Commentaire vum Annick GoerensWou steet de Gold-Iesel?

Annick Goerens
D'Regierung ass an der Halbzeit. Déi nächst Wale sinn am Oktober 2028. Wat liwwert d'Regierung Bettel-Frieden elo nach? Dat freet sech d'Annick Goerens a sengem Commentaire
© RTL

Zwee an een halleft Joer. Et gëtt also nach masseg Zäit, fir eppes ëmzerappen, Akzenter ze setzen. An dësem Land ginn et genuch Chantieren, also kee Grond ze niksen. Jo “niksen” dat ass een anert Wuert fir ze soen “faulenzen”, wat mer zanter leschtem November iergendwéi extrem gutt gefält.* Jee... de Luc Frieden hat sech bei eis am Neijoerschinterview zwar drop gefreet, elo kéime méi einfach Dossieren op d’Regierung duer. Mee do hat hie wuel eis Logementskrise vergiess an den déiwe Gruef tëscht dem Privatsecteur an dem ëffentlechen Déngscht. Guer net ze schwätze vum internationale CHAOS. Et kann een et jo net anescht soen. Och wann zu dem Zäitpunkt, wou den Interview opgeholl gouf, den Trump nach net mat der amerikanescher Arméi zu Caracas intervenéiert ass an hire President Maduro festgeholl huet. Iwwregens froe sech vill Amerikaner, wéini endlech een hinnen de Gefale mécht. Jee...

Commentaire vum Annick Goerens

Effektiv goufe bis elo schonn eng Rei grouss strukturell Reforme gestëmmt. Mee ëmgesat sinn déi nach laang net. Dat risegt Lach, wat sou lues a lues an eise Pensiounskeesen entsteet, krut alt nees eng kleng Plooschter drop. Mee wéi een déi Reform elo soll ëmsetzen, dat suergt bei der Pensiounskeess CNAP nawell fir Kappzerbrieches. De Marc Baum vun déi Lénk hat am Virfeld kritiséiert, dass Texter schlecht geschriwwe sinn. Mee dat ass keen Eenzelfall. De Staatsrot verléiert extrem vill Zäit mat schlecht geschriwwenen Texter.

Ech froe mech, wéi dat ka sinn? Dat sinn héich bezuelt Beamten a Juristen. Wéi kann do d’Qualitéit net passen? Jee ... dat wier e Chantier fir den CSV-Minister Wilmes: richteg Evaluatioune beim Staat. Performance ass wichteg a grad, wann d’Leit déck Paie kréien. Da muss een och liwweren. Am Privatsecteur Gang und gebe... mee ëmmer wann et am Staat net klappt, gëtt outgesourcet. D’Big Four soe Merci. Et feelt u Courage, fir dat op de Leescht ze huelen an ech gesinn och net e Serge Wilmes dat maachen.

Eriwwer bei zwee Gesetzprojeten iwwer d’Sonndesaarbecht an d’Flexibilitéit vun den Ëffnungszäiten, déi jo just mat de Stëmme vun der Majoritéit duerch d’Parlament geknuppt goufen. Eng Diskussioun war net gewollt.

D’Steierreform, och e GANZ grousse Chantier op dee laang gewaart gouf. Déi versprécht elo (bal) all Mënsch méi Netto vum Brutto. Och hei huet de Courage gefeelt, méi wäit ze goen: nämlech fir de Spëtzesteiersaz an d’Verméigenssteier an d’Luucht ze setzen an donieft d’Kapital méi ze besteieren an d’Aarbecht manner. Fir fair ze sinn, muss een awer soen, de Finanzminister Roth hätt sech eventuell getraut, mee d’DP stoung do d’Messeren ze wetzen. De Koalitiounsprogramm oblige. Awer just do, wou et engem an de Krom passt.

Mir ginn also méi Suen aus fir d’Defense, fir Soziales, fir Dosenden nei Konsulater an Ambassaden am Ausland, fir d’Salairen an d’Pensioune vun eise Staatsbeamten ... ma mech géing intresséieren, a wiem sengem Stall de Goldiesel vun der Regierung geparkt ass an ob deen och nach Suen iwwreg huet, fir eise Gesondheetssecteur ze stäerken a fir d’Logementskrisen ze léisen? D’Finanze vun der CNS sinn alles anescht wéi roseg. An de Konflikt mat den Dokteren ass nach laang net aus der Welt geschaaft. Vum Logement fänken ech elo guer net un ze schwätzen, dat sprengt komplett dëse Kader.

Kritik ass awer och bei der Oppositioun ze sichen, notamment wéi mer aus der Partei héieren hunn, bei verschiddene Sozialisten. Firwat héiert een näischt vun den Ex-Ministere Franz Fayot, Claude Haagen a Paulette Lenert? Amplaz d’Bengele bei d’Tromm ze geheien, musse si mat hirer Erfarung déi richteg Froe stellen, Äntwerte fuerderen, Presenz weisen. An net dohin dümpelen, bis déi nächst Wale sinn.

*Den Numm vum Ex-President vun der FSFL, den N. dierf een net méi nennen. RTL geet juristesch géint d’Urteel vir.

Back to Top
CIM LOGO