
Nee ech sinn net vu Greenpeace kaaft ginn, fir hei ze soen, datt d'Temperaturen aus de leschte Wochen an Deeg aussergewéinlech waren. Et ass een einfache wëssenschaftleche Fakt. Fakt ass och, datt et net just bei dëser Canicule wäert bleiwen. Europa ass nämlech dee Kontinent, deen sech den Ament am séiersten an iwwer dem weltwäiten Duerchschnëtt erhëtzt. Dat huet och den Europäesche Wiederdéngscht Copernicus an engem Rapport festgehalen. Déi politesch Decideure wieren deemno gutt beroden, déi néideg Conclusiounen aus dëser Afenhëtzt ze zéien.
Et geet net drëm, déi rezentst extrem waarm Deeg “propagandistesch opzebauschen”, esou wéi eis dat an de leschten Deeg deels virgehäit gëtt. Nee, se sollen als ee Warnzeeche gesi ginn, well genuch Beispiller weisen: Lëtzebuerg verdréit d'Hëtzt net.
Hei am Land falen Zich zum Beispill aus, am Ausland si Stéit deels ouni Stroum, Stroosse baschten op, an Urgencen an de Spideeler sinn un der Limitt . Elo kann ee soen: “Dat si jo och exzeptionell Ëmstänn”. Jo, mee wann dat Aussergewéinlecht ëmmer méi gewéinlech gëtt, da mussen eis Infrastrukturen adaptéiert ginn. Vun de wirtschaftleche Käschten net ze schwätzen...
Sou ee richtegen “plan canicule” gëtt ëmmer ernimmt, mee huet ee vun Uewen net wierklech gesinn. Och bei eis an der Redaktioun hunn eis all Dag Communiquéë vun allerhand Ministèrë mat gutt gemengte Rotschléi erreecht. Evenementer dobausse sollt ee jee no Situatioun ofsoen, op de Chantiere kéint een éischter ufänken, oder d'Kanner dierften deemno wéi doheem bleiwen. “Alles kann, nichts muss”. Méi Reaktioun, wéi Antizipatioun, a jidderee kann e bësse maache wéi e wëll a wéi e Loscht huet... de gesonde Mënscheverstand soll priméieren.
Datt dat Ganzt och richteg geféierlech ka ginn, huet dat tragescht Beispill vun engem Sans-Abris gewisen, deen an der Canicule säi Liewen huet misse loossen. Déi extrem Hëtzt ass iwweregens déi déidlechst Form vun extreme Wieder-Phenomener, a genee hei misst méi ugesat ginn.
Wann et nämlech drëm geet, déi Ufällegst an eiser Gesellschaft virun dëse Wieder-Phenomener ze schützen, déi jo ëmmer méi heefeg wäerten optrieden, huet Lëtzebuerg nach vill Loft no uewen. Wéi mir vun Nolauschterer gewuer goufen, waren iwwer de Weekend a Spidolszëmmeren an an Altersheemer deels Temperature vun iwwer 38 Grad gemooss ginn. Wann also déi Vulnerabelst an dëse Konditioune behandelt ginn an och d'Fleegepersonal net méi weider weess, da musse mir eis dach ganz eescht Froe stellen an eis hannerfroen, ob mir de Mënscheverstand net awer iwwerschätzen.
Et brauch eng méi harmoniséiert Strategie, mat vereenheetlechte Reegelen, wou konkret Ofleef virgesi sinn. Och muss den Impakt vun extremer Hëtzt méi explizitt an Infrastruktur-Investitioune virgesi sinn. Alles dat fuerderen och schonn eng Rei Acteuren um Terrain.
D'Regierung huet sech jo bekannterweis eng national Resilienz-Strategie ginn. Am Resilienzplang, engem Dokument vu 44 Säiten, fält d'Wuert “Hëtzt” genee 2 Mol, an dat a relativ vage formuléierte Sätz. Esou ass rieds vun enger “Anpassungsstrategie an die Auswirkungen des Klimawandels”. Abee, et wier ze hoffen, datt dës Zeilen net just waarm – iwwerhëtzten - Loft sinn.