
Wéi kann et sinn, datt mir zu Lëtzebuerg ëmmer méi Liewensmëttel importéieren, während eis eege landwirtschaftlech Flächen ëmmer méi fir Energieprojeten genotzt ginn?
Mir schwätzen dauernd vun Nohaltegkeet a Klimaschutz – akzeptéieren awer, datt Uebst a Geméis iwwer laang Distanzen transportéiert ginn, wärend eis eege Felder net konsequent fir d’Ernärung genotzt ginn.
Dat ass kee Fortschrëtt, dat ass e kloere Widdersproch.
Dobäi läit d’Léisung op der Hand: Energie gehéiert op Daacher, net op Felder. Landwirtschaftlech Flächen sollten an éischter Linn der Liewensmëttelproduktioun déngen – net als Ersatzfläch fir Energiepolitik.
Wann mir wierklech méi onofhängeg wëlle ginn, da musse mir endlech kloer Prioritéite setzen: méi regional Liewensmëttel amplaz Importer an Energie do produzéieren, wou schonn Plaz do ass.
Alles anescht ass schwéier ze erklären.