
Hei zu Lëtzebuerg hu mir dräi offiziell Sproochen. An deenen dräi Sprooche kann een de Kanner Schwätzen, Liesen a Schreiwe bäibréngen an doriwwer eraus och all akadeemesch Inhalter. Wichteg ass virun allem, vu wéini un a wéi dat geschitt. Do muss een sech natierlech um Entwécklungsniveau vun der Kannerpopulatioun orientéieren, awer och un de Spezifizitéiten a potenzielle Schwieregkeete vun all Sprooch. Grad am Verglach oder iwwer Kontrastéieren vun de linguisteschen Eegenaarte vun NET-„Mammesproochen“ mat der sougenannter „Mammesprooch“ oder och der heefegster Gebrauchssprooch fält op, wourop ee muss beim Apprentissage vun enger neier oder weiderer Sprooch besonnesche Wäert leeën. Dat betrëfft am Mëndlechen (Lautsprooch) de Sazbau, d’Deklinatioun an d‘Konjugatioun mat de jeeweilege morpholo-gesche Verännerunge vun de Wieder am Saz. Déi prosodesch Merkmaler, duerch déi sech och d’Betounung oder Akzentsetzung vu Wieder mat méi Silben, awer och déi ganz Sazmelodie vu Sprooch zu Sprooch ënnerscheet, muss vun Ufank u berückséchtegt ginn. Schonns Puppelcher bréngen et fäerdeg, doriwwer Sprooche vuneneen ze ënnerscheeden. Vun Ufank un stinn d’Bezuchspersounen an de Puppelchen an engem Dialog. Schued, datt déi dialogesch Approche beim Erléiere vun Zweet- a Friemsproochen an eise Klassen net besser genotzt gëtt. Dialogformen aus dem Alldag kënnen immens motivéieren, fir eng Sprooch wëllen ze beherrschen.
Wat elo d’ Schrëftsprooch ubelaangt, déi normalerweis op der Lautsprooch opbaut, spillt d’Orthografie eng Roll a bereet ville Kanner zumindest iwwer déi éischt Jore multipel Problemer, virun allem wann d’Erléiere vun der Schrëftsprooch just iwwer d’Feeler bewäert gëtt. Leider dierfen d’Kanner an deene wéinegste Sproochen d’Wieder esou schreiwen, wéi si se héieren oder fir sech am Mond, haart oder lues, no- oder virschwätzen. Dat, wat si richteg schreiwe wëllen, muss beim éischte Schreiweléieren ginn d‘Lautfolgen (Phonemsequenzen) vun enger geschwatenet Sprooch an d’Buschtawesprooch (Graphemsequenzen) ëmgesat. Beim Erliesen oder Liesen geschitt de Konträr; hei gi geliese Buschtawefolgen, Silben oder Wieder lues oder haart artikuléiert, also ausgeschwat. Beim geüübte Lieser fält deen Ëmsetzungsprozess (Kodéieren a Rekodéieren) natierlech net méi op; dat wier och immens ineffizient, well d’Konzentratioun soll um Inhalt vun Texter leien an net op der Form. Dat systematescht Üben a Eropsetze vun der Liesvitesse fërdert no an no d‘Liesverständnis!
Liesufänger a Kanner mat sougenannter Legasthenie kréie vum Inhalt oft net vill mat, well se Schwieregkeete mat der formaler Säit vun der Sprooch hunn. Däitschsproocheg Kanner doen sech zum Beispill schwéier mat der Aussprooch vu franséischen Nasalvokaler („en/t“, „an/t“, „on/t“, „un/t“, „in/t“, „ein/t“, …). Kanner mat Lëtzebuergesch als „Mammesprooch“ hunn éischter Schwieregkeete mat der franséischer Grammatik (z.B. Accorde vum Participe passé am Saz) a mat der Orthografie. Déi néideg morphologesch Verännerungen oder Endungen héiert een am Franséischen meeschtens net. Awer och am Däitschen héiert een z.B. an der Endsilb een „t“ (stëmmlose Plosiv), muss awer een „d“ schreiwen. D’ Phonem-Graphem-Korrespondenz schéngt am Däitschen awer méi einfach ze sinn, wéi am Franséischen: do gi Phonemer duerch ënnerschiddlech Graphemgruppen representéiert (z.B. feuille, accueil, deuil). Dat muss ee wierklech léieren, an duerfir brauch een déi passend methodesch-didaktesch Approche wéi och genuch Léierzäit. Mat der spezifescher Komplexitéit vun deene verschiddene Schrëftsproochen op verschiddene linguisteschen Niveauen hu prinzipiell all Kanner hir Méi.
Ëmsou méi schwiereg ass et fir Kanner, déi wéinst der ineffizienter der zentraler Veraarbechtung (am Gehier) den auditiven, visuellen oder kinästheeteschen Input net ganzheetlech oder eenzelheetlech verschaffen, reprësentéieren oder ofspäichere kënnen.
Als Fazit: Et kënnt virun allem op eng differenzéierend Methodik an Didaktik vum Laut- a Schrëftsproochléieren un, déi den anthropogene Viraussetzunge vun de Kanner unzepassen ass, déi wëssenschaftlech baséiert soll sinn an hir Effizienz beim Erléiere vun de verschiddene Sproochekombinatioune nogewise soll hunn. Et geet sécher net duer, wann d’Léierpersonal eng „Fibel“ mat Uleedung an de Grapp kritt oder an enger sougenannter Intensivformatioun gebrieft gëtt. Duerfir sinn déi Prozesser, op déi et ukënnt, ze vill komplex an d‘Viraussetzunge vun de Kanner ze ënnerschiddlech. D’Léierpersonal misst zumindest d’Chance kréien, fir sech intensiv mat de jeeweils passenden Sproochléier-Didaktiken auserneen ze setzen, déi et alle Kanner an de Lëtzebuerger Schoulen erméigleche sollen, eis offiziell Sproochen esou ze léieren, datt eng differenzéiert Gespréichsféierung an een zolidd Textverständnis fir Beruff a Fräizäit méiglech gëtt.