test gewuer ginn, dass déi Jonk ëmmer manner gutt liesen, dann täusche mer eis jo hoffentlech net iwwer de Rescht vun de Leit. D'Buch als Kulturgutt huet an de leschten zwanzeg Joer dramatesch u Stellewäert verluer. Mir liese manner, well mer permanent op den Handy kucken; dat geet mir iwwregens net anescht wéi Iech.

Dass d'Bicherbutteker struewelen, ass op eng Manéier schlëmm, déi net mat wirtschaftlechen Iwwerleeungen ze dinn huet. Wann d'Buch als physeschen Objet am ëffentleche Raum bis net méi visibel ass, dann ass et séier och net méi derwäert, iwwer Bicher ze schwätzen, Bicher ze liesen, iwwerhaapt nach a Rou iergendeppes ze liesen an da geet et mam Nodenken a mam kritesche Geescht ganz rapid iwwer de Jordan.

Wat ass also dee Virdeel, dee rechtfäerdegt, d'Bicherbutteker net ze ënnerstëtzen? Dach sécher net déi, soe mer mol, maximal annerhallwen Euro, déi ee spuert.(i) A wann et d'Suen net sinn, wéi eng Bequeemlechkeet? Et kann ee beim Bicherbuttek iwwer Mail bestellen a kritt d'Këscht an d'Schoul geliwwert. Et muss ee vläicht e puer Deeg éischter u sinn. Leit a Bicherbutteker maache vläicht och heiansdo e Feeler, well se keng Robotere sinn an net wéinst all Dommheet direkt gekënnegt kréien. Ech fannen dat éischter vu Virdeel.

Déi Leit, déi wëssen, dass Liese wichteg ass, musse mam gudde Beispill virgoen, do féiert kee Wee dolaanscht, well et kënnt keen aneren, deen d'Buch an d'Liese rette wäert. A jo, och d'Medie gehéieren dozou, deene lo vläicht mol opfält, dass se zanter Joren d'Gespréich iwwer Bicher ëmmer méi wäit erofschrauwen, Buchkriticken duerch Interviews ersetzen (also Nodenken duerch Gelabers), a lo de Fanger an de Mond stiechen, well op eemol och kee méi eng Zeitung ka liesen.

*D’Elise Schmit ass Schrëftstellerin. Vun 2012-2020 huet si an zwee Lycéeën an der Stad Schoul gehalen.

(i) Jonker, déi sech d’Schoulmaterial net kënne leeschten, kënnen an der Schoul finanziell Hëllef kréien an déi meescht Bicherbutteker ginn de Proffe Prozenter, wa se fir déi ganz Klass bestellen.

Back to Top
CIM LOGO