
D'Autoritéiten hunn zwar endlech zouginn an agesinn, datt d'Situatioun op der Gare — a mëttlerweil an der ganzer Stad — extrem eescht ass, mee um Terrain beweegt sech net vill.
D'Dealer handelen am helle Liicht, d’Drogenofhängeger konsuméieren op oppener Strooss, d’Sans-abris’e besetzen eis Hausentréeën a briechen an d’Residenzen an — vu Kierperflëssegkeeten a Konsummaterial, déi mir iwwerall an zu all Moment fannen, guer net ze schwätzen.
Eis Haiser an Autoe gi vandaliséiert oder opgebrach, eis Nuechte ginn duerch Gejäiz, Kläppereien an Iwwerfäll gestéiert, an d’Kriminalitéit klëmmt non-stop.
Jo, et gëtt Signaler vu Wëllen. Mee vereenzelt Verhaftungen an „Coup de poing“-Aktioune bréngen näischt. Am Géigendeel: d’Situatioun verschlechtert sech all Dag, wéi en Zännrad dat net méi ze stoppen ass.
Soulaang Dealer a Rou a stroffräi kënne verkafen, soulaang Abréch toleréiert ginn a Täter net effikass an Zäitno poursuivéiert ginn, soulaang zousätzlech nei Strukturen an de Quartier kommen déi nach méi Problemer unzéien, soulaang kann de Phenomen nëmme méi grouss ginn a gëtt sécherlech net geléist !
Fir d'Awunner, ënnert dëse Konditiounen op eng Form vu Normalitéit ze hoffen, ass reng Illusioun.
Mir hunn es einfach genuch, kee Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn. De Phenomeen breet sech mëttlerweil iwwer déi ganz Stad aus. Tëscht aggressiver Heescherei, organiséiert Pickpocket Banden an ëmmer mei heefeg Iwwerfäll an Delikter liewe „normal“ Bierger mëttlerweil an enger permanenter a geliefter Onsécherheet. Hei ka net mei vun Onsécherheetsgefill geschwat ginn.
All Kéier wann eng wierklech effikass Moossnam virgeschloe gëtt fir géint dës Netzwierker an dës Onzivilitéiten unzegoen, sprangen d’GutMenschen op a blockéieren all Versuch der Police déi néideg Mëttel ze ginn. An d’Institutiounen, déi solle poursuivéieren a bestrofe sinn ausgeblutt— Merci un déi, déi näischt gesinn hu kommen a virun allem näischt ëmgesat hunn.
Virun zwee Joer, aus Verzweiflung, hat ech dat berüchtegt Wuert „Biergermiliz“ an de Raum gestallt. Dat huet geschockt, jo, mee et huet och e puer Responsabel aus hirer Lethargie gerappt.
Ass d’Situatioun zënterhier besser ginn? Nee.
Gesi mir iergendwou eng Léisung? Nach ëmmer net.
An wärend een zéckt, relativéiert a vertréischt, geet d’Gare — an d’Stad mat hir — ëmmer méi an d’Knéien.
Eng Saach gëtt awer ëmmer méi kloer: Eng Gesellschaft kann esou eng Situatioun net onendlech toleréieren, ouni datt eppes brécht. Wann de Staat ze laang brauch, fir d’Uerdnung erëm hierzestellen, entsteet e Vakuum — an esou e Vakuum gëtt ëmmer gefëllt, op déi eng oder aner Manéier, ob et ons gefält oder net !